"Grouss Erausfuerderunge fir d'Wirtschaft komme séier op Lëtzebuerg zou"
E Samschdeg waren de Fedil-Direkter, den LCGB-President an d'Direktesch vum Lëtzebuerger Institut fir sozio-ekonomesch Recherche eis Invitéen.
An eiser Emissioun Background goung et de Samschdeg de Mëtteg ëm d'Industrie. D'Situatioun ass duerchwuess. De PIB ass no ënne revidéiert ginn an uechter d'Secteure ginn et ganz ënnerschiddlech Constaten. An der Industrie an am Handwierk wier et extrem schwiereg duerch Problemer bei de Liwwerketten an d'Energie-Transitioun, déi ee misst entaméieren. Do wieren d'Secteure ganz ënnerschiddlech betraff, erkläert den Direkter vun der Industrielle-Federatioun FEDIL. Donieft géingen d'USA déi europäesch Industrien ulackelen an och bannent Europa gëtt et Konkurrenz, zum Beispill vu Frankräich a Spuenien, déi versichen géingen, eng kredibel Industrie-Politik op d'Been ze stellen. Dat mécht eis Konkurrenz, sou de René Winkin.
Déi ganz wirtschaftlech Situatioun uechter Europa ass schwiereg, confirméiert d'Direktesch vum LISER, dem Lëtzebuerger Institut fir sozio-ekonomesch Recherche. Déi digital Transformatioun wier eng Erausfuerderung. Lëtzebuerg hätt e grousse Skills-Gap, also en Decalage tëscht de Kompetenzen, déi mer hunn an därer, déi mer brauchen. Dat wier eng grouss Erausfuerderung och fir eis Gesellschaft. Lëtzebuerg wier net gutt genuch dorop virbereet an do misst een esouwuel an der Educatioun wéi och um Aarbechtsmarché Schrëtt entaméieren, sou d'Aline Muller.
Zanter der Pandemie komme mer net méi aus der Kris eraus, constatéiert den LCGB-Gewerkschaftspresident. Et hätt een zwar Tripartitesaccorde fonnt, mee d'Liewensmëttel wieren trotzdeem enorm deier ginn. Mir liewen an enger staarker Veronsécherung, sou de Patrick Dury. De Protektionismus géing ëmmer méi staark ginn an d'Globaliséierung wäert sech och an Zukunft veränneren.
Lëtzebuerg an d'EU musse méi reaktiv ginn
Dat, wat mécht steiert ass, dass mer eigentlech kéinten eppes géint déi Grënn ënnerhuelen, déi eis et aktuell méi schwéier maachen, sou de René Winkin. Zum Beispill am Bau. Kritik gëtt et do un der Reaktiounsfäegkeet vum Staat an vun der EU, fir op esou eng Situatioun ze reagéieren. An anere Géigende geet dat vill méi séier, kritiséiert de Fedil-Direkter.
Wéi ee Business-Modell wëlle mer hei am Land hunn? Déi Fro misst ee sech elo stellen, sou de Patrick Dury. D'Niche-Politik wéi den Tanktourismus oder de Finanzsecteur kéimen op een Enn. Et misst ee sech divers genuch opstellen, fir dass een net méi just vun engem Secteur ganz ofhängeg wier. Mir hu just Matière grise a Start-uppen, sou den LCGB-President.
Lëtzebuerger Wirtschaft méi breet opstellen
Mir sinn net hei, fir Regierungs-Bashing ze maachen, mee et sinn Themen, déi eis opwullen. Notamment an der Fro vum Logement an dem Afloss dorop op den Aarbechtsmarché, well d'Employéë keng Plaz fanne fir ze wunnen, preziséiert de René Winkin. Et bräicht een neie Modell. Wann een wéisst, dass mer 1-2 Milliarden an der Kees hätten duerch den Tanktourismus, da misst ee sech froen, wat geschitt, wann déi Recettë verschwannen?
D'Diversifikatioun vun der Ekonomie ass dofir eng Prioritéit, erkläert d'Aline Muller. Dat hëlt Zäit an dat muss een opbauen. An Tëschenzäit muss een de Betriber an de Salariéen zur Säit stoen. Et ass keng Surprise, mee mir sinn net gutt genuch dorop virbereet. Mir hätten zwar d'Capacitéit gewisen, fir Infrastrukturen opzestellen, mee d'Innovatiounscapacitéit wier net héich genuch. Et géing un héich-kompetente Leit feelen an där misst een entwéckelen. Donieft misst ee sech d'Fro stellen, wéi een dës kéint halen. D'Lëtzebuerger Betriber hätte méi Problemer wéi anerer an Europa, fir Talenter ze fannen, sou d'Direktesch vum LISER. Den ëffentlechen an de private Secteur missten do zesummeschaffen. Et hätt ee wärend der Pandemie gewisen, dass een dat hei am Land ganz gutt kéint hikréien.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.