E Samschdeg war den CSV-Spëtzekandidat eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

"Ech liewen, fir an d'Zukunft ze kucken", seet den CSV Spëtzekandidat Luc Frieden. D'Vergaangenheet wëll hien net kommentéieren an no vir kucken. Seet dann awer, dass ee vun de grousse Problemer vun dëser Regierung wier, dass se op villen Haaptfroen, wéi dem Logement, der Gesondheetspolitik, der wirtschaftlecher Ausriichtung an de Steiere géing a verschidde Richtungen zéien. Dat wier schlecht fir e Land, an hien hätt gären eng Koalitioun, déi bei deene Froen an eng Richtung zitt.

Ënnerschiddlech Stréimungen an der CSV

Vun ënnerschiddleche Stréimunge bannent der CSV wëll de Luc Frieden dann näischt wëssen. Alles géing zesummenhänken, och dat Soziaalt. "Meng Iwwerzeegung ass, dass nëmme wa mer Betriber hunn, déi gutt funktionéieren, kënnen eng staark Sozialpolitik maachen", ënnersträicht de Luc Frieden. Doriwwer eraus misst een eng Steierpolitik maachen, déi et de Betriber erlaabt, sech weiderzeentwéckelen. Just esou kéint och déi ekologesch Transformatioun geléngen. Klimawandel wier e wichtege Sujet, dee misst op eng positiv Aart a Weis gestalt ginn. D'Leit missten deemno encouragéiert ginn, matzemaachen.

Background am Gespréich: Luc Frieden

Sozialpolitik muss méi geziilt gemaach ginn

D'Staatsschold wier historesch héich. D'Suen déi dosinn, misst ee fir Investitiounen an d'Sozialpolitik gebrauchen. "Béides geet, mä net andeem ee jidderengem alles gëtt", seet den CSV-Spëtzekandidat a kritiséiert d'Verdeele mat der Stränz. Et bräicht een eng staark Mëttelschicht, déi steierlech entlaascht gëtt. Eng Steierreform wier absolut néideg. Fir d'CSV wäert et awer weder eng Ierfschaftssteier, nach eng Verméigenstéier ginn.

Eng besser Wirtschaftspolitik géing Problemer léisen

Et wier eng Illusioun ze gleewen, dass ee mat manner Wuesstem kéint d'Léin a Pensiounen erhalen. Et bräicht een eng nohalteg Croissance. "Mir brauchen nei Betriber zu Lëtzebuerg, och Industriebetriber an Handwierksbetriber, déi kënnen weider wuessen", betount de Luc Frieden. Dofir dierft een dësen net permanent administrativ Hürden operleeën. Wuesstem mat engem Kader fir eng modern Ekonomie wier néideg, soudass nei Aarbechtsplaze kënne kreéiert ginn.

En totalen Echec an der Logementspolitik

Beim Logement wieren an de leschte Jore politesch Moossname geholl ginn, déi d'Liewe vun de Leit méi schwiereg gemaach hätten. Lo bräicht ee keng Task Force, wéi vum Grénge Logementsminister Henri Kox annoncéiert, mä Decisiounen. "Ech hunn d'Gefill, dass an der Regierung dräi Parteie sinn, déi op dëser Fro, an op de Moossnamen déi misste geholl ginn, net déi selwecht Meenung hunn", seet de Luc Frieden. An de Stied misst méi héich gebaut ginn, de Bauperimeter ëm dës misst een erweideren a bannentt dem Perimeter dierfte keng Kompensatiounsmoossname mussen ugefrot ginn. Wann dann e PAG do ass, dierften net nach Ëmweltstudien néideg ginn. Et wier e Feeler gewiescht d'TVA vun 3 op 17 Prozent ze héijen, an den Amortissement accéléré ofzeschafen.

Net Verkierzung mä Aarbechtszäitorganisatioun

Dës Organisatioun misst am Sozialdialog an den Entreprisë gemaach ginn. An verschiddene Secteuren, wéi am Finanz- an dem Spidolssecteur, géing et dat jo scho ginn. De Staat misst eng Modernisatioun vum Aarbechtsrecht maachen, dat net méi ugepasst wier un eis Zäit. Eng vun uewen erof ordonéiert Aarbechtszäitverkierzung kéim net a Fro.

CSV nees als stäerkst Partei

De Luc Frieden schwätzt vun 2 Ziler bei de Walen am Oktober. Eemol déi stäerkste Partei ze sinn, an dass d'CSV koalitiounsfäeg ass. "An enger Demokratie muss ee Brécken zu anere Parteie bauen", sou de Luc Frieden. Op fundamentale Punkten, wéi Wunnengsbau, Steieren a Sécherheet misst ee sech fir eng Koalitioun eens ginn. Besser fir d'Land wier et dem Luc Frieden no, wann eng Koalitioun zu zwee méiglech wier. Zu dräi misst een nämlech méi Kompromësser maachen a kréich manner beweegt.
Wann d'CSV an d'Regierung géing kommen, wier et dann net méi dat selwecht wéi virun 2013. Weder inhaltlech nach personell. Och do géing een dann de Renouveau an der Partei aus de leschte Joren spieren.

De Resumé vum Background mam Luc Frieden / Diana Hoffmann

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.