De Weltraum an de Lëtzebuerger Space-Secteur stoungen e Samschdeg de Mëtteg am Mëttelpunkt vun eiser Emissioun Background am Gespréich.
Déi russesch Invasioun huet och Verännerungen an deem Secteur provozéiert.
Weltraumsecteur am Ëmbroch?
Vun enger Militariséierung vum Weltraum wollt de strategesche Beroder vun der Direktioun vum Satellittenoperateur SES Ferd Kayser zwar net schwätzen, allerdéngs géifen déi zivil wéi och militäresch Opträg fir Regierungen an tëscht 25 Prozent vun den Aktivitéiten vun der SES ausmaachen.
D‘US-amerikanesch mä och d‘Lëtzebuerger Defense hunn zum Beispill Kapazitéite vum neie Satellittesystem O3b Power vun der SES kaaft. Lëtzebuerg fir 195 Milliounen Euro iwwer 10 Joer.
D‘SES hëlleft mat hire Satellitten och der Ukrain an hiren Alliéierten, esou de Ferd Kayser. Zum Beispill diffuséiere si weider d‘Programmer vun ukraineschen Televisiounschaînen, souwuel do am Land ewéi och op anere Plazen wou ukrainesch Refugiéeën sinn.
De strategesche Beroder vun der Direktioun vun der SES huet och ze bedenke ginn, dass d‘Truppen vun der Ukrain un der Front vill vun neie Technologie profitéieren. Si géife ganz präzis mat Satellittebiller op hire Systemer an Tabletten am Krich virgoen.
Wat d‘SES, déi mat vill Risiko vu Säiten vun der Lëtzebuerger Regierung1985 gegrënnt gouf, méi Opträg fir militäresch Ziler unhëlt, wat se hire Sëtz zu Betzder an hir Satellitte besser protegéieren muss. An tëscht entsprécht de Siège zu Betzder de Sécherheetsstandarde vun der NATO.
Ëmstriddene Militär-Satellit
Politesch goufen et ëmmer nees grouss Diskussiounen, well de Budget vum Lëtzebuerger Militärsatellit Luxeosys wéinst schlechte Pläng ëmmer weider geklomme war. An tëscht si ronn 300 Milliounen Euro virgesinn. "Dat bleift e ganz gudde Projet", betount de Ferd Kayser vun der SES, déi awer net bei Luxeosys agebonnen ass. Vun der Envergure hier wier dat eng normal Enveloppe, fir esou een Projet kënnen ze maachen, sou de Marc Serres.
D‘Firma GovSat - eng joint venture tëscht dem Staat an der SES – hat am Januar 2018 de Satellit GovSat-1 mat enger SpaceX–Rakéit lancéiert: deen Satellit huet uganks net vill an d‘Keese gespillt, ma en huet säi Chiffre d‘affaires verbessert, huet de Ferd Kayser erkläert.
Den Direkter vun der Lëtzebuerger Weltraumagence Marc Serres huet confirméiert, dass déi militäresch Interêten an déi kommerziell am Weltraum sech dacks iwwerschneiden. Déi Iddi vum dualen Notzen wär net nei.
Allerdéngs hätt de Secteur fir d‘Lëtzebuerger Ekonomie nach méi ze bidden fir d‘Diversitéit. D‘Luxembourg Space Agency hätt eisem Land déi lescht Joren eng grouss Visibilitéit ginn an doduerch och vill Entreprisen aus dem Beräich an de Grand-Duché gezunn. An tëscht sinn et der eng 70.
Wéi geet et mat Spacety Luxembourg SA weider?
Eng vun dësen huet rezent fir schlecht Schlagzeilen gesuergt.
Déi chineesesch Firma Spacety, déi och eng Firma an e Sëtz am Grand-Duché huet, kritt vun den USA virgehäit, Satellittebiller fir de russeschen Söldner-Grupp Wagner accessibel gemaach ze hunn.
