E Samschdeg war d'Ëmweltministesch eis Invitée an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Als Ministesch hätt si ganz aner Méiglechkeete wéi als héich Beamtin. Dat huet d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring e Samschdeg an eiser Emissioun Background gesot. Zanter engem Joer huet déi fréier Direktesch vun der Ëmweltverwaltung de Ministesch-Posten.

Background am Gespréich: Joëlle Welfring

Wat déi inhaltlech Themen ugeet, hätt sech d'Joëlle Welfring gutt ageschafft, ëmmerhi wier dat hire Beräich an och als héich Beamtin jorelaang hir Aarbecht gewiescht. Déi Zäiten, an deenen den Ëmweltschutz einfach duerchgeboxt gëtt, sinn eriwwer. D'Ëmweltpolitik geet Hand an Hand mat der Wirtschafts- an der Sozialpolitik. D'Zesummeschaffen tëscht de Ressorte muss onbedéngt weider ausgebaut ginn, esou d'Ëmweltministesch.

E Beispill: Den Energie- a Klimaplang gëtt vu 4 Ministèren gedroen.

Dat wier och symbolesch ganz wichteg, well gréng Propose just kënnen ëmgesat ginn, wann zesumme geschafft gëtt. Dat sollt elo och bei der Ëmsetzung esou weidergoen, präziséiert déi gréng Ministesch.

A ville Beräicher wier een och am Austausch mat ONGen. Wat de Nohaltegkeetscheck ugeet, esou wier dat en Outil gewiescht, den d'Regierung sech selwer ginn huet an den dowéinst regierungsintern ausgeschafft gouf. De Mouvement Ecologique hat kritiséiert, dass d'Organisatioun net gefrot gi wier. Dass elo eng Propose do ass, géing awer net bedeiten, dass se net kéint ugepasst ginn, esou d'Joëlle Welfring.

De Resumé vum Background am Gespréich
E Samschdeg war d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring eis Invitée.

"Mir sinn op der Trajectoire"

Bis 2030 solle jo d'EU-Länner 55% CO2-Emissiounen aspueren. "Mir sinn op der Trajectoire", seet dozou d'Ministesch, ma elo misste konkret Mesuren ëmgesat ginn. Zum Beispill wier d'Renovéiere vu Logementer wichteg.

Zu Déifferdeng goufen am deem Kader 4000 Haiser identifizéiert, déi an enger änlecher Art a Weis gebaut gi sinn. Esou kënnen d'Awunner souzesoen un der Hand geholl ginn, fir d'Renovatioun gemeinsam virun ze bréngen. Dee Projet soll dann hëllefen, Erfarungen ze sammelen, fir eng Renovéierungsgesellschaft ze entwéckelen. D'Leit sollen och duerch den Aide-Pak gefouert ginn. Dacks ass et nämlech net einfach, den Iwwerbléck ze hunn. Ma genee dofir wier et wichteg, dass d'Politik et esou einfach an attraktiv wéi méiglech mécht, fir méi ëmweltfrëndlech ze handelen.

D'Politik géing awer och scho vill maachen, fir kloer Reegele vir ze ginn, esou d'Ëmweltministesch. Dat wier beim Bauen de Fall, wou virgeschriwwe gëtt, wéi méi nohalteg muss gebaut ginn.

D'Naturschutzgesetz par contre ass als ze vill streng empfonnt ginn, eng Kritik déi d'Joëlle Welfring ugeholl huet, dowéinst gëtt d'Gesetz den Ament ofgeännert.

Och d'Industrie misst hire System iwwerdenken, et muss vill méi a Richtung Kreeslafwirtschaft goen. Dofir ass den Ëmweltministère och bereet, d'Gesetzer z'iwwerschaffen an z'analyséieren, wéi d'Industrie besser kann encadréiert ginn, fir méi nohalteg an ëmweltfrëndlech ze funktionéieren.

Plang fir Käerjenger Contournement muss geännert ginn

Fir de Contournement Käerjeng gëtt et elo eng nei Propositioun. Ma de Projet muss awer, anescht wéi 2016, esou geplangt ginn, dass de Bësch erhale bleift. Zum Beispill doduerch dass en Tunnel gebaut gëtt. D'Ministesch kéint verstoen, dass d'Leit veriergert sinn, dass esou laang geplangt ginn ass, fir de Projet elo awer nees ze änneren. Den Zentrum wier staark belaascht, d'Leit wieren antëscht ongedëlleg. Der Joëlle Welfring no wier de Leit awer och net gehollef, wann elo géing ugefaange gi mat bauen, mee dann awer e Baustopp kënnt, well de Chantier géint d'Ëmweltoplage verstéisst. D'Regierung muss dowéinst elo eng nei Decisioun huelen.

