E Samschdeg war de fréiere Lëtzebuerger Staatsminister a fréieren EU-Kommissiounspresident eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
D'Mesuren, déi op der Tripartite decidéiert goufen, fir d'Inflatioun ze bremsen, wieren déi richteg, och wa se net normal wieren. Dat sot de fréiere CSV-Staatsminister Jean-Claude Juncker e Samschdeg de Mëtten an der Emissioun Background am Gespréich. Hien hätt engem liberale Premier net zougetraut, dofir ze suergen, datt de Staat eng Indextranche bezilt am Plaz d'Betriber, dat wier iwwerraschend, awer a sengen Aen richteg.
De Jean-Claude Juncker mengt, et sollt net sou sinn, datt a Krisenzäite Leit déi ganz vill verdéngen iwwert den Index nach bäikréien. Et misst een Nuance an de System erakréien an den Index a Krisenzäiten deckelen, awer just an der Kris. Dat géing senger Meenung no awer wuel keng Partei virschloen, och net d'CSV. Onofhängeg vum Index misst een awer gesinn, datt d'Scheier tëschent Aarm a Räich ëmmer méi ausernee gaange wier.
Den Zoustand vun der CSV géing him keng Suerge maachen, déi wier lues a lues richteg a gutt opgestallt. Den Zoustand vun der Regierung géing hien net kommentéieren. De Jean-Claude Juncker begréisst d'Designatioun vu sengem fréiere Finanzminister Luc Frieden als Spëtzekandidat fir d'Chamberwalen.
An Däitschland wier esou e Parcours vu Politik an d'Wirtschaft an zréck an d'Politik net onüblech, sou de fréiere Premier, an huet d'Beispill vum Friedrich Merz genannt. 2014 war de Luc Frieden jo net mat der CSV an der Oppositioun bliwwen, mä bei d'Deutsche Bank op London gaangen. E Schrëtt, deen de Jean-Claude Juncker versteet.
A sengen Ae wier et falsch, de Luc Frieden als exklusiv wirtschaftsliberal duerzestellen. Et wier e Mënsch, deen ze ponderéiere wéist an hätt ni e soziale Projet blockéiert, wéi d'CSV an der Regierung war. Den CSV-Deputéierte Marc Spautz hat hei op der Antenn d'CSV als Fliger beschriwwen, bei deem de Luc Frieden de wirtschaftsliberale Flillek géing duerstellen. De Jean-Claude Juncker schwätzt léiwer vun Equiliberen, déi matenee kënnen an der CSV. Seng Partei wier nach ëmmer eng Vollekspartei.
Datt de Luc Frieden awer Lëtzebuerg un de Katar soll verkaf hunn, léist de Jean-Claude Juncker net gëllen an zitt e Verglach, wéi d'Situatioun war, nodeem de Luc Frieden net méi an der Lëtzebuerger Regierung war.
Den aktuellen Zoustand an d'Duerstellung vun der CSV maachen dem Éierestaatsminister dann och keng Suerge, d'Partei wier lues a lues richteg a gutt opgestallt. Zwee Mol wier sech no de leschte Wale géint d'CSV positionéiert ginn. Dëst Joer missten d'Wieler heiriwwer jugéieren.
D'Turbulenzen, déi een aktuell bei verschiddene Banken international géing gesinn, wieren net ze vergläiche mat der Bankekris 2008, sou de Jean-Claude Juncker. D'Banke wieren haut besser opgestallt, méi resistent a besser kapitaliséiert. Aus der Kris wieren déi richteg Léiere gezu ginn an d'Staaten hätten d'Finanzplaz reglementéiert, nodeems virdrun eng neoliberal Approche gegollt hätt, déi d'CSV awer ni gedeelt hätt. Dofir bréichten d'Leit zu Lëtzebuerg sech och keng Suergen ëm hir Erspuernisser maachen.
Am Background huet de Jean-Claude Juncker och op déi vill rezent Nouvellen an der Press iwwert d'Virgäng um Haff reagéiert. D'Maison du Grand misst aus der ëffentlecher Debatt erausgehalen ginn, alles anescht géif der Institutioun schueden, sou den Éierestaatsminister op eiser Antenne.
De Jean-Claude Juncker huet d'Decisioun vun der Ursula von der Leyen, senger Nofollgerin un der Spëtzt vun der EU-Kommissioun, schaarf kritiséiert, fir d'Atomenergie als propper Energiequell anzestufen. Dee Schrëtt hätt net dierfe gaange ginn. Hie wier iwwerzeegt, datt d'CSV bei hirer ofleenender Haltung géigeniwwer der Atomenergie géing bleiwen.
De fréiere Staatsminister huet vun engem "Egoismus vum Terrain" geschwat, dee misst gebremst ginn, fir géint d'Logementskris virzegoen. Et hätt net jiddereen d'Recht säin Terrain zu engem exorbitante Präis ze verkafen.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.