E Samschdeg war d'Gesondheetsversuergung a -politik zu Lëtzebuerg Thema an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Et gëtt e grousse Gespréichsbedarf ënnert den Acteuren aus dem Gesondheetssecteur, fir déi sëllege Problemer vu Manktem un Personal, iwwer voll Urgencen a laang Waardezäiten endlech an de Grëff ze kréien. Doriwwer ware sech déi 3 Intervenanten an eiser Emissioun Background am Gespréich e Samschdeg de Mëtteg eens. Invitéiert waren d’Anne-Marie Hanff, Presidentin vun der ANIL, der Associatioun vun den Infirmieren an Infirmièren, den Dr Alain Schmit, President vun der AMMD, der Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren an den Dr René Metz, Vizepresident vun der Spidolsfederatioun FHL an Generaldirekter vum Escher Spidol CHEM.
D'Gesondheetsversuergung am Norden ass "brisant"
Et gëtt e generelle Problem vum Accès zu Medezin am Grand-Duché. An am Norden ass déi Situatioun nach méi zougespëtzt, wéi soss am Land an och jee no Spezialisatioun nach méi, sou den Dr Alain Schmit. D'Offer vum Wëlzer Spidol wier dem Dokter no net wierklech ersat ginn, wéi et misst sinn. Doriwwer eraus wier d'Personaldecke vun den Hausdokteren och relativ dënn. Dat ass virun allem problematesch, well och nach d'Distanze bis bei d'Spidol méi laang sinn, wéi soss iwwerall am Land, sou den Dokter Schmit.
Et misst ee sech d'Fro stellen, wéi eng Servicer méi no um Patient kënnen ugebuede ginn, wat kann am Ëmkrees vu 15 Minutten offréiert ginn a wéi eng Leeschtungen dann éischter zentraliséiert am Spidol sollen méiglech sinn, sou den Dr René Metz. D'Suen, déi am Secteur disponibel sinn, solle méiglechst effizient agesat ginn. Dofir wier och den Dialog tëscht den eenzelen Acteure wichteg, doranner ware sech d'Invitéen eens. De perséinleche Kontakt ass dacks dee beschte Wee, ma et géing u Personal feelen, esou den Dr Alain Schmit.
De Bléck iwwer d'Landesgrenze géing sech lounen, fir sech e Beispill ze huelen, sou d'Anne-Marie Hanff. Am ländleche Raum wier et wichteg, nieft den Dokteren, Infirmièren ze hunn, sougenannt "community health nurses" oder Infirmièren, déi an de Gemenge schaffen an da bei d'Leit heem ginn a mam Dokter de Suivi maachen. Do kéint een e Pilotprojet lancéieren, sou d'Presidentin vun der ANIL.
D'Penurie bekämpfen,andeems een d'Personal entlaascht
Den Dr René Metz fuerdert, dass déi Professionell, déi an de Spideeler schaffen, sollten entlaascht ginn. Verschidden administrativ Aufgaben, déi zum Beispill d'Infirmiere maachen, kéinten iwwerholl ginn. D'Effectiffe missten awer onbedéngt bäibehale ginn, soss hätt een näischt gewonnen, sou de Vizepresident vun der FHL.
Dat wier och eng Fro vun Attributiounen, spréch déi Akten, déi eng Infirmière dierf maachen an dës Lëscht wier 25 Joer al a misst endlech iwwerschafft ginn, sou d'Presidentin vun der ANIL. Aktuell wier et esou, dass eng Infirmière theoretesch engem Patient mol net eng Bepanthen-Crème dierft ginn, ouni Ordonnance vum Dokter. Dat wier net méi zäitgeméiss. Grad bei Medikamenter, déi ee Patient sech theoretesch och selwer an der Apdikt kéint kafen, misst eng Infirmière kënnen d'Responsabilitéit iwwerhuelen, fir selwer Decisiounen ze huelen. Vill Akte kéint eng Infirmière nämlech selbststänneg maachen, ouni ze froen. Am Ausland géing et dofir verschidden Infirmière mat ënnerschiddlechen Ausbildunge ginn, wat sech d'Anne-Marie Hanff hei am Land an Zukunft och duerch d'Uni erhofft. Den Diplom wier also en éischte Schrëtt.
Sollen d'Cotisatiounen erhéicht ginn?
Wéi vill wëlle mer als Gesellschaft an d'Gesondheet investéieren? Dat wier eng Fro, déi ee sech ganz seriö misst stellen. A verschiddenen Urgencen hätt ee bis zu 300 Passagen den Dag. Dat géing natierlech och den normale Service vum Spidol impaktéieren an do wier d'Flexibilitéit essentiel. Zum Beispill kéint ee Reserve-Better hunn oder zousätzlech Soignantsekippe mat enger Dotatioun, fir dass een e bëssi Loft hätt an, dass een do net dauernd um Limitt wier, sou de Vizepresident vun der Spidolsfederatioun.
Et misst een och kucken, wéi d'Sue géinge verdeelt ginn, sou d'Presidentin vun der ANIL. Et géing net vill an d'Preventioun investéiert ginn. Donieft misst een och mol op de Leescht huelen, wou d'Suen higinn. Et hätt een zum Beispill scho Budget fir sougenannten "équipes volantes", ouni dass et se géing ginn, sou d'Anne-Marie Hanff.
Ier een d'Cotisatiounen erhéicht, misst ee kucken, wou een nach a punkto Effizienz, Sue spueren kann, sou den Dr Schmit. D'Digitalisatioun wier do e grousse Punkt. Dat géing e bëssi kaschten, jo, mee et géing duerno immens vill Sue spueren.
Digitalisatioun ass an der Maach
An de Spideeler si scho vill Volete vun der Digitalisatioun ëmgesat, seet den Dr René Metz, Vizepresident vun der Spidolsfederatioun FHL. An de Spideeler wier ee relativ wäit. Den Dialog tëscht den eenzelen Acteuren am nämmlechten Haus géing gutt fonctionéieren. Wou et hapert, wier tëscht de Spideeler an den Dokteschcabineten. Et geet ëm sensibel Donnéeën, huet den Dr René Metz erënnert. Dowéinst wier et un der Politik, fir déi néideg Plattformen zur Verfügung ze stellen.
Fir dass d'Dokteren ënnerteneen Dokumenter kënnen echangéieren, bräicht et een zousätzleche Schutz an dat wier déi digital Ënnerschrëft, esou den Dr Alain Schmit. Grad an der digitaler Welt kéinten Dokumenter séier verännert oder kopéiert ginn an dofir bräicht et eben déi digital Ënnerschrëft. D'AMMD hätt een Outil dofir zur Verfügung gestallt, mee et géing een net verstoen, firwat d'Politik dat net géing opgräifen an de Wee endlech géing fräimaachen.
D'Anne-Marie Hanff huet déi vill onproduktiv Zäit kritiséiert, déi entsteet, wann eng Infirmière muss drop waarden, dass e Computer fräigëtt, fir kënnen all d'Donnéeen anzetippen. Do géing ee sech op d'mannst méi Computeren oder am léifste portabel Outile wënschen, mat deenen ee méi flexibel wier.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.