3. Mäerz: Romain Bausch

Invité dëse Samschden ass den SES-President Romain Bausch.
Viru knapp 3 Wochen ass de 50. SES-Satellit an de Weltraum bruecht ginn. 3 Deeg drop huet d’Société européenne des satellites fir d’lescht Joer e Plus beim Nettoresultat vu ronn 27% gemellt.
Wéi gesäit déi no Zukunft vun der SES aus a wat seet hire Chef zur Politik hei am Land? Ë.a. doriwwer diskutéiere mer dës Woch mam SES-President Romain Bausch.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.