An der Emissioun "Background am Gespréich" dëse Samschdeg hu mir d'Situatioun vu Leit ouni Doheem e bësse méi am Detail beliicht.
Matten am Wanter, mat Energiepräisser déi klammen an der allgemenger Präisdeierecht, ginn et ëmmer méi Leit, déi Schwieregkeeten hunn um Enn vum Mount d'Enner beieneen ze kréien. Doduerch riskéieren natierlech och méi Leit an d'Prekaritéit ze rëtschen oder esouguer hiren Daach iwwert dem Kapp ze verléieren. Kuerz gesot: D'Zuele vu Leit an Nout ginn iwwerall an d'Luucht. Dat hunn eis Invitéeën am Background e Samschdeg de Mëtteg betount. D'Directrice vun der Stëmm vun der Strooss, Alexandra Oxacelay huet erkläert, datt all Dag nei Gesiichter bei si kéimen. Nei wieren déi sougenannten working-poor. Leit déi scho Mëtt vum Mount d'Enner net méi beienee kréien.
Zejoert wieren awer och 170 Mineuren bei der Stëmm vun der Strooss gewiescht. D'Directrice versteet net wou déi Leit hierkéimen. Dem Direkter vum CNDS, Raoul Schaaf no géif duerch d'Energiekris bestëmmt nach eng aner Populatioun dobäi kommen.
Fir d'Leit ouni Dag iwwert dem Kapp géif et de Moment hei am Land nach net genuch Offere ginn, huet d'Directrice vun der Croix-Rouge Nadine Conrardy ënnerstrach. E grousse Problem wier nach ëmmer d'Logementspräisser. E wichtege Punkt wieren dofir och d'Gemengen, déi gewëllt misste sinn d'Leit opzefänken.
De Projet vum "Housing first" vun der CNDS géif immens gutt funktionéieren, huet de Raoul Schaaf betount. Doduerch datt d'Leit déi op der Strooss waren, sécher an enger Wunneng sinn an esou laang wéi se wëlle kënnen do bleiwen, géif extrem vill Stress fir déi Concernéiert ewechfalen.
Sozial Logementer vu Privatleit, ëm déi sech zum Beispill d'Croix-Rouge këmmert, géifen och nach feelen. 200 Leit hätten der Nadine Conrardy no zejoert esou logéiert konnte ginn. D'Croix-Rouge wier natierlech frou, wann nach Leit hir Wunnenge géifen zur Verfügung stellen.
Et misst allgemeng op villen Niveauen ugesat ginn an d'Leit dierften net eleng gelooss ginn.
D'Stëmm vun der Strooss hätt zejoert 123.000 Moolzechten ausgedeelt. Dat wier e Plus vun 27%. An och an der Wanteraktioun wieren d'Chiffere geklommen. De Pic vum leschten Joer wier elo schonn erreecht, huet d'Nadine Conrardy präziséiert.
Nieft dem Logement wier och den Aarbechtsmarché e wichtege Pilier fir de Leit ze hëllefen. D'Offer wier der Directrice vun der Stëmm Strooss no net grouss genuch an et misst een och bedenken, datt et Leit ginn, déi ni méi wäerte kënne schaffen. Déi missten awer Rechter wéi de Revis hunn an d'misst ee sech ëm se këmmeren, huet d'Alexandra Oxacelay betount. Leit hätten duerch Aarbecht eng Stabilitéit a géife sech och erëm valoriséiert an der Gesellschaft a gebraucht spieren.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.