18. Februar: Robert Weber

Den CSV-Deputéierte Robert Weber ass dës Woch eisen Invité am Background am Gespréich.
E war déi zwee lescht Méint fort, nodeems en am Joer 2011 net aus der Aktualitéit erauskomm ass. Fir d’éischt ass säin LCGB 90 Joer al ginn an et ass gefeiert ginn. Duerno koum et du schankenhaart: finanziell Problemer an der Gewerkschaft an eng ferme kritiséiert Gestioun an der Beschäftegungsinitiativ ProActif.De Robert Weber – deen a sengem ëffentlechen Liewen 3 verschidde Kapen op hat – deen huet zanter dem Oktober 2011 nach just eng op, déi vum CSV-Deputéierten.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.