10. Mäerz: Robert Goebbels

Invité dëse Samschden ass de sozialisteschen Europadeputéierte Robert Goebbels.
D'Fuerderunge vun der Troika fir nach méi a Griicheland ze spueren si falsch a féieren d'Land net aus der Kris, dat sot de sozialisteschen Europadeputéierte Robert Goebbels viru kuerzem. Dës Woch war hien a Griicheland fir sech ee Bild ze maachen.
Doriwwer, iwwer de Scholdeschnëtt, méiglech Ausweeër aus der Scholdekris an europäesch Solidaritéit schwätze mer e Samschdeg mat him am Background am Gespréich.
Mam fréieren Deputéierten an ë.a. Wirtschaftsminister geet et awer och ëm Sujets ewéi Indexmodulatioun, Diversifikatioun vun der nationaler Economie an ëm seng Aussiichten iwwer d'Defië vun der Zukunft fir Lëtzebuerg.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.