E Samschdeg hu mir de Bezierk Norden virun de Gemengewalen den 11. Juni an der Emissioun Background am Gespréich um Radio op de Leescht geholl.

D'Gesondheetsversuergung, d'Mobilitéit an d'Entwécklung vum ländleche Raum waren e Samschdeg d'Themen an der Emissioun Background en vue vun de Gemengewalen, mam Fokus op de Bezierk Norden.

Heiansdo hätt ee schonn d'Gefill, dass d'Éislek an de ländleche Raum géinge vun der nationaler Politik vergiess ginn. Ma doduerch, dass an de leschte Jore vill méi Leit am Norde wunnen, wieren déi national Politiker gutt doru gedoen, där Regioun méi Visibilitéit ze ginn, fënnt den CSV-Spëtzekandidat a Gemengeconseiller zu Dikrech, Charel Weiler.

D'Co-Spëtzekandidatin fir déi gréng a Gemengeconseillère vun Ettelbréck, d'Svenja Birchen, huet eng sëllegen Infrastruktur-Projeten opgezielt, déi géife weisen, dass ënnert der leschter Regierung ganz vill am Norde geschitt wier. Och d'LSAP-Vizepresidentin vu Clierf, d'Tina Koch, an den DP-Buergermeeschter vu Schieren, den Eric Thill, gesinn d'Investissementer am Norden. Gläichzäiteg géif et awer nach vill ze di ginn.

Gesondheetsversuergung

Als Infirmière vum Terrain géif si d'Versuergung um Land mat engem laachenden a kräischenden A gesinn, esou d'Tina Koch. D'Offer misst méi Patienten-orientéiert sinn. Zum Beispill sinn dofir d'IRMen elo och de Weekend op. Ma d'Penurie un Dokteren a Gesondheetspersonal wier effektiv e grousse Problem. D'Medezin an d'Fleeg hätte sech esou spezialiséiert, dass net méi iwwerall alles gemaach kéint ginn, gëtt d'Tina Koch ze bedenken. Allerdéngs misst déi ländlech Versuergung assuréiert ginn an zwar an Zesummenaarbecht mat de Spideeler. Vun IRMen a private Praxissen ass d'LSAP-Politikerin net iwwerzeegt.

Zu Schieren wier ee gutt ugebonnen, mat dem Spidol zu Ettelbréck, huet den Eric Thill erkläert. Ma huet och un déi temporär Fermeture vun der Maternité erënnert, wat absolut inakzeptabel gewiescht wier. Fir déi lokal Gesondheetsversuergung ze verbesseren, bräicht et méi pluridisziplinär Dokteschpraxissen a Maisons Medicales. Do missten och d'Gemengen hir Responsabilitéit iwwerhuelen, zum Beispill fir Gebaier opzekafen, ze renovéieren an dann un d'Dokteren ze verlounen. Dem DP-Buergermeeschter no sollt et och méiglech sinn, dass Doktere sech a Gesellschaften dierfen zesummeschléissen. Et misst ee sech an deem Sënn trauen, och nei Weeër ze goen.

D'Gesondheetsversuergung am Norde wier eng Katastroph, fënnt de Charel Weiler. An deem Secteur wier déi lescht Joren net terribel vill geschitt. Dramatesch wier d'Situatioun vun der Urgence pédiatrique. Et dierft keen Automatismus sinn, dass all Kand muss an d'Stad gefouert ginn. Allgemeng misst awer assuréiert ginn, dass d'Leit am Norden déi selwecht Versuergung hunn, wéi soss am Land.

Fir den Norde wier Ettelbréck immens wichteg, dofir misst d'Spidol als Aarbechtsplaz fir Dokteren an Infirmièren attraktiv bleiwen. Just esou kéint een och d'Penurie bekämpfen. Fir Ettelbréck wier et elo wichteg, den Ausbau vum CHDN an dem CHNP virunzedreiwen, well schliisslech de ganze ländleche Raum am Norde mat géing do drunhänken, sou d'Svenja Birchen.

D'Konzept vun der Gemengeninfirmière hunn iwwerdeems esouwuel d'Tina Koch wéi och d'Svenja Birchen propagéiert. Doduerch kéinten d‘Strukturen entlaascht ginn an d‘Gemengen informéiert ginn iwwer d'Besoine vun de Leit.

Mobilitéit am Norden

Zu Dikrech gëtt et e Verkéiersprobleem wéinst dem villen Duerchgangsverkéier. Dat wier awer e regionale Probleem, also net just zu Dikrech, deen dofir och op dem nationalen Niveau misst geléist ginn, fënnt de Charel Weiler. D'CSV Norden fuerdert deemno Contournemente fir Dikrech an Ettelbréck. Donieft sollten d'Zuchstrecken esou wäit wéi méiglech zweegleiseg ausgebaut ginn an och d'N7 soll 4-spureg ginn. Gläichzäiteg sollte méi Administratiounen an den Norde kommen, esou dass manner misst an d'Stad gependelt ginn. Dem Charel Weiler no sollt een och fir d'Nordstad-Gemengen e System vun engem Tram-änleche Bus envisagéieren. Hie gëtt d'Beispill vu Metz. Eng Iddi, déi vun den aneren Invitéë begréisst gouf.

