E Samschdeg war d'Inneministesch Taina Bofferding eis Invitée an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Wichteg, mat enger staarker Ekipp an d'Walen ze goen
Meng Aarbecht mécht mir vill Freed an ech si motivéiert, fir dat och weider ze maachen, sot d'Inneministesch Taina Bofferding an der Emissioun Background en Vue vun de Chamberwalen dëst Joer.
Déi warscheinlech Spëtzekandidatin vun der LSAP Paulette Lenert bräicht eng staark Ekipp ronderëm sech an do wéilt si gären dozou gehéieren. Obschonn d'Taina Bofferding scho vill méi laang an der Partei aktiv ass, stéiert si sech dann och net dorun, dass eng Quereinsteigerin Paulette Lenert hir elo quasi virun d'Nues gesat ginn ass. An hiren Aen wier et wichteg, motivéiert Leit ze fannen, fir eng staark Ekipp ze hunn, déi an d'Wale geet.
D'LSAP-Ministere wiere wuel net ëmmer där selwechter Meenung, ma allgemeng géif ee sech gutt verstoen a virun allem gutt matenee schaffen.
D'Sozialiste wieren nach ëmmer eng Partei gewiescht, déi vill an deels och ëffentlech diskutéiert huet, esou d'Taina Bofferding. Esou och uganks vum Joers,ënnert anerem mat engem Bréif vun den LSAP-Membere Maxime Miltgen, Ben Streff a Max Leners iwwert de Gesetzesprojet iwwert de Bail à loyer oder engem Artikel vum Dan Kersch zur Steierpolitik vun der DP. Kee vun dësen Artikelen hat d'Inneministesch virdru gesinn.
Ajustementer bei Steiere kéinten nach virun de Wale kommen
Wichteg wier virop, dass ee sech um Enn zesummen un den Dësch setzt, fir Solutiounen ze fannen. Esou och an der Fro vun de Steieren. Den entspriechenden Aarbechtsgrupp an der Regierung géif och weider schaffen, esou dass hoffentlech - wann nach Sputt ass - nach virun de Walen eventuell Ajustementer kéinte gemaach ginn.
Taina Bofferding als Spëtzekandidatin am Süden: Et ass net onméiglech
Si wier dann och motivéiert, fir als Spëtzekandidatin am Süden fir hir Partei an d'Walen ze goen. Ma dat géif jo net an hirer Hand leien. Si wier immens gäre Ministesch a frou mat hiren zwee Ressorten, also dem Inneministère an dem Gläichstellungsministère, a si wier och nach net fäerdeg mat hire Projeten, esou dass si gäre géif weidermaachen.
Et géif ee sech d'Sozialdemokratie net nëmmen op de Fändel schreiwen, ma et géif een dat och liewen. Am Bezierk Süde ginn et eng ganz Rei staark LSAP-Kandidaten, ma wien do um Enn als Spëtzte mat an d'Wale geet, dat kéint si net soen, esou d'Taina Bofferding. Dat géif ganz basisdemokratesch decidéiert ginn. Allerdéngs huet si sech fir eng paritéitesch Duebelspëtzt ausgeschwat.
Eng Limitt vu Joren als Minister ass "sënnvoll"
An der Politik sollten ënnerschiddlech Generatioune vertruede sinn, fënnt déi aktuell Ministesch, déi eng Limitt u Joren op engem Ministerposte fir sënnvoll hält,esou dass si sech och net kéint virstellen, méi wéi 10 Joer op hirem Stull pechen ze bleiwen. D'Taina Bofferding kéint sech och virstellen, iergendwann eppes ganz anescht ze maachen.
Méi erfuere Politiker hätten hir vill gehollef a si géif och probéieren, eng Zort Mentor fir méi jonk Memberen ze sinn.
Inneministesch géint Duebelmandater, mä "net eleng hir Decisioun"
Am Dossier vun den Duebelmandater misst déi nächst Regierung endlech legiferéieren, sot d'Inneministesch weider. D'LSAP-Politikerin ass och géint eng zweet Chamber nom Modell vun enger "chambre des communes", wéi de Syvicol se sech virstellt.
