E Samschdeg waren de President vun der Asti, de Responsabele vum Cefis an d'Chefredactrice vu Radio Latina an der Emissioun Background am Gespréich.

Et geet net duer, just e puer Méint virun de Gemengewalen iwwert d'Auslännerwalrecht ze schwätzen. Dat soten d'Invitéen am Background e Samschdeg de Mëtteg, d'Manuela Pereira, Chefredactrice vum lusophone Radio Latina, den Evandro Cimetta, President vun der Asti, der Associatioun fir d'Ënnerstëtzung vun Immigranten, an de Sylvain Besch, Responsabele vum Cefis, dem Zenter fir interkulturell a sozial Fuerschung a Formatioun.

Background am Gespréich: "Leit ouni Lëtzebuerger Nationalitéit bei de Walen"

Dem leschte Stand no hu sech 16 Prozent vun den Net-Lëtzebuerger sech ageschriwwe fir hir Stëmm ofzeginn - dat kéint een net begeeschteren, sou de President vun der Asti. Bei deene Leit, déi iwwert hir Rechter Bescheed wëssen, géingen et ënnerschiddlech Grënn ginn, sech net anzeschreiwen, seet d'Manuela Pereira.

"D'Walflicht am Fong, dat ass eng negativ Saach fir e puer Leit. Also op jiddwer Fall déi, déi bei eis an der Emissioun waren an déi geäntwert hunn. Mä et ginn aner Facteuren, zum Beispill et si Portugisen, déi villäicht fënnef Joer schonn hei am Land wunnen an déi ëmmer denken "d'nächst Joer ginn ech zeréck".

Duerch d'Reform vum Gesetz hunn elo och méi Leit d'Walrecht, déi nach net sou laang am Land sinn, an déi géinge sech statistesch gesi manner aschreiwen, a verschiddener géingen eben net laang bleiwen, seet de Sylvain Besch. E Problem wier awer och, datt d'Walcampagne eréischt ufänkt, wann ee sech schonn net méi kann aschreiwe fir wielen ze goen.

"D'Leit soen eis dann "Wie soll ech da wielen? Wat sinn d'Programmer? Wou kommen ech dorun?” Niewent der Sprooch, déi e wierkleche grousse Facteur ass, ass et datt d'Programmer oder d'Iddien, d'Propositiounen net bekannt sinn. Et ass dëst Joer e klengen Effort méi gemaach ginn an eenzel Initiative, wou zum Beispill eng Aschreiwungsméiglechkeet bestanen huet a verschidde Gemengen a wou och dann Parteie present waren, wou sech virgestallt hunn."

Allgemeng wier d'Participatioun vun den Auslänner keng Prioritéit vun de Parteien, sou den Evandro Cimetta.

"Si gi gewielt, hir Legitimitéit baséiert op Leit, déi se wielen, dat heescht, et ass ee jo legitim, wann ee vu ville Leit gewielt gëtt. Si wëssen, dass e risegen Deel vun der Populatioun net mat wiele geet an nawell an hire Eck-Programmer do steet awer näischt dovunner dran, wéi maache mer et déi nächst sechs Joer, fir d'Leit méi un d'Gemengepolitik ze bréngen."

Den Evandro Cimetta huet d'Fro an de Raum geheit, wéi vill Lëtzebuerger sech da wuel géife fir d'Walen aschreiwen, wann dat net automatesch de Fall wier.

Wéi eng Léisungen?

D’Invitéen hunn och Léisunge proposéiert. Fir de Sylvain Besch geet et dorëm wat tëschent de Wale geschitt.

"Déi ganz Integratiouns- oder Zesummeliewensdynamik, déi muss eigentlech ëmmer erëm opgebaut ginn, déi muss permanent fonctionéieren, och wann elo Leit nei an d'Land erakommen, e flotten Accueil, da fillt ee sech gutt a senger Haut an da mécht een och éischter de Schrëtt eigentlech, fir sech da vläicht anzeschreiwen a wann een dann an der Gemeng Fouss faasst, da schreift een sech och a well och d'Aschreiwungsquot effektiv wann een e bësse méi zéng oder zwanzeg Joer am Land ass, déi ass vill méi héich wéi déi ënner 5 oder déi ënner 10 Joer."

Den Evandro Cimetta da fuerdert, datt een automatesch op d'Wielerlëscht agedroe gëtt wann een op Lëtzebuerg wunne kënnt.

"Quitt, wann dat iergendwou bei internationale Reegelen e Problem stellt, dass een dann duerchaus déi Méiglechkeet gëtt, fir ech ofzemellen, mee dass awer au depart aschreiwen. A wann dat net gemaach gëtt, dann awer e Minimum, wann een op d'Gemeng geet, sech aschreift, fir ze wunnen, dass een, haut gëtt jo keng Residenzklausel méi, dass dann direkt mat proposéiert gëtt sech op d'Lëscht anzeschreiwen."

Dat wier och an den Ae vun der Manuela Pereira eng gutt Léisung, dass d’Leit direkt informéiert ginn. Si stellt awer och fest, datt d'Walrecht vun den Auslänner net wierklech en Thema ass um nationalen Niveau.

"Dat ass am Zäitraum, dat ass just, just kuerz wärend enger Woch, zwou Wochen an da Voilà. A fir esou en Enjeu, dass et ass awer e mir un awer de demokrateschen Defizit, deen immens grouss ass hei am Land a fir sou en Defizit, menger Meenung no, dat misst en nationale Sujet sinn an net just kuerz virun de Walen, mä och a méi an der Laangzäit."

De Fakt datt d'Auslänner zwar bal d'Hallschent vun der Populatioun ausmaachen, awer bei de Chamberwalen net dierfe wiele goe géing kloer och eng Roll spillen, sou d' Manuela Pereira.

"D'Resultat vum Referendum, dat war e Schock. Wou achtzeg Prozent vun de Lëtzebuerger gesot huet "Nee d'Auslänner dierfen net mat wielen", dat war een en immense groussen Taux, also dat war wierklech héich an dat war e Schock an d'Leit vergiessen dat och net. An dat war, dat war en nationale Sujet an all Auslänner hei am Land krut dat mat."

Den Impakt vum Referendum 2015 huet ee beim Cefis och bei der Walcampagne 2017 nach festgestallt, seet de Sylvain Besch.

Dat hätt e psychologeschen Impakt op d'Leit, sou den Evandro Cimetta, dee Message datt een net dozou gehéiert.

"D'Constitutioun schreift nach ëmmer d'Luxembourgeois sont égaux devant la loi, donc par définition d'Net-Lëtzebuerger gehéiere jo dann net dozou. Dat heescht engersäits gi Signaler gesat, fir ze soen "Dir sidd eppes aneschters" an anerersäits soe mer "a jo, mee Dir, ech schreift Iech do net dann, dee wëllt do net mat maachen"."

Fir d’Asti missten d’Auslänner och bei de Chamberwalen dierfe mat wiele goen.

RTL

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.