Kris am Handwierk: Et ass een erschreckt, wéi séier et geet
E Samschdeg waren eng jonk Geschäftsfra, e Patron an de President vum Sozialzenter Résonord Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Wéi kënnt Lëtzebuerg duerch d'Kris? Doriwwer gouf am Background diskutéiert. D'Invitéeë ware sech eens, datt et schwiereg Zäite sinn an d'Zukunft ass ongewëss. D'Lola Valerius, eng jonk Geschäftsfra, huet betount, datt ee kucke muss, als Betrib nach rentabel ze sinn, dass dat mat de Präishaussen awer wierklech net evident wier. Aktuell géing si mat Hausse vun hire Matière Premièren, Botter, Zocker a Ram vun 25 bis 30% schaffen. Et kéint een d'Präisser awer och net x-mol am Joer adaptéieren an op de Client ofwälzen. Deementspriechend géing dat op hir Margë goen a si wär op verschiddene Produiten net méi rentabel. Och de René Diederich, Patron vun engem Betrib an der Agri-Distributioun huet ënnerstrach, datt d'Präisser bannent ganz kuerzer Zäit explodéiert sinn. D'Previsibilitéit wier problematesch an d'Ëmfeld géif net richteg mierken wéi séier alles zesumme brieche kéint.
"Aarmut mécht krank"
De President vum Resonord, engem groussen Office social fir 9 Gemengen am Éislek, huet ervir gestrach, dass virun allem fir Leit, déi de Mindestloun verdéngen, d'Rechnung definitiv net méi opgeet. D'Majoritéit vun de Leit, déi de Revis kriten, géife schaffen, ënnersträicht de Rob Arend. Beim Resonord géinge ganz vill Fraen, dacks Monoparentauxen, gehollef kréien. Si géingen zwar schaffen, mee bräichten trotzdeem finanziell Ënnerstëtzung, well se duerch d'Hausse vun de Käschten net méi erauskommen. Dës Suen missten iergendwann och zeréckbezuelt ginn, sou dass, souguer wa se aus dem Lach erauskéimen, se quasi keng Chance hätten, fir sech eng Existenz opzebauen.
Déi meescht Demanden, déi era kéimen, géifen de Logement betreffen. Et wier kloer, dass ëmmer méi Leit, déi Revis kréien, géingen an d'Éislek kommen, well do de Logement nach méi abordabel ass, wéi am Rescht vum Land. Et wier grujeleg ze gesinn, wéi heiansdo eng Koppel mat 3 Kanner op 45m2 géingen hausen. Wéi dee Problem jee geléist kéint ginn mam Wuesstem, kann de Rob Arend sech net erklären. Et bräicht méi selektiv Hëllefen, fuerdert de President vum Resonord, well Aarmut géing krank maachen.
Schlecht Vue op d'Patronat an d'Independanten
D'Lola Valerius huet d'Vue vun eiser Gesellschaft op d'Patronat kritiséiert. Et wier wichteg, de Leit ze verstoen ze ginn, dass e Patron net een ass, dee mat sengem Privatjet all Weekend op d'Côte flitt a säin Haus, well dat wier net esou. „Mir schaffen 12, 14, 16 Stonnen den Dag, fir dass et dem Betrib sou gutt wéi méiglech geet." Déi jonk Chocolatier vun Esch huet hire Choix ni bereit a wier absolut glécklech als Independante a si wéilt d'Leit och encouragéieren, de Choix ze maachen, och wann et net ëmmer einfach wier. Hier wier et awer wichteg, dass d'Gesellschaft versteet, dass net all Patron breet Schëlleren hätt, mee dass et vill kleng Betriber gëtt, déi haart misste kämpfen.
Quereinstieg an d'Handwierk zu Lëtzebuerg schlecht organiséiert
De René Diederich stëmmt deem zou a kritiséiert donieft och, d'Orientatioun an d'Handwierk. D'Ausso „du waars net gutt an der Schoul, da gees de elo an d'Handwierk", dat wier eng Katastroph. Et bräicht Leit mat enger zolitter Ausbildung an déi d'Komplexitéit vum Beruff, déi ëmmer weider zouhëlt, och verstinn. D'Lola Valerius, déi selwer no engem Bachelor an der Architektur dunn a Frankräich eng Ausbildung gemaach huet, kritiséiert de Lëtzebuerger Modell. Si hätt hir Reorientatioun am Hexagon gemaach, well een d'Ëmorientéierung do bannent 6 Méint ofschléissen kéint. Donieft géing een d'Schoul an nach e Chômage bezuelt kréien. Hei am Land misst een 3 Joer laang fir e Mindestloun an e Betrib schaffe goen.
Schlecht fir d'Entreprenariat: De Staat ass eng enorm Konkurrenz
Fir d'Handwierk wier och de Staat eng enorm Konkurrenz. All Betrib wéisst dat. Do misst sech eppes änneren, ginn déi 3 Invitéen ze bedenken. Donieft ware si sech eens, dass manner administrativ Oplage bräicht. Et géing ëmmer méi komplizéiert ginn, fir Demarchen z'ënnerhuelen. Et géing kee méi duerchblécken a ganz Tâchë géingen doduerch verluer goen. Dat géing och enorm Käschte mat sech bréngen, déi alt nees besonnesch fir kleng Betriber e groussen Defi wieren.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an umRTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.