Den Eric Thill erkläert, dass an de leschte Joren immens vill an d'Mobilitéit investéiert gi wier. Do wär et Joerzéngte virdrunner verpasst ginn, z'investéieren, an déi Retarde kéint een och elo net bannent e puer Joer ophuelen. A sengen Aen missten d'Korrespondenzen tëscht de Bussen an den Zich awer nach verbessert ginn an och beim RGTR-Reseau allgemeng géif et nach Verbesserungspotential.

D'Svenja Birchen huet ënnerstrach, wéi performant de Bussystem aktuell schonn ass. Am Verglach mam Ausland wier dësen immens gutt. De Bus wier awer keen Taxi, dofir dierft den Auto net verdäiwelt ginn, et bräicht een deemno zum Beispill och Park-and-Riden. Alles an allem misst méi op multimodal Solutioune gesat ginn, esou déi gréng Politikerin.

An der Nordspëtzt wäert net kënnen op den Auto verzicht ginn, gëtt d'Tina Koch ze bedenken. Et misst een ophalen, Foussgänger, Vëlo, Auto a Bus géinteneen auszespillen. Et misst awer onbedéngt den Duerchgangsverkéier an den Dierfer reduzéiert ginn, mat Contournementen an dem Ausbau vun der N7.

Landesplanung

Wat eng méiglech Fusioun vun den Nordstadgemengen ugeet, hätt sech vill Frust opgebaut. Ënnert anerem well d'Gemengeréit net genuch mat agebonne géife ginn, esou d'Svenja Birchen. Allgemeng wier d'Kommunikatioun e Probleem. Et géif verpasst ginn, d'Virdeeler vun enger Fusioun ervirzehiewen. Mat enger Nordstad hätt een endlech een 3. Entwécklungspole am Land an domadder nationalpolitesch gekuckt och méi Poids. Mat enger Nordstad-Fusioun kéinten d'Servicer fir de Bierger méi effikass ausgebaut ginn, och d'Infrastruktur besonnesch fir d'Bierger aus klenge Gemenge gëtt besser. Klima- an Ëmweltschutz a Mobilitéit kéint een da regional ugoen. Et kéinte méi Sport-a Kulturinfrastrukturen ugebuede ginn.

Och zu Dikrech hätt sech d'CSV-Oppositioun gewënscht, méi informéiert ze ginn, betount de Charel Weiler. Direkt no de Gemengewale missten déi jeeweileg Schäfferéit sech sou séier wéi méiglech nees mateneen un een Dësch setzen, fir ze kucke wéi et virugeet.

Et wier vill geschafft ginn a gutt geschafft ginn déi lescht Joren. Natierlech wier eng Fusioun vu 5 Gemengen, wou et ëm 26.000 Awunner geet, ee komplexen an däregen Dossier, sou den Eric Thill. Allerdéngs misst ee sech do och hannerfroen, ob d'Kommunikatioun ëmmer ganz glécklech gewiescht wier. DP-Norden géing zu 100 Prozent hannert der Fusioun vu 5 Gemenge stoen, och wann deels vun aneren DP-Memberen (dem DP-Kandidat vun Dikrech n.d.l.r.) aner Vuë propagéiert gi wieren.

Fir d'Biergerlëscht an der Gemeng Clierf ass et wichteg, dass nees Liewen an de Stadkären, respektiv an den Dierfer soll entstoen. Do soll d'Gemeng no Fläche kucken an déi fir kleng Epicerien oder Pop-Up Stores zur Verfügung stellen. Donieft missten awer och d'Fräizäit- an d'Kulturofferen fir d'Bierger gestäerkt ginn. Zum Beispill mat engem Kloterpark oder enger Tyrolienne. Vill Kritik gouf et da fir d'Verréckele vu Verwaltungen a Servicer aus dem Norde Richtung Zentrum. Doduerch géinge vill Aarbechtsplaze verluer goen, kritiséiert d'Tina Koch. Déi Kritik hunn och déi aner Invitéeë gedeelt.

Background am Gespréich: Kandidaten aus den Nordgemengen
De Resumé vum Background am Gespréich
E Samschdeg hu mir de Bezierk Norden virun de Gemengewalen den 11. Juni op de Leescht geholl.

Invitéiert waren:

D‘Tina Koch LSAP-Politikerin an op der Biergerlëscht zu Clierf

D‘Svenja Birchen, Co-Spëtzekandidatin fir déi Gréng a Gemengeconseillère zu Ettelbréck

Den Eric Thill, DP-Buergermeeschter vu Schieren

An de Charel Weiler, CSV-Spëtzekandidat a Gemengeconseiller zu Dikrech

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.