Déi zwou Space-Firmen, Spacety an Spacety Luxembourg stinn zanter dem 27. Januar op der US-Sanktiounslëscht wéinst der russescher Invasioun.
Spacety Luxembourg dementéiert.
D‘Lëtzebuerger Autoritéiten hunn an den USA no Prezisiounen gefrot.
Den Direkter vun der Lëtzebuerger Weltraumagence huet verséchert, déi Affär géif extrem eescht geholl ginn. Déi Sanktiounen missten och bei de concernéierten Persounen ëmgesat ginn. De Marc Serres huet confirméiert, dass d‘Autoritéiten heiheem sech driwwer beroden hunn, wat ze maachen ass.
Et wären och schonn Demarchen ënnerholl ginn, fir dass déi Firma keng Servicer u Russland ka verkafen. Weider Detailer vun deene Mesuren wären him net bekannt, esou den Direkter vun der Lëtzebuerger Weltraumagence. Déi iwwregens Kontakt mat Spacety Luxembourg hat. Konkret Finanzementer hätt et awer net ginn.
Space-Mining a Weltraumschrott
Dacks gëtt et och Kritik un der Weltraum-Politik, notamment wat de sougenannten Space-Mining an d‘Privatiséierung vum Weltraum ugeet. De Marc Serres wollt direkt kloerstellen, dass Space Mining just en Deel vun den Aktivitéiten wär. Allgemeng géing een vun Weltraum-Ressource schwätzen. Et géing nämlech net just drëm goen, fir Metaller oder Mineralien zum Beispill vum vum Mount op d‘Äerd ze bréngen: Lëtzebuerg wéilt eigentlech een Paradigmenwiessel promouvéieren. Bis ewell géing een nämlech mat enormen Opwand eropfléien an dann nees erofkommen. Et wéilt een awer dohikommen, fir am Weltall mat de Ressourcen op der Plaz ze schaffen. Dat wier awer nach d‘Zukunftsmusek, sou den Direkter vun der Weltraumagence.
Et géinge kloer international Reglementer an Traitéen gi fir d‘Exploitatioun am Espace, sou och de Ferd Kayser. Dacks ginn déi awer och als vag ugesinn.
Zanter 2017 huet dofir Lëtzebuerg jo e Gesetz iwwer d‘Exploitatioun vun de Ressourcen am Weltraum kreéiert: e juristesche Kader ënnert anerem fir d‘Entreprisen déi Mineralien an Metaller do wëllen sammelen. Lëtzebuerg ass do Virreider. Net ëmmer onëmstridden.
De Weltraum-Schrott gëtt iwwerdeems ëmmer méi zu engem groussen Problem. Et géingen Dausende Stécker ginn, déi mat enger grousser Vitesse ronderëm fléien an eng Gefor si fir d‘Satellitten, also och déi vun der SES. Et bräicht Léisungen, sou den de strategesche Beroder vun der Direktioun vun der SES.
„Astronaut fir een Dag“
Donieft hofft de Marc Serres, dass Jonker encouragéiert ginn, fir sech méi an deenen neien Technologien ausbilden ze loossen. De Lëtzebuerger Space-Secteur wier immens divers. Op der enger Säit ginn et Firmen, déi eppes entwéckelen, wat ronderëm d‘Äerd flitt, oder just Stécker dofir. Zu Lëtzebuerg géif et esouguer eng Firma ginn, déi komplett Satellitten baut. Anerersäits ginn et Betriber, déi an der Infrastruktur schaffen, also Antennen entwéckelen, déi kënne mam Satellit kommunizéieren.Fir hire fënnefte Gebuertsdag huet d‘LSA d‘Aktioun „Astronaut fir een Dag - E Concours vun der Lëtzebuerger Weltraumagence“ lancéiert.
Wat et domat op sech huet, fannt Dir um Site vun der Weltraumagence.
https://space-agency.public.lu/en.html

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.