E Samschdeg war de Vizepresident vum Wirtschafts- a Sozialrot Jean-Jacques Rommes eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Background am Gespréich mam Jean-Jacques Rommes

D'Aarbecht huet sech déi lescht Joren a Joerzéngte fundamental geännert. D'Pandemie huet dat nach verstäerkt. D'Hierarchien an de Betriber funktionéieren net méi wéi fréier. Déi si méi platt ginn. E Betrib brauch kompetent ausgebilte Leit, déi hire Sujet besser beherrsche wéi hiren eegene Chef. Dat sot de Jean-Jacques Rommes, Vizepresident vum Wirtschafts- a Sozialrot a laangjäregen ABBL-Direkter an Administrateur délégué vun der UEL e Samschdeg am Background.

Jonk Leit wéilten hautzedags och manner schaffen, d'Aarbecht géif net méi iwwer alles gestallt ginn. D'Aarbechtszäit steet net méi sou am Mëttelpunkt, mä d'Resultat. Et schafft een dacks un engem Projet. De Patron misst deem Rechnung droen. Déi Jonk kéinte sech hir Haltung och leeschten, well iwwerall Leit "händeringend" gesicht ginn.

Eng allgemeng Aarbechtszäitverkierzung vu 40 op 32 Stonne wier laangfristeg, dem Jean-Jacques Rommes no, net onbedéngt d'Léisung. Et hätt een eng manner héich Produktioun, wa manner geschafft gëtt. Als Gesellschaft géing allgemeng scho manner geschafft ginn, well méi laang studéiert gëtt an d'Leit éischter an d'Pensioun ginn. Alles kéint een net hunn.

D'Aarbechtsrecht géif och der aktueller Realitéit um Terrain net gerecht ginn. Dat misst iwwerschafft ginn.

Wat fir deen ee Betrib funktionéiert, wär net an engem anere méiglech. Den "eenheetlechen Modell" géif net funktionéieren. Dat misst de Gesetzgeber verstoen. An de Betriber – zesumme mat de Leit – missten Aarbechtszäitmodeller ëmgesat ginn, mat jidderengem eenzel souguer, sou eisen Invité.

1 bis 2 Deeg an der Woch Teletravail hätten eng Zukunft, fënnt de Jean-Jacques Rommes. Dat misst awer och mat den Nopeschlänner esou negociéiert ginn, datt och d'Frontaliere méi dovunner kënne profitéieren. Eise Wirtschaftsmodell ass op d'Aarbechtskraaft aus den Nopeschlänner opgebaut. Et wier dowéinst net richteg, d'Frontalieren ze benodeelegen. 60% vun den Aarbechtsplazen hei am Land kënnen aus dem Homeoffice funktionéieren.

Mam Teletravail wär awer och nees souzesoen den "Aarbechter" zréckkomm, deen net ka vun doheem aus schaffen. Wat déi Leit ugeet, esou sollt am Betrib doriwwer geschwat ginn, wéi ee sech am beschten uleet.

Mä egal ob een op der Plaz ass oder vun doheem schafft, all Salarié huet d'Recht op d'Deconnexioun, betount de Jean-Jacques Rommes. Dat wier och elo schonn am Aarbechtsrecht verankert. De Patron däerf dech zum Beispill net no der Aarbechtszäit uruffen. Dat wär awer dacks dem Salarié an dem Patron net esou bewosst. Dat soll elo explizitt gesetzlech festgehale ginn.

Am Interview waren och:

RTL

D'Aarbechtspsychologin Maryse Hansen

Den Direkter vun der Chambre des Salariés Sylvain Hoffmann

De Bob Gengler, Premier Conseiller am Ministère vun der Fonction publique, fir de Staat als gréisste Patron am Land

De Laurent Derkum, Direkter vun de Ressources Humaines a vun der Kommunikatioun bei der Bank Raiffeisen, engem private Patron, deen d'nächst Joer en neien Aarbechtszäitmodell aféiert.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.