Op Gemengenniveau spillt d'Parteipolitik eng zweetrangeg Roll
E Samschdeg ware véier zukünfteg Gemengecheffen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Op Gemengenniveau spillt d'Parteipolitik eng zweetrangeg Roll. E Samschdeg de Mëtteg ware 4 jonk Politiker am Background invitéiert, déi no de Wale fir d'éischte Kéier de Buergermeeschterposten an hirer Gemeng iwwerhuelen.
An der Gemengepolitik kéim et bei de Wale méi op d'Leit u wéi op d'Partei, sot de Fréd Ternes, zukünftegen CSV-Buergermeeschter vun Nidderaanwen. Den neien LSAP-Buergermeeschter vun Ettelbréck sot, et géing elo virun allem ëm d'Gemeng goen, d'Parteipolitik géing manner eng Roll spillen. Änlech gesäit dat de Ben Ries, deen zu Jonglënster als neien DP-Buergermeeschter op eng gewësse Kontinuitéit wëll setzen. Wat hir Partei op nationalem Niveau proposéiert, kéint een net onbedéngt an der Gemeng ëmsetzen, sot iwwerdeems d'Mandy Arendt, déi Buergermeeschtesch vun der Majorzgemeng Colmer-Bierg gëtt a bei de Piraten ass. Ee Punkt, dee fir si awer wichteg wier, grad op lokalem Niveau, wier d'Transparenz, si wéilt zum Beispill e Livestream vun de Gemengerotssëtzungen ëmzesetzen.
Déi zukünfteg Buergermeeschtere wënsche sech da méi Zäit fir hiert politescht Mandat, den aktuelle politesche Congé wier och mat Syndicatsstonne knapps. Wann ee bei enger méi grousser Gemeng duerno just nach een Dag fir d'Aarbecht iwwereg huet, wier et och schwiereg, dat ënnert een Hutt ze kréien, sot de Bob Steichen. De Ben Ries an de Fréd Ternes soten, datt et vu Virdeel ass, wann ee beim Staat schafft. Egal wéi brauch een e flexibele Patron. D’Mandy Arendt huet zum Beispill just 13 Stonne Congé politique ze gutt fir hiert Mandat, déi aner 3 vu méi gréissere Gemengen 28 Stonnen. Eng Reform ass jo an der Maach, datt Stonne bäikommen, mä nach ass dat net ëmgesat.
D'Mandy Arendt huet annoncéiert, datt si bei de Pirate mat an d'Chamberwale geet. Si wier vun hirer Partei an de leschte Méint vill ënnerstëtzt ginn a si géing fannen, datt si do och misst eppes zréckginn. An och well et nach ëmmer proportionell wéineg Fraen an der Politik ginn.
Fir hie wier et ganz kloer, datt et keng Optioun wier, als Buergermeeschter mat an d'Chamberwalen ze goen, sot de Bob Steichen. Dat wier korrekt am zoustännege Gremium vu senger Partei opgeholl ginn, huet hien ënnerstrach.
Och de Fréd Ternes sot, hien hätt fir sech d'Decisioun geholl, sech komplett op d'Gemeng ze konzentréieren a keen Deputéiertemandat unzestriewen.
De Ben Ries konnt nach näischt dozou soen, bei der DP wier d'Decisioun zu de Lëschten nach net gefall.
Ugeschwat op d'Fusioun vun den Nordstadgemengen, sot de Bob Steichen, et wier een zu 5 Gemenge bis zu de Walen net dohi komm, wou ee wollt. Trotzdeem wier eng gutt Zesummenaarbecht entstanen an dat wier wichteg. Elo missten d'Gemenge sech froen, ob se d'Fusioun weider wéilten ustriewen. Ettelbréck wier a sengen Aen awer weider fir eng Fusioun.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.