E Samschdeg hu mir de Bezierk Oste virun de Gemengewalen den 11. Juni an der Emissioun Background am Gespréich um Radio op de Leescht geholl.

D'Mobilitéit wier allgemeng ëmmer nees e Sujet am ländleche Raum. Op der enger Säit wiere vill Uertschaften net wäit vun der Stad oder vun Esch, ma op der anerer Säit hätten et dacks eeler Leit oder Jonker ouni Führerschäi schwéier, fir sech fortzebeweegen.

De Laurent Fisch, Member vun déi Lénk a Kandidat, dee mat der Ekipp "Loscht op méi" zu Bech untrëtt, huet an deem Sënn e Ruffbus proposéiert. Et misst ee fortkomme vun der Iddi, dass jiddereen an d'Stad schaffe fiert. D'Mobilitéit misst vill méi dezentral geduecht ginn an och tëscht den Dierfer missten et besser Verbindunge ginn.
Hie sot: "Wat den Territoire vun dem Ruffbus méi grouss ass, wat een natierlech méi an deem Territoire senge Bierger kann ubidden. Fir vu Bech op Berbuerg  ze kommen, fir erof ze kommen vun der zentraler Iddi, datt jiddereen an d’Stad schaffe fiert. Dat ass net d’Realitéit. An dofir menge mer, datt e flott a wichteg wier, fir dee Ruffbus zesumme mat deenen aner Gemengen ze maachen, fir Territoire ze hunn, fir och méi präiswäert kënnen ze schaffen, well et ass e Käschtefacteur do dobäi."

Zu Munneref gëtt e scho fënnef Joer Erfarung mam Ruffbus. E war mam Gedanken agefouert ginn, datt déi eeler Leit e géifen huelen, fir sech bannent der Gemeng ze deplacéieren, esou den DP-Buergermeeschter Steve Reckel. Mä déi géifen am Zentrum wunnen an hir Kommissiounen zu Fouss maachen.  
D’Haaptclientèle wier awer vill méi déi jonk Generatioun, huet de Steve Reckel erkläert : "Eis Jugend benotzt dee Ruffbus, fir an d’Museksschoul ze goen, fir op de Sport ze goen a fir op aner Plazen ze goen. Ech mengen, do ass eng ganz grouss Hëllef gefrot haut an eiser Gesellschaft, datt de Jugendlechen oder d'Kand, deem seng Elteren net méi sou vill Zäit hunn oder net méi wëllen esouvill Zäit afferen, datt déi awer d'Méiglechkeet kréien, op hire Sport ze kommen an dofir ass a mengen Aen dat mat der Mobilitéit, mam Ruffbus, eng wonnerbar Saach, déi een awer ka mat engem Pedibus iwwer Vëlo an eben natierlech iwwert de Ruffbus kann ausbauen."

D'Gesondheetsversuergung bleift e kriddelege Sujet

Den Oste stoung e Samschdeg an eiser Emissioun Background am Gespréich am Fokus, wou d’Gesondheetsversuergung e kriddelege Sujet bleift.

Nodeems den IRM zu Gréiwemaacher zanter enger Zäit legal funktionéiert, huet de Gemengerot vu Jonglënster e Freide säin Accord ginn, fir der Fondatioun vun de Hôpitaux Robert Schuman en Terrain zur Verfügung ze stellen. Dorop soll, wann de Projet de loi, iwwert de virage ambulatoire an der Chamber gestëmmt ass an d'Spideeler weider Antenne kënnen opmaachen, eng änlech Imagerie médicale entstoen wéi zu Maacher. D'Gemengeconseillère Anne Schroeder huet awer bedauert, datt den Debat am Gemengerot sech vill ëm d'Parking-Situatioun gedréint huet: "Amplaz, datt mer gëscht en Débat driwwer haten, wat bréngt dat u Soins médicaux a wat brauche mer u Soins médicaux, ass de Gros vun den Debatten dorëms gaangen, wéi et am Fong mam Parking geet." Et sollt een de Projet vill méi grouss gesinn an d'Zone industrielle als Ganzt plangen.

