De nationale Justizrot ass eng nei Ulafstell fir d’BiergerInnen
Zanter leschtem Samschden huet d‘Justiz zu Lëtzebuerg en neit Gremium: De Conseil National de la Justice, kuerz den CNJ.
"Dem Riichter seng éischt Roll", esou de Jean-Jacques Rommes, Member am Nationale Justizrot (CNJ), "ass och net, fir all Mënsch ze gefalen. De Riichter, datt ass net e Fonctionnaire, wou den Administré herno e Smiley dréckt, ech sinn zefridden, méi oder manner mat him. Et ass ebe nun mol esou, datt déi meescht Prévenuen, déi virun engem Strofriichter erschéngen, net därmoosse frou mat hirem Riichter sinn."
Keng Smiley fir d’Riichter
De Jean-Jacques Rommes war e Samschden zesummen mat der Martine Solovieff, Procureure Générale d’Etat an Presidentin vum CNJ, an der Valérie Dupong, fréier Bâtonnière an och Member am CNJ, deen zanter eng Woch existéiert.
Och wann d’Riichter net vu jidderengem kennen e “Smiley” kréien, sou soll de Conseil awer vun elo un Ulaf-, respektiv Schnëttstell tëscht Biergerinnen a Bierger an der Magistrature sinn. Zwar kann ee beim CNJ keng Urteeler ufechten, mat deenen een onzefridden ass. Dofir ginn et déi normal Recours-Méiglechkeeten, huet d’Martine Solovieff ënnerstrach. Mee jiddereen kann allgemeng Doleance a punkto Justice un de nationale Justizrot riichten. Doriwwer eraus kënnen d’Bierger a Biergerinne awer och konkret disziplinaresch Plainte géint Magistraten maachen. "Dat ass wann eng Partei elo géing mengen, e Magistrat war net onofhängeg oder e war parteiesch zum Beispill. E war influenzéiert gi vu baussen", esou d’Martine Solovieff.
"Dat ass tatsächlech e Fait, deen da muss analyséiert ginn. De Conseil huet jo dann dee Moment och d’Méiglechkeet, fir eng Enquête ze féieren." De Conseil dierft zwar keng Perquisitioune maachen, mee e kéint awer Zeien héieren, déi zum Beispill an enger Sitzung dobäi waren, wou e Magistrat sech soll donieft beholl hunn. Fir eng Plainte ze maachen, muss d’Prozedur viru Geriicht och ofgeschloss sinn, huet si ënnerstrach.
En einfache Formulaire fir Plainte disciplinaire ze maachen
Wéi awer solle Net-Juristen wëssen, op hir Experienz viru Geriicht derwäert ass eng Plainte ze maachen? A wéi kann ee iwwerhaapt esou eng Plainte schreiwen, wann ee kee Droit kennt?
Dem Valérie Dupong no gëtt schonn u Solutioune geschafft: "D’Iddi ass natierlech, datt d’Leit sech kënne fräi expriméieren. Also erklären, wat hinne passéiert ass oder wat se Mengen, wat hinne passéiert ass. A mir denken och do un a mir sinn schonn am gaangen drun ze schaffen, fir e Formulaire ze maachen fir d’Leit, deen d’Leit och guidéiert. Dat heescht, wou se spezifesch Froen gestallt kréien, wou se dann entweder kennen eppes ukräizen oder ausfëllen."
Dee Formulaire soll a méi Sproochen disponibel gemaach ginn. En attendant, datt déi Formulaire fäerdeg ginn, kéint de Conseil awer elo scho Plainten unhuelen, esou d’Martine Solovieff.
Villerlee Ursaache fir laang Delaien
Wéi grouss ass de Risk, datt et an deen meeschte Reklamatiounen em ze laang Delaien geet? Dat kéint een elo nach net aschätzen, huet d’Valérie Dupong gemengt. Mee et géife villerlee Ursaachen, wann Affäre net géife viru goen: “Dir hutt komplizéiert Affären am Strofrecht wou vläicht am Ausland Expertisen mussen ugefrot ginn, wou Dokteschexpertise sinn. An d’Leit versti net ëmmer, datt een do kee Resultat huet, den Dag drop an datt et dowéinst ganz laang dauert, bis een all d’Elementer am Dossier huet an dann iwwerhaapt eng Affär kann an d’Sitzung kommen.”
Dat géif awer zum Schutz vun de Justiciablen geschéien a wier noutwenneg, fir fair Prozesser ze garantéieren, esou d’Valérie Dupong. Eng aner Ursaach, déi si genannt huet, wier datt de Justizapparat net mat der Populatioun matgewuess wier.
Ma dobäi ass et schwiereg, déi Posten ze besetzen, déi et ginn, wéi d’Martine Solovieff erkläert huet. Ënnert anerem well een fir an d’Magistratur eran ze kommen, d’Lëtzebuerger Nationalitéit bräicht: “Wann een da weess, datt 60 Lëtzebuerger aus de Cours complémentaire eraus kommen am Joer, da weess see natierlech och, firwat mer Schwieregkeeten hunn. De Reservoir ass begrenzt. Déi kënnen an aner Verwaltungen. Et si verschiddener, déi natierlech Affekot bleiwen, et sinn der puer, déi bei eis kommen. Mir haten dëst Joer en Appel gemaach fir 25 nei Attaché de justice, mir hunn der 13 fonnt. Dat lëscht Joer war et genee dat nemlëscht. Dat heescht: Souvill fanne mer der net.”
