E Samschdeg war den EU-Kommissär vun der LSAP eisen Invité am "Background am Gespréich.
D'Ukrain muss dee Krich wannen a Kiew muss dofir séier mat adequate Waffe beliwwert ginn. Wa Russland sech géing duerchsetzen, dann hätt dat katastrophal Konsequenzen. Dat sot den EU-Kommissär fir Aarbecht a Soziales Nicolas Schmit am Background.
An der EU hätt een eng Zäit laang an der Illusioun gelieft, datt nom kale Krich e laange Fridde kéim. Et hätt een d'Aen zougemaach, ma et hätt sech laang ugedeit, datt de russesche President Wladimir Putin mat Gewalt net zéckt. Hie versteet just d'Sprooch vun der "Stäerkt", wéi den Nicolas Schmit et sot.
Als Unioun misst ee sech ferm Gedanke maachen iwwer d‘Defense vun Europa. D'EU-Kommissioun hätt konkret Pläng fir eng Waffenindustrie op europäeschem Buedem. Och dat aus haiteger Siicht e Feeler aus der Vergaangenheet, esou den EU-Kommissär: et hätt ee sech a Saachen Verdeedegung ze ofhängeg vun den USA gemaach. Militäresch opzerëschten wär net säi Wonsch, mä elo eng Nout.
Wéi séier kënnt d'Ukrain an d'EU?
Dass d'Ukrain wärend dem Krich Member vun der Unioun gëtt, wier net realistesch, sou den Nicolas Schmit. Allerdéngs wéilt d'EU d'Ambitioune vun der Ukrain fir Reformen duerchzeféieren ënnerstëtzen. Nieft dem militäresche Support wär den Neesopbau zweet Prioritéit. Eng Memberschaft vun der Ukrain wär fir d'Unioun en enorme Gewënn. Et wär e Land mat ville gebilte Leit, vun deenen d'EU just profitéiere kéint, esou den Nicolas Schmit.
D'sozial Konsequenze vum Krich an der Ukrain sinn enorm.
Eng vu senge Missiounen als Kommissär fir Aarbecht a Soziales wier et fir ze kucken, wéi Leit aus der Ukrain an den europäeschen Aarbechtsmaart kéinten integréiert ginn. Dat wär am Prinzip aktuell ouni Weideres méiglech. Iwwer 40 Prozent vun den ukrainesche Bierger, déi d'Land verlooss hunn an an d'Unioun komm sinn – an der Haaptsaach Fraen-, wären um EU-Aarbechtsmarché.
Aarbechtszäitverkierzung zu Lëtzebuerg?
Hei am Land dierft d'Aarbechtszäitverkierzung zum Thema an der Campagne fir d'Chamberwale ginn.
De fréieren LSAP-Aarbechtsminister geet mat de Fuerderunge bësse manner wäit, wéi aner Memberen aus senger Partei, der LSAP. Den aktuellen Aarbechtsminister Georges Engel hat jo eng 36-Stonne-Woch an d‘Spill bruecht. Den Ament leeft eng Etüd zu deem Sujet.
Am Moment wier d'Situatioun speziell an et misst op zwou Situatioune reagéiert ginn, seet den EU-Kommissär. Éischtens léichen d'Erwaardunge vun den Employeuren an zemools de jonke schaffende Leit dacks wäit auseneen.
Zweetens géif et europawäit e grousse Manque u main d'oeuvre ginn.
Dofir sollten Aarbechtszäit-Reduzéierungen - an den Aen vum Nicolas Schmit - elo mol iwwer Sozialpartner a Kollektivverträg gereegelt ginn.
Iwwerhaapt misst d‘Kollektivvertragswiesen gestäerkt ginn. D‘EU-Kommissioun proposéiert den Memberstaaten an deem Kontext eng Ofdeckung vun 80 Prozent vun den Aarbechtsplazen. Dem STATEC no sinn et zu Lëtzebuerg mat der fonction publique ronn 59 Prozent.
Politesch Zukunft vum Nicolas Schmit
Zu der Karriär vum 69 Joer alen Nicolas Schmit: hie wëll säi Mandat als Kommissär fäerdeg maachen a wollt an der Emissioun awer net verroden, ob hien 2024 nach emol an d'Europawale matgeet. Déi Fro géing sech elo nach net stellen.
Mat sengem Réckzoch als Minister hätt hie fir e Renouveau gesuergt.
Fir a Verwaltungsréit sëtzen ze goen, dat wier net säi Stil.
D'Lëtzebuerger Regierung géing hie weider net kommentéieren, sou den Nicolas Schmit. Anescht war dat beim CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden. Et hätt hie schonn iwwerrascht, dass de fréiere Minister elo net hätt kënne präziséieren, fir wat hie konkret steet. CSV-Memberen behaapte jo de Luc Frieden hätt changéiert. Da misst hien och Faarf bekennen, fënnt den LSAP-Politiker Nicolas Schmit.
D'Dräier-Koalitioun hätt komplizéiert Krise gutt gemanaged, ënner anerem d'Ministesch Paulette Lenert hätt dat gemaach.
Als LSAP-Member géing hien hoffen, datt d'LSAP no den nächste Walen eng nächst Regierung kéint féieren.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.