Käschten an Zäitdrock - zwee Facteuren, déi zu Aarbechtsaccidenter hei am Land bäidroen. Dat hunn d'Invitéen am Background am Gespréich festgestallt.

Thema war d'Sécherheet an d’Gesondheet op der Aarbecht mam ITM-Direkter Marco Boly, mam Jean-Luc de Matteis vum OGBL a mam Tom Scharfe vun der Associatioun vun de Sécherheetskoordinateuren.

Background am Gespréich iwwert d'Sécherheet op der Aarbecht

Zu Lëtzebuerg geschéien am Schnëtt 27.000 Accidenter d'Joer, dovun 20 déidlecher, déi meeschten dovunner op Chantieren. Bei der Formatioun an der Sensibilisatioun, awer och beim Material, géing nach ëmmer ze dacks gespuert ginn. De Jean-Luc de Matteis, Zentralsekretär vum Bausyndikat beim OGBL:

"Dat ass ee vun de grousse Problemer, et muss een ewechkommen, dass ee seet, dass d'Sécherheet an d'Santé vun de Salariéen e Käschtepunkt ass. Et soll een einfach soen, et ass en Investissement an d'Santé an d'Salariéen, well dat ass wichteg. Wa mer dovunner mol ewechkommen, dass en Employeur seet "et kascht, et kascht eng Stee ze maachen, et kascht eng Mise en sécurité vun engem Chantier ze maachen", wa mer net dovun ewechkommen, da brénge mer et och net fäerdeg, dass mer do dat substanziell erofbréngen."

An eenzele Secteuren hätt een an de leschte Joren awer eng Ännerung vun der Astellung gesinn, sou den Direkter vun der Gewerbeinspektioun Marco Boly:

"D'Industrie war ee vun deene gréisste Verfechter, fir ze soen Aarbechtssécherheet a Gesondheet lount sech net doranner ze investéieren. Déi hunn haut eng komplett Changement de cap gemaach. Haut zitt d'Industrie, déi am meeschten dogéint war, déi seet haut een Euro investéiert an Aarbechtssécherheet do schwätzen net méi vu Return on capital invest, mee vu Return on safety invest, ass 2 Euro, 2,2 bis 2,4 Euro. Dat heescht wann d'Schwéierindustrie agesäit, dass se mussen an Aarbechtssécherheet investéieren, déi ëmmer dogéint waren, an haut genau de Géigendeel priedegen, dann ass d'autant plus vrai fir déi kleng Betriber. Well wann der zu véier sidd an et ass een am Congé an et ass een am Congé de maladie wéinst engem Aarbechtsaccident, dann hutt der 50 Prozent vun Ärer Force de frappe verluer."

D'Invitéeën hu festgestallt, datt grad bei klenge Betriber d'Bewosstsinn fir d'Sécherheet dacks net do ass - den Tom Scharfe vun der Associatioun vun de Sécherheetskoordinateuren:

"Et sinn haaptsächlech och kleng Betriber, déi sech guer net bewosst sinn, wéi ee Risiko si hire Leit do aussetzen um Chantier, deen net preparéiert ass, deen net koordinéiert ass, wéi den Här Boly seet, dat ass effektiv de Fall. Wann ee grouss Entreprisen huet, déi hunn effektiv scho sou eng Kultur, eng Sécherheetskultur einfach an hiren hirer DNA mat dran. E ganz banale Chantier op enger Strooss bräicht een entre guillemets jo am Fong keen Helm, et fält näischt vum Himmel. Mä dat gesäit een awer reegelméisseg, déi grouss Entreprisen déi hunn d'office einfach en Helm. Et ass e Chantier, mir hunn en Helm, Punkt. An do gesäit een de ganz krassen Ënnerscheed op eise Visitten, déi mer op de Chantiere maachen."

Dobäi kéim en héijen Zäitdrock an deem Secteur – dee géing aktuell och nach an d’Luucht goen, sou de Jean-Luc de Matteis.