De Moment sinn an der Justiz aacht Plaze net besat, sot d’Procureure Générale d’Etat De méi grousse Probleem wier allerdéngs, datt duerch Congéen permanent eng 20 Posten net besat wieren.
D’Onofhängegkeet ass immens wichteg
An der neier Verfassung, déi zanter enger Woch a Kraaft ass, ass d’Onofhängegkeet vun der Justiz explizitt verankert ginn. Dëst war jo d’Grondlag fir d’Schafe vum CNJ. Dee spillt awer elo och seng eege Roll, fir d’Indépendance vun der Justiz ze stäerken, notamment vun der Politik.
Et ass elo de Conseil, deen dem Grand-Duc proposéiert, wéi eng Magistraten e soll nominéieren, amplaz datt wéi bis elo de Justizminister d’Magistrate nominéiert. "Déi ganz Organisatioun vun deem, wéi een era kënnt, wéi d’Leit weiderkommen, wéi d’Riichter genannt ginn, wéi se vun enger Plaz op déi aner kommen am Rang méi héich ginn, deen dat bestëmmt total onofhängeg. Oder en Avis gëtt total onofhängeg vum Exekutiv”, wéi d’Valérie Dupong erkläert huet.
D'Martine Solovieff huet och ënnerstrach, wéi wichteg datt et wier, datt net just de Riichter hier Onofhängegkeet geséchert wär, mee och de Magistrate vum Parquet hir. Hat de Justizminister oder d’Justizministerin bis elo theoretesch eng Weisungsgewalt, also d’Méiglechkeet, de Parquet unzestellen, Poursuitten opzehuelen, ass dës Dispositioun elo ofgeschaaft.
Stellt iech vir, de Justizminister géif de Parquet ustellen, en aner Minister ze poursuivéieren
"Stellt iech lo fir an dëser Period, mir hätten eng Affär, wat peu probable ass, mee dat ass et awer mol ginn, dir hätt eng Affär géint e Minister", esou d’Martine Solovieff. "An dir hätt e Justizminister, deen elo net aus der nemleschter Partei géing kommen an dee géif (…)dem Parquet general respektiv dem Procureur den Uerder ginn, fir déi Affär ze poursuivéieren. Un deem Beispill gesitt der, wéi wichteg Onofhängegkeet och ass vum Ministère public respektiv vum Procureur général an ech kann dat nëmme begréissen, quitt datt dat mat laangwieregen Debaten verbonne war, datt mer elo tatsächlech och elo d’Onofhängegkeet vum Ministère public an der Verfassung verankert hunn."
Am Virfeld zur Créatioun vum nationale Justizrot waren et vill Diskussiounen em d’Besetzung ginn. Notamment dorëms, op Memberen vum Justizrot, déi net aus der Magistrature selwer kommen, e Probleem fir d’Onofhängegkeet vun der Justiz géifen duerstellen oder net - De CNJ huet elo néng Membres effectifs, vun deenen der dräi Magistrate sinn.
De Jean-Jacques Rommes, dee nieft der Viviane Ecker vun der Chamber an de nationale Justizrot nominéiert gouf, an d’Valérie Dupong, de vun de Barreau vu Dikrech a Lëtzebuerg gewielt gouf, hunn sech awer géint Virwërf gewiert, datt si politeschen oder soss Drock kéinten op d’Magistrature ausüben. Si géif de Bléck vun baussen erabréngen, esou d’Valérie Dupong, hir Erfarung mat de Clienten. Mee am CNJ géif si als Member siegéieren, wéi déi aner och.
De Jean-Jacques Rommes hat der Chamber a sengem Hearing gesot, gesot, datt e keng Parteikaart hätt. Et géif natierlech zwee Modeller fir esou e Justizrot ginn: Een, an deem d’Magistraten komplett ënnert sech géinge bleiwen, oder: "op kee Fall mussen déi ënner sech bleiwen. T’ass jo awer wichteg, datt do Leit hinnen op d’Fanger kucken, well soss setzen déi ëmmer am eegene Saaft". Dat wieren déi zwou extrem Positiounen, déi an der Fro géing ginn, esou de Jean-Jacques Rommes. "An de Gesetzgeber zu Lëtzebuerg huet do probéiert, e Mëttelwee ze fannen. Andeems e gesot huet: Et soll schonn e puer Leit vu baussen kommen, déi e puer hereetesch Froen stellen an deem Club vu Magistraten do. Dat soll et scho ginn." Mee datt d’Magistraten an der Majoritéit wieren, "Datt soll Expressioun dovunner sinn, datt d’Justice indépendante ass, datt si awer bei sech decidéieren, wéi se sech organiséieren."
Den Opbau an d'Zesummesetzung vum Lëtzebuerger Justizrot géifen bei der EU-Kommissioun als gutt Beispill fir aner Länner gëllen, sot d’Valérie Dupong.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.