Wat d'CO2-Taxe ugeet, esou wier net all Land an der EU esou wäit wéi Lëtzebuerg. Et wier déi richteg Entscheedung gewiescht, dës Taxe virun enger Rei Joren anzeféieren. Elo kéinten ëmmer nach Upassunge gemaach ginn.

Klimaneutral ass jo d'Zil, mee dofir misst nach Villes geschéien. Zum Beispill musse Kleng- a Mëttelbetriber besser ënnerstëtzt ginn. Et géing net duergoen, op d'Klimaagence ze verweisen, mee mat Luxinnovation wëll d'Regierung sech direkt un d'Betriber wenden.

Méi sensibiliséiere fir manner Waasser ze verbëtzen

D'Waasserversuergung spillt an der Ëmweltpolitik och eng grouss Roll. Et gi verschidde Méiglechkeeten, fir d'Waasserreserven esou gutt et geet ze schützen, net just wat d'Quantitéit, mee och d'Qualitéit ugeet. Verschidde Quelle kéinte nach ausgebaut ginn, mee déi aktuell Quelle mussen och geséchert ginn. Fir d'Grondwaasserversuergung ze garantéieren, war et vun der Ministesch och den Opruff un d'Gemengeverantwortung. Falls et mam Waasser am Summer wäert knapp ginn, sollen d'Gemengen erëm Mesuren erloossen. Eng Piscine am Gaart fëllen oder de Wuess nätzen kann da verbuede ginn.

Allgemeng wëll de Ministère och méi geziilt dorop hiweisen, wéi Waasser ka gespuert ginn, wa renovéiert gëtt. Zum Beispill, fir dass d'Drénkwaasser, also d'Krunnewaasser, net méi fir d'Toilette benotzt gëtt. Krunnewaasser drénke wier och immens wichteg, well manner Plastiksfläsche benotzt ginn. Mee awer och well déi Leit sécherlech e gréissert Verständnis dofir hunn, d'Waasser dann net ze verbëtzen. D'Ministesch huet begréisst, dass ëmmer méi Leit d'Krunnewaasser drénken, dat géing och weisen, dass e grousst Vertrauen an d'Waasser do ass.

D'Ëmsetzen vum Offallgesetz ass och en immens wichtege Schrëtt. Ee-Wee-Geschier soll esou wäit et geet verhënnert ginn. Op deem Plang géing sech awer vill doen, d'Betriber géingen zum Deel selwer, zum Beispill an der Gastronomie, op de Wee goen, fir manner Offall ze produzéieren.

Primmen - schaffen u Vereinfachungen

Iwwert den Ëmweltministère ginn eng ganz Rëtsch Aiden ausbezuelt. Et gëtt ee finanziell ënnerstëtzt oder encouragéiert fir ëmzeklammen.

Et dauert deels vill ze laang, bis déi Aiden ausbezuelt ginn. Dat weess d’Joëlle Welfring. Hire Ministère schafft drun, datt et méi séier geet a gläichzäiteg och u Vereinfachungen.

Déi finanziell Hëllefe sinn hei am Land besonnesch attraktiv an dofir ass den Zoulaf ganz grouss.

Si hätt derfir gesuergt, datt d’Personal verstäerkt gëtt. Et hätt ee 5 Leit rekrutéiert a wär amgaangen, nach 5 weider Persounen anzestellen.

An et géif un enger Digitalisatioun geschafft ginn. Fir datt d’Demande méi einfach gëtt an d’Ausbezuele méi séier geet.

Zanter Oktober funktionéiert dat scho fir d’Wallboxen, d’Luedstatioune fir d’Elektroautoen.

Gläichzäiteg ginn och d’Ofleef an Reegelen iwwerkuckt, ob do net ka verbessert ginn, fir datt et méi séier geet. Si wär do hannendrun, huet d’Ministesch verséchert.

Op d’Vëlosprimm waart een aktuell nach ee Joer, dat wär kloer vill ze laang. Och do géif un enger Digitaliséierung geschafft ginn. Si hofft, datt een nach virum Summer Vereinfachunge ka virstellen.

Eng "Éier" an der Regierung ze sinn

D’Joëlle Welfring ass jo eng Quereinsteigerin an d’Politik. Am Oktober stellt si sech de Walen, als gréng Co-Spëtzekandidatin am Süden. De Walkampf wär eng nei Erfarung. Nei Iddie fir de Walprogramm entwéckelen an un der Ëmsetzung schaffe sinn hir Prioritéiten. Si wëll am Natur- an Ëmweltschutz Saachen no vir bréngen, nennt et eng "Éier", wa si nees kéint an enger Regierung derbäi sinn. Mä géif natierlech och als Deputéiert an d’Chamber goen.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.