LSAP de "Garant" vum "Wohlfahrtsstaat"
"Eng sozialistesch an ekologesch Approche ginn Hand an Hand" an dat géing och am LSAP-Walprogramm zentral sinn, sou de Wirtschaftsminister am Background.
Seng Partei géing net komplett op e gréngen Walkampf setzen, huet hie betount, mee et géing e kloren Zesummenhang tëscht Ekologie a Sozialem ginn. Och d’Steiere géingen e wichtegen Thema am LSAP-Walprogramm ginn. De Franz Fayot huet ënnerstrach, datt d’Leit ëmmer un éischter Plaz wieren, dann de Planéit an dann eréischt de Profit. An och dat wäert bei de Wale fir d’Sozialisten an éischter Linn stoen. Et misst eE sech Gedanke maachen, wéi a wat een an Zukunft gär besteiert, wëssend datt de Facteur Aarbecht ganz staark besteiert géing ginn am Verglach zu anere Saachen. D’Ierfschaftssteier schéngt och fir d’LSAP vum Dësch. Par konter huet de sozialistesche Minister sech fir méi Steieren op d’Immobilien ausgeschwat. Mat awer héije Fräibeträg, fir net déi ze treffen, déi eng Wunneng oder nach Appartementer hätten. De Franz Fayot huet och de Bilan vu senger Partei verdeedegt : D’LSAP wier de Garant vum «Wohlfahrtsstaat», vum Index a vun de Sozial-Transferten, ouni déi et a sengen Aen hei am Land sécher méi Aarmut nach géing ginn. Lëtzebuerg ass kompetitiv
Beim Thema Wuesstem misst ee sech d’Fro stellen, wéi eng Entreprisen een am Land wéilt a wéi eng op Lëtzebuerg passen. Lëtzebuerg géing op d’Digitalisatioun setzen an op d’Diversitéit. Et wier och nach ëmmer e groussen Interessi vun Entreprisen do, sech zu Lëtzebuerg néier ze loossen oder hei auszebauen. Et kéint een net soen un Hand vu Beispiller wéi Google oder Fage, datt Lëtzebuerg net méi attraktiv fir Betriber wier. Hien huet notamment Vodafone genannt, déi e Logistikzenter do géing bauen, wou Knauf sollt kommen: um Wolser tëscht Beetebuerg an Diddeleng. Donieft géing ArcelorMittal um Belval investéieren an ausbauen. Wat Google ugeet, huet de Wirtschaftsminister iwwerdeems erkläert, datt den Online-Gigant bis 2024 Zäit hätt, e Projet anzereechen. Et wier awer och gewosst, datt Google rezent Datenzenteren an der Wallonie gebaut hätt. Et wier ee weiderhin a Kontakt mat Google, mee hie wéisst awer net, wat am Endeffekt decidéiert géing ginn. Dem Minister no wier Lëtzebuerg ënnert dem Stréch kompetitiv.
Reegele fir Ausgaben op Déngschtreesen
Wat d’Ausgaben op Déngschtreesen ugeet, déi an engem Artikel vu reporter.lu thematiséiert goufen, huet de Franz Fayot ënnerstrach, datt d’Käschten all am Kader vu Missioune gemaach gi wieren. Esou Missioune wiere keng Vakanzen an et wier nu mol üblech, bei offiziellen Iessen och mol Wäin ze drénken. Hie wier net den éischten, an och net den eenzegen an dëser Regierung, deen esou Depensë géing maachen. Et géing kee Kader fir ministeriell Depensen hei am Land ginn, d’Regierung géing en Text an den nächste Woche finaliséiere fir dat ze maachen. Dobäi géing ee sech un der Praxis am Ausland inspiréieren.
DP a Gréng oder CSV?
Wann DP, LSAP a Gréng no de Chamberwalen am Oktober nach ëmmer eng Majoritéit hätten, da geséich hien näischt, wat dogéint schwätzt, fir an där Constellatioun weiderzemaachen. Et kéim op de Vott vum Wieler an op d’Inhalter vun de Programmer un, mee «atmosphäresch» hätt ee gutt an der Koalitioun geschafft, sou de Franz Fayot. Op d’Fro ob eng Koalitioun mat der CSV méiglech wier, well hie viru Joren de Luc Frieden ferm kritiséiert hat, dozou sot de Franz Fayot: Hie géing näischt ausschléissen an d’LSAP hat an der Vergaangenheet eng Rei Koalitioune mat der CSV. Hien huet awer och gesot: «Ech mengen just, datt et besser Kandidate gi bei der LSAP, fir dee Posten, deen hien uviséiert, ewéi den Här Frieden».
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.