Et geschitt eréischt eppes, wann et ze spéit ass

Dem Marco Boly no géingen d’Betriber dacks eréischt eppes maachen, wa se vun der ITM kontrolléiert ginn. Och den Tom Scharfe seet, d'Sécherheetskoordinateure géingen ze spéit an ze seelen agebonne ginn:

"Dee Volet vun der Sécherheetskoordinatioun, entweeder kennen d'Leit en net an da si mir an der Phas Etüd guer net derbäi. Dat heescht do, wou de Projet developpéiert gëtt, do wou sollen d'Aspekter vun der Sécherheet, wéi herno de Chantier gebaut gëtt, mee awer och herno, wéi de Chantier oder d'Gebai herno soll exploitéiert ginn, dass mer do guer net mat an d'Boot erakommen. Obwuel dat sou virgeschriwwen ass. Dann herno um um Chantier, déi Frequenz, déi mer fir d'Visitten zur Verfügung hunn, déi hänkt natierlech ëmmer dovunner of, wat mir als Budget vum Client hunn."

Hei kéint de gesetzlecher Kader nach verschäerft ginn.

D'Corona-Pandemie hätt iwwerdeems gewisen, datt Sécherheetsmesuren och ganz séier kéinten ëmgesat ginn, sou de Jean-Luc de Matteis vum OGBL:

"De Bau war fënnef Wochen zou a wou en erëm opgemaach huet, do sinn d'Baubetriber, well et Obligatioune goufen, do si ganz staark Elementer op de Chantier komm. D'Leit hu misste vill méi Camionnetten zur Verfügung gestallt kréien, well d'Leit net dierften zesummen an enger Camionnette sëtzen, do hu vill méi misste par rapport zu de Bungalowen op de Chantieren, well Leit net konnten zesumme sëtzen. Do waren et eben Obligatiounen, a si si ganz schnell och de Moment respektéiert ginn, well se soss net dierft schaffen. An dat huet e bëssen dat bestätegt wat mer erëm soen, wa mer déi Obligatioune méi kloer hätten, da géif déi ganz Santé-sécurité Geschicht méi schnell viru goen."

Wann déi aktuell Reglementer géingen agehale ginn, kéinten och scho ganz vill Accidenter gespuert ginn, sot den Direkter vun der Gewerbeinspektioun Marco Boly:

"Kuckt emol eng Kéier d'Statistik vun der Assurance accident, do gëtt et eng Statistik iwwer d'Équipements de protection individuel, dat tëscht Helm, Händschen, Schong an sou weider. Wann Der do kuckt, wéi vill Leit mam Réck geplot sinn, wéi vill Leit Fanger verléieren, wéi vill Leit Zéiwe verléieren, wéi vill Leit Oueren, Aen an elo de Kapp gestouss kréien, ma rechent déi eng Kéier alleguerten zesummen dat si 40 Prozent. Mir hunn e Réglement grand ducal dofir, wat heescht dat? Wann de Patron géif all équipement de protection individuel zur Verfügung stellen an op där anerer Säit all Salarié d'équipements de protection individuel och sou benotze wéi en se misst benotzen, kéinte mer sans problème 40 Prozent vun den Aarbechtsaccidenter aspueren."

Am Verglach mat den aneren europäesche Länner ginn et zu Lëtzebuerg vill Aarbechtsaccidenter. Sou oder sou géingen et der einfach ze vill ginn, esou de Constat am Background, an et missten Efforte gemaach ginn, fir d’Accidenter ze reduzéieren.

Psychosozial Risike mat Zäiten erkennen

D'Problematik bei der Gesondheet a Sécherheet op der Aarbecht géing sech iwwert déi nächst Joren nach änneren, esou wärt d’mental Gesondheet an Zukunft nach méi eng grouss Roll spillen. Dat besonnesch wann ee kuckt, wéi eng Secteuren aktuell wuessen, sot de Marco Boly.

"Dat sinn éischter Secteuren, déi elo um Niveau vu Finanzberäicher, Assurancë wuessen, an do ass ee predominante Phenomen de sougenannte Burnout. De Burnout, dee gehéiert och zu de Risques psycho-sociaux. An déi sinn zu Lëtzebuerg u sech guer keng Thematik a mir wäerten awer feststellen, dass an deenen nächste puer Jore wäerte mer vun de Risques psycho-sociauxen iwwerrannt ginn. A mer mussen dat als solchen och erkennen a mer mussen och d'Nomenclature vun de Maladie professionellen onbedéngt adaptéieren, fir dass ee géint déi Phenomener haut elo kann entgéint wierken, well wa mer engersäits vun enger Penurie vu Mataarbechter schwätzen, egal wéi ee Qualifikatiounsniveau se hunn, hu mer alleguer Interêt éischtens mol dass se gesond bleiwen, a virun allem dass se gesond bleiwen, dass se kënne schaffen."

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.