Dobäi plangt och d'Gemeng Munneref schonn zanter Jore mam Escher Spidol Chem un enger Antenne mat enger Imagerie médicale. Mä d'Änwërt vum Santésministère wier virun e puer Joer nach gewiescht, datt et genuch IRMen am Land géif ginn : "An ech sinn am Fong e bëssen enttäuscht, net rosen, datt do aner Leit sech dofir interesséieren, mä enttäuscht, datt dat net alles méi séier gaangen ass, well mir da scho laang eng Imagerie zu Munneref hätten, mat aneren Dokteren ronderëm mat Spezialisten. Et geet haut net fir mech duer, just en IRM anzwousch hinzestellen, mä do muss e ganzen Zerwiss ronderëm ugebueden ginn, do musse Suivien an Coursë proposéiert ginn an do ginn et net vill Méiglechkeeten, do ass Munneref awer doudsécher eng vun deene gréisste Méiglechkeeten, déi mer hei am Land hunn."

D'Stéphanie Weydert huet zwar de Maacher Projet vun hirem Partei-Koleeg Léon Gloden verdeedegt. Mä huet dem Steve Reckel awer Recht ginn, datt een d’Centres médicauxen misst developpéieren, notamment well et am Osten nach ëmmer keng Maison médicale gëtt a keng ideal Plaz dofir: "Wann eng Urgence ass, deemno wou een am Oste wunnt, brauch een awer nach zimmlech laang, fir bis an d’Stad oder bis op Ettelbréck, well dat sinn déi Plazen, wou d’Maisons médicales sinn, mä et gëtt natierlech net déi ideal Plaz am Osten, fir eng Maison médicale ze schafen. Well wie vu Munneref misst op Iechternach en eng Maison médicale kommen, seet: 'ech si méi séier zu Esch oder an der Stad' an ëmgedréint d’selwecht. Dat heescht e richteg zentrale Punkt fënnt een net."

Jonglënster gëtt mat Ofstand gréisste Gemeng am Osten

Wat d'Logementspolitik ugeet, esou huet de Projet "Op der Schanz" an der Gemeng Bech fir Diskussioune gesuergt. Et sollten 10 Sozialwunnengen entstoen, um Enn sollen der awer just 4 gebaut ginn. D’Awunner aus dem Duerf hate sech géint de Projet ausgeschwat. Et wieren awer éischter bau-technesch Froen, déi d’Awunner géinge kritiséieren a manner, dass op déi Plaz 10 nei Famillje sollte wunne kommen.

De Laurent Fisch, Member vun déi Lénk a Kandidat zu Bech, huet sech dofir ausgeschwat, zesumme mat de Leit no Léisungen ze sichen. Da kéinten esou Wunnprojete besser ugeholl ginn a wieren an der Gemeng och méi integréiert. Hien huet och drop higewisen, datt d'Logementskris antëscht all Gesellschaftsschichte betrëfft, net eng eenzel: "Haut sinn et eis Kanner, déi zu deene Leit gehéieren, déi bezuelbare Wunnraum brauchen. Déi komme vun der Uni zréck, se sinn net alleguer an der Kategorie vun de Leit, Déi brauchen, vun de Bittsteller. Dat ass eppes, wat déi ganz Wunnengskris sou perfid an esou schrecklech mécht. Mir sinn alleguer betraff a mir mierken et eréischt lues a lues, zemools am ländleche Raum."

Zu Jonglënster soll d'Populatioun an den nächste Joren däitlech wuessen. Mat engem Plus vun iwwer 1.000 Awunner wiisst déi gréisste Gemeng am Oste staark. Dat géing och mat sech bréngen, dass d'Administratioun sech entspriechend misst opstellen.

