E Samschdeg waren de Michel Malherbe, den Alex Donnersbach, d'Jacqueline Breuer an de Stephen De Ron Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich.

Am Background waren dës Woch Gemengewalekandidaten aus véier Zentrumsgemengen invitéiert: den DP-Buergermeeschter vu Miersch Michel Malherbe, de Walfer CSV-Gemengeconseiller Alex Donnersbach, d'Jacqueline Breuer vun der LSAP zu Sandweiler an de Spëtzekandidat fir déi gréng zu Hesper de Stephen de Ron.

D'Detournementsaffär zu Hesper, wou 2 Gemengebeamten der Gemeng iwwer 5 Milliounen Euro geklaut hunn, war natierlech Thema an der Ronn. De Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe huet ze bedenke ginn, datt een als Schäfferot och senge Mataarbechter misst vertraue kënnen.

"Dat si jo Leit, déi awer kapabel sinn, och d'Gemeng kënne féieren, well ouni déi geet guer näischt. A mir als Schäfferot kënne mer an enger Ënnerschrëft op de Mandaten, ech kann Iech soen, mat deenen Honnerte vu Mandater, déi ech elo awer pro Woch, fir net ze soen nach méi, mat eisem Schäfferot ënnerschreiwen, mir kucken ob d'Ënnerschrëfte vun Techniker drop sinn an d'Ënnerschrëft vun eisem Sekretär, ech mengen ass och nach eng Dam do, déi dat alles accordéiert an déi dat och kontrolléiert, mee frot mech awer net elo ob ech all Kontennummer vun all Firma kennen. An ech menge bei klenge Zomme geet dat duerch, bei anere grousse Zomme, géif een déi Firma net kennen, da géif een nofroen. Mee ech wier net deen, deen deen éischte Steen hei géif geheien."

De CSV-Gemengeconseiller vu Walfer Alex Donnersbach dann huet méi Kontroll an eng Reform vum Gemengegesetz an deem Sënn gefuerdert. Fir de Stephen de Ron, Spëtzekandidat fir déi gréng zu Hesper, stellt sech am Fall vun der Hesper Affär och d'Fro vun der Kommunikatioun an der Transparenz vum Schäfferot.

"Et muss een d'Léieren draus zéien, wéi ee muss propper kommunizéieren, mat de Leit kommunizéieren, well wann ee mat de Leit net kommunizéiert, da mengen dono d'Leit, do ass iergendeppes, do probéieren se eppes ze verstoppen. A fir eis geet et lo drëm déi Léieren draus ze zéien an ze wëssen 'Wéi muss ee kommunizéieren?' Wann eppes schif geet, da muss een et soen an et muss ee sech net iergendwéi verstoppen, well d'Leit kënnen et jo och verstoen, dass dat schif leeft."

D'Sandweiler LSAP-Conseillière Jacqueline Breuer iwwerdeems huet festgestallt, datt och an hirer Gemeng nach um Niveau vun der Transparenz Sputt no uewen ass.

"Et gëtt ëmmer vun Transparenz geschwat, mee si gëtt net ugewannt. D'Leit ginn net opgekläert, si ginn ëmmer viru Fait Accomplië gestallt. Mir wëllen am Fong geholl, mir fuerderen eng Biergerbedeelegung, an op allem Niveau. Mir wëlle wësse wat de Bierger wëllt, et ass de Bierger, deen am beschte säin Duerf kennt an deen och d'Problemer kennt, mee dofir muss awer eng eng Kommunikatioun sinn."

Professionaliséierung

An der Diskussioun goung et och ëm d’Fro, ob d’Gemengemandater misste professionaliséiert ginn. Dem Alex Donnersbach no misst de Schäfferot professionaliséiert ginn an och deementspriechend entlount ginn.

"Elo si mer jo erëm virun de Walen, eng ganz Rei Jonker presentéiere sech fir dës Walen, an der CSV hu mer iwwert 130 Jonker déi sech presentéieren. Wann déi lo gutt gewielt géife ginn, no deene Walen, da stellt sech fir si ganz konkreet d'Fro, wa se schonn en Job hunn, wa se just nach keen hunn, wéi finanzéieren ech dat elo, kann ech deen Job maachen, kann ech Schäffen 20 Stonnen d'Woch maachen ouni vill ze verdéngen? Déi meescht Leit net an da maache se et och net. Do muss eppes kommen, fir och deem Rechnung ze droen."

D'Jacqueline Breuer huet 40 Stonnen d'Woch fir e Buergermeeschterposten ubruecht fonnt, och de Stephen De Ron hält eng gewësse Professionaliséierung fir néideg.

"Déi Buergermeeschter déi ech kennen, déi schaffen net nëmme 40 Stonnen. Et ass net e Beruff, et ass eng Beruffung, an dat muss ee liewen. Dat nämmlecht ass mam Schäfferot an och mam Gemengerot. Zu Hesper, do huet de Gemengerot 5 Stonne, 5 Stonne pro Woch, dat geet bei wäitem net duer. Well wann een eng Gemengerotssëtzung preparéiert, bon, ech sinn net am Gemengerot, ech assistéieren awer ëmmer bei de Preparatiounen, wann een do 200 Säiten Dokumenter kritt, an dat wëll ee gär propper a richteg maachen an dann och en fonction d'Froe stellen, do ass awer eppes komesch oder deen dote Posten ass net gutt oder do si Feeler geschitt, do sëtzt ee méi wéi 5 Stonnen do, do gi locker 10-15 Stonnen d'Woch drop."

De Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe huet awer ze bedenke ginn, datt d'Leit duerno nees mussen am Beruffsliewe kënne Fouss faassen...

