Invitéen am Studio waren d'Marielle Pierre vun der Croix-Rouge an den Tom Brassel vun der Caritas.
D'Leit, déi wéinst dem Ukrain-Krich aus hirem Land op Lëtzebuerg komm sinn, hunn d'Caritas an d'Croix-Rouge viru grouss Erausfuerderunge gestallt. A kierzter Zäit huet den Office national de l'acceuil, ONA, zesumme mat der Caritas an der Croix-Rouge eng ganz Rei Foyeren opgemaach, fir d'Flüchtlingen aus der Ukrain opzehuelen.
D'Marielle Pierre vun der Croix-Rouge an den Tom Brassel vun der Caritas waren Invitéeën am Background e Samschdeg de Mëtteg.
Bannent dem leschte Joer si ronn 5.400 Leit aus der Ukrain op Lëtzebuerg komm. Den Ament sinn dem Ausseministère no nach 3.700 dovun am Land. 1.200 ukrainesch Flüchtlinge liewen a Foyere vum ONA. Déi aner si privat ënnerkomm, entweder bei Gaaschtfamilljen doheem oder a Wunnengen an Haiser, déi vu Privatleit zur Verfügung gestallt goufen.
Fir d'Ukrainer an dës Famillen oder an eidel Wunnengen ze vermëttelen, war e grousse logisteschen Opwand fir d'Caritas an d'Croix-Rouge. Stënterlech huet dofir musse Personal rekrutéiert ginn, dorënner Leit, déi och ukrainesch oder russesch schwätzen. Derbäi koum vill Hëllef vu Benevollen.
A kierzter Zäit hu si ronn 1.000 ganz ënnerschiddlech Wunnenge misse préiwen, esou d‘Marielle Pierre vun der Croix-Rouge an den Tom Brassel vun der Caritas. Vill Wunnengen hätte mol misse miwweléiert ginn.
Och vill ukrainesch Leit sinn a Lëtzebuerger Stéit ënnerkomm. D'Schwaachstell vun der Solidaritéit wär dat Laangfristegt vun deem Krich. Entweder hätte Gaaschtfamillje keng Gedold méi, och well si hir Privatsphär erëm wëllen, oder och d'Ukrainer wënsche sech hir eege Wunneng.
Finanziell Ënnerstëtzung wier hei och net alles, esou den Tom Brassel. D'Caritas hat bei de Gaaschtfamilljen nogefrot, ob dat si eventuell géif motivéieren, d'Leit méi laang bei sech wunnen ze loossen. Bei Wunnengen an Haiser, déi virdrun eidel stoungen an déi den Ukrainer bis ewell gratis zur Verfügung gestallt goufen, kéint eng finanziell Ënnerstëtzung d'Proprietären awer vläicht motivéieren, d'Kontrakter nach méi laang lafen ze loossen.
D'Integratioun vun de Kanner an de Schoulen hei am Land wär gutt verlaf, soen d'Caritas an d'Rout Kräiz. Fir déi Erwuessener wär den Accès an den Aarbechtsmarché ganz wichteg. Dat ass EU-wäit awer méiglech gemaach ginn. D'ukrainesch Leit hunn eng Protection temporaire bis Mäerz 2024.
Hir Zukunft ass ganz ongewëss an hänkt och vum weidere Verlaf vum Krich of, hunn d'Invitéeën am Background ze bedenke ginn.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.