Munneref plangt als Gemeng, an den nächsten 10 Joer ronn 100 Logementer ze bauen an an hire Parc immobilier ze halen, fir se zu abordable Loyeren ze verlounen. Eng kleng Gemeng kéint dat just schwéier stemmen, esou d'Stéphanie Weydert, Buergermeeschtesch vun der Gemeng Rouspert-Mompech. "Mir hun net déi finanziell Moyen, eis administrativ sou opzestellen, datt mer wierklech e Conseiller en logement oder Architekte kéinten astellen, fir déi ganz Prozesser ze begleeden. Quitt, datt een am Kader vum Pacte logement elo dann och an deene gréisseren Deelbebauungspläng staatlech oder Gemengewunnengen sollen drakommen. Mä do ass eben och déi finanziell Virleeschtung, an déi ee muss goen, wat net ëmmer evident ass, fir eng kleng Gemeng."

De Munnerefer DP-Buergermeeschter Steve Reckel huet hir do awer widdersprach. Zu Munneref géif sech haaptsächlech de Chefferot em d’Demarchen an d’Begleedung këmmeren, dat géing och a klénge Gemenge goen.

Fusiounsgemengen hunn et net ëmmer einfach

"Mir hunn an de leschte Joren immens vill dru gesat, fir dass eis zwou Gemengen zesummewuessen", sot d'Stéphanie Weydert, CSV-Buergermeeschtesch vun der Gemeng Rouspert-Mompech, wou eng éischte Kéier no der Fusioun eng nei Gemengespëtzt gewielt gëtt.
Et soll ëm d'Gemeng an ëm d'Bierger goen an net ëm d'Partei, esou nach d’Stéphanie Weydert. D'Buergermeeschtesch huet sech dofir ausgeschwat, datt weider an engem Majorzsystem misst kënne gewielt ginn, well kleng Fusiounsgemengen am Proporz-System Schwieregkeeten hätten. Dowéinst huet si dofir plädéiert, dass d'Awunnerzuel vun 3.000 Bierger, bei där eng Gemeng an de Proporz-System rëtscht, misst erop gesat ginn.

Bech Champion bei der Aschreiwung vun den Nët-Lëtzebuerger

De Laurent Fisch, Member vun déi Lénk a Kandidat, dee mat der Ekipp "Loscht op méi" zu Bech untrëtt, huet erkläert, wéi et an senger Gemeng gelongen ass, den héchsten Taux un auslännesche Wieler ze erreechen.
An der Gemeng Rouspert-Mompech hu sech manner Net-Lëtzebuerger ugemellt, fir wielen ze goen. Doriwwer eraus trëtt och kee Kandidat oder keng Kandidatin un, déi net déi Lëtzebuerger Nationalitéit huet. Et hätt ee keng Persoun fonnt, déi bereet gewiescht wier, sech z'engagéieren, dacks wier d'Sproochebarrière e Problem, huet d'Buergermeeschtesch Stéphanie Weydert gemengt.

Zu Munneref gouf et eng Porte ouverte fir d'Leit ouni Lëtzebuerger Nationalitéit iwwer d'Walen ze informéieren. Den DP-Buergermeeschter Steve Reckel huet sech net zefridden domadder gewisen, datt sech nëmme wéineg Leit interesséiert hunn.
Am Allgemenge missten och jonk Leit méi sensibiliséiert ginn, well och ënnert de Lëtzebuerger, déi musse wiele goen, wiere vill Leit net interesséiert, huet de Steve Reckel ugedeit. Iwwer d'Wichtegkeet vun der Biergerbedeelegung ware sech déi véier Invitéen e Samschdeg am Background eens. Dat wier och wichteg, fir d'Theme vun der Mobilitéit oder dem Logement besser kënnen unzegoen.

Background am Gespréich: Kandidaten aus den Ostgemengen

De Resumé vum Background am Video

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.