"Eng Gemeng Miersch mat 26 Stonnen d'Woch, dat geet einfach net duer an ech sinn de Meenung, ech hunn elo 65 Joer, ech maachen dat well mer ëmmer geschafft hunn an dat ass einfach esou. Mee ech kéint mer awer net virstellen elo si mer iwwer 10.000 Awunner eng Gemeng Miersch, wann elo en neie Buergermeeschter kéim, deen hätt 45, 50 Joer an hätt eng Karriär viru sech, an da géif et elo da Professionell sinn, wéi et dach elo gesot véierzeg Stonnen d'Woch, an e kënnt aus der Privatwirtschaft da wéisst ech gär, wéi e seng Entscheedung géif huelen, well en ass jo net sécher, datt en a 6 Joer erëm gewielt gëtt, an dat ass jo dann e Problem, a vläicht hëlt en de Posten da guer net un. An dat ass awer anescht bei de Fonctionairen, déi hunn eng sécher Plaz."

Et kéint awer och net sinn, dat just Fonctionairen d'Geschécker vun de Gemenge géinge leeden, sou de Michel Malherbe.

Logement, Mobilitéit, Aarbechtsplazen

De Logement ass d'Haaptsuerg vun de Leit zu Lëtzebuerg, esou d'Resultat vun de leschte Sondagen. Fir Wunnraum a besonnesch bezuelbare Wunnraum ze schafen, droen d'Gemengen och hir Responsabilitéit. De Wunnraum zu Sandweiler wier gréisstendeels ganz deier, sou d'LSAP-Oppositiounspolitikerin Jacqueline Breuer. Och den Alex Donnersbach, deen als Conseiller mat der CSV an der Majoritéit zu Walfer ass, huet zouginn, datt et besonnesch fir Jonker net einfach wier a senger Gemeng ze wunnen.

"Et ass schwiereg, dat muss een elo einfach esou soen, well d'Präisser zu Walfer sinn extreem héich a mir sinn eis dat bewosst an dowéinst hu mer och zwee Projeten den Ament an der Planung, speziell fir Jonker. Mir hunn e Projet mat Tiny Housen, wou mer 8 Tiny House plangen, wou mer u Jonker, déi hiert professionellt Liewen ufänken, datt mer un déi kënne verlounen. A mir hunn en zweete Projet, dee mer nenne "Jonk Wunnen", wat e bësse méi e grousse Komplex sollt ginn, bei der Ënnerféierung."

D'Gemenge kéinten awer och net alles maachen, de Staat misst och säin Deel zum Schafe vu Wunnengsbau bäidroen. Där Meenung war och de Michel Malherbe. Eng Erausfuerderung fir d'Urbaniséierung an de Gemenge Walfer, Miersch an och Hesper ass den Héichwaasserschutz. No den uergen Iwwerschwemmungen 2021 gëtt zu Walfer versicht e Bauprojet am Zentrum vun der Gemeng manner dicht ze maachen, zu Miersch gëtt den neie Quartier Rives de l'Alzette beim alen Agrozenter 80 Zentimeter méi héich gebaut. Et misst een de Leit och déi richteg Incentive ginn, seet de Stephen de Ron.

"Ech weess, dass ganz vill Leit Suen ausginn hunn, fir Schotter-Gaart, da muss ee vläicht dohinner goen, also mir wëllen dat mol zu Hesper maachen an hinnen eng finanziell Sprëtz ginn, fir ze soen "hei wann déi Äre Schotter-Gaart rëm an en normale Virgäertchen ëmwandelt, dat ass eng ganz gutt Saach, mir ënnerstëtzen Iech dobäi". Well wa mer deen Héichwaasserproblem confrontéieren an an de Grëff kréien, sou schafe mer och rëm Liewensqualitéit."

Zur Liewensqualitéit gehéiert och, datt een op kuerze Weeër alles a senger Gemeng fënnt, sou de Constat am Background. Fir de Michel Malherbe hënnere schwéierfälleg Prozeduren dru fir méi Aarbechtsplazen an de Gemengen ze schafen.

"Mir kommen einfach net virun, mir wëssen, datt mer 1.200 Aarbechtsplaze kënnen hunn. Leit wëllen do schaffen, dat ass och Mobilité douce, da kënnen d'Kanner vu Miersch och do schaffe goen, déi brauchen dann net an d'Stad ze goen, si brauchen net op Esch oder op Ettelbréck ze fueren, dat nennen ech och Mobilité douce. Mir kommen einfach mat de verschiddene Ministèren, komme mer einfach net virun. Mir kréien nëmme gesot, déi hutt Är Aufgab gutt gemeet, mee dat geet ëmmer erëm Step by Step virun. De Problem ass, heiansdo ass dann erëm ee Fonctionnaire, deen da wiesselt, deen net méi do ass, da bleift den Dossier hänken oder et kritt ee gesot no 6 Méint "votre dossier est incomplet", am Plaz et direkt ze soen."

Background: Spezial Zentrumsgemengen
Resumé vum Background am Gespréich
E Samschdeg waren de Michel Malherbe, den Alex Donnersbach, d'Jacqueline Breuer an de Stephen De Ron Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich.

D’nächst Woch am Background ass et dann eng Ronn vu Gemengepolitiker aus dem Osten.

Eis Invitéen

Michel Malherbe, Mierscher DP-Buergermeeschter

RTL

© René Pfeiffer / RTL

Alex Donnersbach, Member am Gemengerot fir d'CSV zu Walfer,

RTL

© René Pfeiffer / RTL

Jacqueline Breuer, LSAP-Conseillière zu Sandweiler

RTL

© René Pfeiffer / RTL

Stephen De Ron, Kandidat fir déi Gréng zu Hesper

RTL

© René Pfeiffer / RTL

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.