E Samschdeg war déi national Spëtzekandidatin vun déi Gréng eis Invitée an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Mir sinn eng etabléiert Partei an et ass eng normal Suite dovunner, datt och mir mat enger Spëtzekandidatur an d'Wale ginn. Dat sot déi gréng Spëtzekandidatin Sam Tanson.

D'Justiz- a Kulturministesch war d'Invitée an der Emissioun Background.

An der leschter Sonndesfro gouf och gefrot "Wie géif Dir Iech als Premier wënschen?". Do koum d‘Sam Tanson wäit ofgeschloen hannert Xavier Bettel, Paulette Lenert a Luc Frieden mat nëmme sechs Prozent op déi véierte Plaz. Op d‘Fro, ob d‘Sam Tanson nach ëmmer den Usproch hätt, Premierministesch ze ginn, sot si, dass hiren Usproch deen ass, fir dat ze maachen, wat de Wieler hir als Optrag gëtt. Iwwerdeems wär et nach e gutt Stéck bis d‘Walen.

D'Kriminalitéit geet erop. Zu Lëtzebuerg an an Europa.

Dat wier ee Fakt, sou och d'Justizministesch.

Lëtzebuerg wier zwar nach ëmmer e séchert Land. Mä d'Problematik misst een eescht huelen an et géing reagéiert ginn.

Datt et e problemateschen Zouwuess bei der Jugendkriminalitéit gëtt wollt d'Ministesch net confirméieren. No der Pandemie hätte sech awer Tensiounen an der Gesellschaft etabléiert, ënner anerem fir Jonker wieren et schwéier Zäite gewiescht an dofir misste jonk Leit gestäerkt ginn.

Beim Jugendstrofrecht a Jugendschutz wieren déi entspriechend Texter um Instanzewee.

Dass ee beim strofrechtlechen Alter 13 Joer wëll zeréck behalen, wär op Suerge vun der Justiz zeréck zeféieren, déi bei dëser Fro deels pertinent argumentéiert hätt. D‘Mënscherechtskommissioun géif déi Limitt däitlech méi héich bei 16 Joer usetzen. Aner Länner wéi Éisträich oder Däitschland hu sech op 14 Joer festgeluecht.

Datt nach ëmmer Mineuren op Schraasseg an de Prisong kommen, dat wier e Problem, dee misst sou séier wéi méiglech geléist ginn, esou d‘Sam Tanson. D'Strukturen zu Dräibuer sollen an deem Kontext ugepasst ginn.

Zur genereller Sécherheets-Diskussioun seet d'Sam Tanson, datt virun allem mol d'Police-Präsenz um Terrain misst erop goen. Eng zousätzlech Schafung vun enger kommunaler Police, wéi d‘CSV se an d‘Spill bruecht huet, fënnt si net sënnvoll. Ëmmerhi kruten d‘Agents municipaux‘en méi Kompetenzen. An d‘Police kritt Leit bäi. Grad wéinst de Schwieregkeeten fir d‘Kompetenzen kloer opzedeelen, wären Gendarmerie a Police jo am Joer 2000 fusionéiert.

Beim Thema Patrimoine huet d‘Kulturministesch betount, dass dat jonkt Gesetz déi éischt Friichten dréit, mä dass nach vill Aarbecht ze maachen wär. Si huet drop gehalen, dass iwwer 700 vun deenen iwwer 2.000 Gebailechkeeten, déi zu Lëtzebuerg denkmalgeschützt sinn, protegéiert ginn, zanter dass si am Amt ass. Dat obwuel déi Méiglechkeet zanter net grad 100 Joer besteet.

Aktuell géif den nationalen Inventar gemaach ginn. E groussen Opwand, fir deen ee sech 10 Joer Zäit gëtt. Och d‘Gemenge spillen eng wichteg Roll beim Schutz vum Patrimoine. Iwwer de Wee vum PAG hu si d‘Méiglechkeet Gebaier ze protegéieren. Dat Ganzt am enken Kontakt mam INPA, dem Nofolleg- Institut vu Sites et Monuments. Verschidde Gemenge géifen dat virbildlech maachen. Anerer wäre méi retizent, esou d‘Kulturministesch Sam Tanson.

D‘Spëtzekandidatin vun déi Gréng huet sech fir potentiell Koalitiounsgespréicher ganz oppe gewisen. Mat DP an LSAP wär een déi lescht Joren gutt gefuer. Ma och der CSV géif een den Telefon ophiewen.

Déi Gréng géifen de Choix vun hiren Partner dovun ofhängeg maachen, wéi gutt ee mat deenen de Klima- an Ëmweltschutz kéint virundreiwen an d‘Land méi nohalteg maachen.

Background am Gespréich: Sam Tanson

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.