Majorzsystem manner transparent
D'Taina Bofferding kéint sech virstellen, datt de Majorzsystem een Dag ganz géif verschwannen, wéi et an der Belsch an a Frankräich de Fall war. Fir d'Inneministesch ass de Proporzsystem net just méi transparent, mä huet och de Virdeel vun der Biergerlëscht.
Lëtzebuerg koum relativ gutt duerch d'Covid-Pandemie
Mir hätten zu Lëtzebuerg vill sozial Netzer a Mesurë fir Leit a méi prekäre Situatiounen ze hëllefen, ma et géif ëmmer erëm nei Erausfuerderungen a Problemer an do misst ee sech ëmmer erëm upassen, nei Iddie bréngen a vläicht och aktuell Mesuren iwwerdenken. Am Verglach zu aneren europäesche Länner, wier Lëtzebuerg relativ gutt duerch d'Pandemie komm. D'Regierung hätt sech do staark engagéiert an de Leit méiglechst vill gehollef. Ma de Krich an der Ukrain géif nach ëmmer fir vill Onsécherheet suergen. An derbäi kéim dann och nach déi aktuell Logementskris.
Impakt vu Covid-, Ukrain- a Logementskris gesäit een och bei de Gemengen
Den Impakt vun all dëse Probleemer hätt een an de leschte Joren och an de Gemenge gesinn, déi sech ënnert anerem Suergen ëm hir Finanze gemaach hunn. Dofir hätt si de Finanzdepartement am Inneministère nach weider opgestockt, fir d'Gemengen aktiv kënnen ze beroden. Si hätt aus deem Ministère mat verstëbstem Image e fiabele Partner un der Säit vun de Gemenge wëlle maachen.
D'Gemenge kéinten a sollten och an Zukunft nach méi eng aktiv Roll an der Kreatioun vun abordabelem Logement spillen, esou de Wonsch vun der Ministesch. D'Gemengen hätten d'Moyenen a wieren och gehalen, dës ze notzen. Et hätt si schonn ëmmer rose gemaach, dass Excusë fonnt gi wieren, fir effektiv abordabele Logement ze schafen, esoubal et ëm konkret Mesurë gaange wier. Deemno ass si zefridden, dass et haut méi Obligatioune ginn.
D'Inneministesch huet jo via de Pacte Logement d'Obligatioun aschreiwe gelooss, datt fir nei PAPe muss en Taux u bezuelbarem Wunnraum geschaf ginn. Donieft huet d'Taina Bofferding och de Baulandvertrag fir géint d'Terrainsspekulatioun virzegoen, grad ewéi de "Remembrement ministériel" am Grapp fir de Logements-Dossier virun ze bréngen.
Fraen op Wallëschten ze setzen, fir dës ze fëllen, geet net duer
De Congé politique misst e gutt Stéck eropgesat ginn. Lokal Politiker missten einfach méi Zäit fir hir Aufgaben an der Gemeng kréien.
Datt all 4. Gewielt hei am Land eng Fra ass, geet der Ministesch fir Gläichstellung net duer. Et géif net duergoen nëmme 50 Prozent vun de Kompetenze vun der Populatioun fir d'Gestalte vun de Gemengen an dem Land ze notzen. Et bräicht ee vill ënnerschiddlech Leit, fir d'Gemengen ze gestalten.
Et géif dann och net duergoen, eng Fra op eng Lëscht ze setzen, fir dës opzefëllen. Si misst och presentéiert an hir Kompetenzen ervirgehuewe ginn. Et géif vill Fraen, déi vill drop hätten, an déi bräicht een och an der Politik, esou d'Ministesch.
Reform vu Grondsteier soll fir Gerechtegkeet tëscht de Proprietäre suergen
Mat hirer Reform vun der Grondsteier, wéilt si ënnert anerem fir méi Gerechtegkeet tëscht de Proprietäre suergen. Et géif een aktuell nach mat Valeure vun 1941 schaffen. De haitege System géif deels och zu absurde Situatioune féieren. Dës Inkoherenze wéilt si ofschafen an de System esou opbauen, dass dëse mat der Zäit geet.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.