Aarbechtszäitverkierzung: Als DP ze soen, "mat mir geet dat net", ass ze einfach
E Samschdeg war den LSAP-Aarbechtsminister eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Bis elo war et kloer: de Salaire war dat, wat Lëtzebuerg attraktiv gemaach huet, besonnesch am Verglach mat den Nopeschlänner. Duerch déi europäesch Direktiv iwwert de Mindestloun géing den Virdeel allerdéngs no an no verschwannen. An da stellt sech d‘Fro, ob e Frontalier sech nach all Dag e puer Stonnen an de Stau stelle wéilt, wann net iwwer aner Pisten nogeduecht gëtt, notamment d‘Aarbechtszäitverkierzung. Dat sot den Aarbechtsminister Georges Engel e Samschdeg an eiser Emissioun Background.
Een Dënschdeg soll dës Etüd offiziell presentéiert ginn, dofir wollt de Politiker keng Detailer ginn. Allerdéngs misst een soen, dass se a villen Punkten ganz ambigu wier an definitiv net esou eendeiteg, wéi ee sech dat erhofft hätt. Et wier och net esou kloer, wat d‘Resultat dovun wier. D‘Etüd géing besonnesch ervirhiewen, dass ee misst oppassen, dass eng Verkierzung och eng Verkierzung ass an et net sou geet, dass d‘Leit duerno d‘Aarbecht vun 8 Stonnen an 7 Stonnen oder manner mussen drécken, oder dass mat Iwwerstonne geschafft gëtt.
Etüd Aarbechtszäitverkierzung: "Et gëtt näischt verschéinert"
Wéi RTL am Virfeld gewuer ginn ass, hat den Aarbechtsminister Georges Engel déi wichtegst Punkten aus der Etüd senger eegener Parteileedung, der LSAP, presentéiert. D’DP an déi Gréng krute se eréischt méi spéit e Freideg de Moien am Regierungsrot presentéiert. Laut Staatsministère muss e Minister dat och net maachen. Hei gëtt op e groussherzoglechen Arrêté vun 1857 verwisen. Op et dat net och eng Fro wier vu Impartialitéit vun engem Minister, dozou seet de Georges Engel, dass hien dat net géing gëlle loossen. Hien hätt just déi grouss Linne leschten Dënschdeg an der LSAP-Fraktioun virgestallt. Dat wier e provisoresche Bilan, well un der definitiver Versioun géing nach bis en Dënschdeg geschafft ginn. Zwou bis dräi Froe géingen do nach gekläert ginn. Et géing näischt verschéinert ginn, verséchert de Georges Engel. Dat wier net a sengem Interêt. Hie bräicht schliisslech all Mënsch, d‘Gewerkschaften an d‘Patronat, all an engem Boot fir dëst ëmzesetzen.
Ze soen "mat mir geet dat net", ass e bëssi einfach
Am leschten Interview hat de Xavier Bettel ganz däitlech gesot, dass et mat him als nächste Premier keng 35-Stonne-Woch wäert ginn. Dat wier een No-Go. D‘LSAP hätt an hirem leschten Walprogramm eng 38-Stonne-Woch festgehalen, do wieren jo nach eemol dräi Stonnen Ënnerscheed, sou de Georges Engel. Fakt wier awer, dass ee sech där Fro misst stellen an net de Kapp an de Sand stiechen, besonnesch, well an eise Nopeschlänner manner geschafft gëtt. Zu Lëtzebuerg schaffen mer 1.701 Stonnen d‘Joer, an der Belsch 1.495, also 25 Deeg manner an der Belsch, wéi am Grand-Duché. Ze soe "mat mir geet dat net", wier e bëssi einfach, ma dofir wier de Xavier Bettel an der DP an hien an der LSAP, sou de Georges Engel.
Klenge Betriber ënnert d‘Äerm gräifen
98 Prozent vun de Betriber hei am Land hu manner wei 50 Leit an am Duerchschnëtt schaffen 12 Leit pro Betrib a grad deene klengen- a mëttelgrousse Betriber mécht d‘Aarbechtszäitverkierzung Suergen. Eng Iddi wier et dofir, fir deenen Entreprisen, déi hiren Salariéen keen Télétravail kënnen ubidden, wéi am Handwierk oder Horesca, finanziell ze hëllefen. Op d‘mannst an enger Iwwergangsphase.
Plattform-Aarbecht: Mir waarden net op EU-Direktiv
Anere Sujet am Background war dann och déi sougenannten Plattform-Aarbecht. Gemengt sinn Déngschtleeschtungen, déi iwwer Online-Plattformen fonctionéieren. Bekanntsten Beispill am Ausland ass den Taxi-Service UBER. Hei am Land de Liwwerdéngscht WeDely. Do wéilt de Minister bis de 5. Mee e Gesetz bei der Regierung deposéieren. Virop wier et wichteg gewiescht, keen drëtte Statut ze schafen, nieft dem Independant an dem Salarié. Am Text géing een elo siwe Critère festleeën a wann der dräi dovunner erfëllt sinn, da wier een e Salarié an net een Independant. An dëst wier net just, fir d'Leit ze schützen, déi do schaffen -am Grand-Duché sinn et Estimatiounen no ronn 2500-, mee och fir déi Betriber, déi sech haut schonn un alles halen, ze schützen virun concurrence déloyale.
Sonndesfro: LSAP stänneg am Opwand
Mir sinn zanter de leschte Wale stänneg am Opwand mat entweder 12 oder 13 Sëtz a mer gesinn, dass d‘Leit eis vertrauen a mengen, d‘LSAP misst gestäerkt ginn. A mir sinn déi Partei, déi d‘Leit gären an der Regierung hätten, an ech fannen dat scho gutt, sou d‘Reaktioun vum Georges Engel zur Sonndesfro dës Woch vun Ilres.
Geet de Georges Engel als Spëtzekandidat fir d‘LSAP am Süden mat? Dozou sot hien, dass dat just esou wier, wann de Jean Asselborn dat net wéilt maachen.
D'Emissioun gouf am Virfeld opgeholl.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.