E Samschdeg goung et an eiser Emissioun Background am Gespréich ëm d'Gestaltung vum ëffentleche Raum.

Ee vun de Constate war, datt ze laang aus der Siicht vum Auto geduecht gouf. Ma de Vëlo misst weider ausgebaut ginn, och fir d'Stied  beim Verkéier  z'entlaaschten.

Et géif haut en allgemengen Trend fir de Mënsch an der Raumplanung an an der Mobilitéit nees méi an de Mëttelpunkt ze stellen, sot den Urbanist Tom Becker vun der Uni Lëtzebuerg. Zum Beispill via méi lokal Geschäfter, och no u Bushaltestellen respektiv multifunktional Quartieren.

Background am Gespréich: Wéi gestallte mir den ëffentleche Raum?

D'Presidentin vu ProVëlo Monique Goldschmit vermësst nach ëmmer Courage bei der Politik. Politiker hätten dacks Angscht viru Géigewand, deen et awer net ëmmer an deem Mooss géif. Stied wéi Paräis oder Utrecht hätten zum Beispill ganz positiv Erfarunge gemaach, nodeems se sech getraut hunn dem Vëlo méi Plaz ze ginn an d'Leit bis gesinn hunn, wéi et leeft.

D'Leit wieren dacks méi oppen wéi d'Politik géif mengen, sou och den Tom Becker.

Parkplaze wiere quasi de Schlëssel an der Mobilitéit, sot de Premier Conseiller am Mobilitéitsministère Christophe Reuter. Et misst een deene Leit, déi wierklech eng Parkplaz  brauchen, eng ginn. Problematesch wier notamment "d'Laangzäitparken", an datt nach sou vill laanscht d'Stroosse geparkt gëtt. Op deene Plazen géif déi aner Mobilitéit, sief et mam Vëlo an awer och méi breet Trottoiren verhënnert, vun deene Persounen am Rollstull oder och mat Kannerkutsche kéinte profitéieren. Gratis Parkplazen, wéi se nach ëmmer vill ageklot ginn, géifen och net méi bei déi aktuell Terrainspräisser passen, sou de Christophe Reuter.

Lëtzebuerg hätt, senger Meenung no, déi lescht 60 Joer eng extrem grouss Qualitéitskultur fir den Auto geschaft. Wann ee Qualitéit géif ubidden, da géif déi vun de Leit och ugeholl ginn. Dat wier mënschlech.

A Quartieren wéi dem Ban de Gasperich steet den Auto nach ëmmer am Vierdergrond. De Quartier wier e Kand vu senger Zäit, sou den Urbanist Tom Becker. Haut géif ee, senger Meenung no, op sou Plaze sécher méi Mixitéit, méi kleng Geschäfter, méi Gréngs a méi breet Trottoiren virgesinn. Sou eng Planungskultur wier awer nach laang net iwwerall ukomm, huet e méi skeptesche Vertrieder vum Mobilitéitsministère gemengt. Och haut géif nach vill aus der Siicht vum Auto geplangt.

Stéchwuert "Sécherheet an der Mobilitéit". D'Associatioun ProVëlo kritiséiert, et géif  beim Ausbau vun de Vëlosweeër nach ëmmer ze vill gefléckt an net bis zum Schluss geduecht. Grad  iwwer Land géif dacks nëmmen eppes duerch Drock vun de Leit entstoen. An der Praxis géif et och nach vill un der Kommunikatioun tëscht den zoustännegen Instanzen happeren.

D'Zil misst sinn, datt déi Jéngsten hire Wee mam Vëlo eleng kéinte maachen, sou d'Monique Goldschmit. An et géif een nëmme weider kommen wann een de Leit, déi den Terrain kennen, och nolauschtert.

Nohuelbedarf gëtt et nach an den 30er-Zonen, déi et haut scho gëtt. Déi wieren net ëmmer sou amenagéiert wéi se missten,  huet de Christophe Reuter erkläert. Weiderhin huet hien an Aussiicht gestallt, dass virum Summer d'Méiglechkeet annoncéiert géif, Staatsstroossen ewéi déi am Neiduerf och op méi laangen Strecken ze verkéiersberouegen.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.