“De Süde war nach ëmmer d’Zuchpäerd vun der LSAP”
Dat huet den LSAP Ausseminister Jean Asselborn am Background betount.
Hie war jo am neiste Politbarometer nees virun der Parteikolleegin Paulette Lenert op déi éischte Plaz komm. Seng perséinlech Beléiftheet stéing fir hien net am Mëttelpunkt.
Hie géif net forcement an d’Wale goen, fir no 20 Joer am diplomatesche Ressort och nach weider Ausseminister ze bleiwen. Och iwwer e Regierungsposten am Allgemengen wollt hien net schwätzen.
Op d’Fro, ob hien, deemno wéi et den 8. Oktober ausgeet, och als Deputéierten an d’Chamber géing sëtze goen, huet hien net kloer geäntwert. Déi Decisioune géifen op Basis vun de Resultater geholl ginn, esou de Jean Asselborn. D’LSAP-Lëscht mat ville prominenten Nimm am Süden, fir déi hie Co-Spëtzekandidat ass, wär d’Zuchpäerd vun der Partei. Am Süde wären d‘Sozialisten nach ëmmer ganz staark gewiescht.
Ma och déi aner Bezierker wären wichteg an d’Lëschten och do a sengen Ae gutt. Dass d‘national LSAP-Spëtzekandidatin Paulette Lenert an hirer Heemecht am Osten kandidéiert an net am Zentrum direkt géint de Xavier Bettel (DP) an de Luc Frieden (CSV) untrëtt, acceptéiert de Jean Asselborn.
D‘NATO-Bäitrëtter vu Finnland a Schweden wären enorm wichteg a géifen d‘Allianz stäerken. De Lëtzebuerger Chefdiplomat huet bedauert, dass den tierkesche President Erdogan de Schweden den Accès an d‘NATO laang mat sengem Veto blockéiert hat. Dat ouni Grond a mat erpresseresche Methoden.
De Jean Asselborn versteet, dass d‘Ukrain onbedéngt NATO-Member wëll ginn. Ma dat wär den Ament net méiglech. Den Artikel 5 vum Nordatlantik-Kontrakt gesäit vir, dass d‘Memberstaate militäresch intervenéiere mussen, wann en NATO-Land attackéiert ginn ass. Wann d‘Ukrain deemno Member géif ginn, wär d‘NATO mat Russland am Krich. Dat hätt als Konsequenz, dass och d‘Lëtzebuerger Arméi dra verwéckelt wär, huet den Ausseminister ze bedenke ginn.
Dofir wär zu Vilnius a Litauen um NATO-Sommet decidéiert ginn, fir e Conseil ze grënnen, bei deem d‘Ukrain dann um nämmlechten Niveau mat diskutéiere kann, ewéi d‘NATO-Memberlänner. En plus krut d‘Ukrain jo Sécherheetsgarantien. Eréischt wann de Krich eriwwer ass, kéint ee konkret iwwerleeën, wéi déi ukrainesch NATO-Memberschaft iwwer d’Bün ka goen.
Konkret Friddensgespréicher wären nëmme méiglech, wann de russesche President Putin seng Truppe géif komplett vum ukraineschen Territoire ofzéien. De Putin misst endlech verstoen, dass en de Krich verluer hätt, esou de Jean Asselborn. Op alle Fall misst de Westen der Ukrain all déi néideg humanitär, politesch an och militäresch Ënnerstëtzung ginn, fir dass déi sech an eng Positioun brénge kann, wou se potenziell um Verhandlungsdësch um méi laangen Hiewel géif sëtzen. Den Ausseminister huet awer zouginn, dass déi ukrainesch Géigenoffensiv aktuell net esou erfollegräich ass, wéi vill Leit gehofft haten.
An deem Kontext, mä och generell wär China e wichtegt Land fir de Westen. De Jean Asselborn huet d‘Ausso vum US-President Joe Biden ënnerstëtzt, dee gesot hat, China wär kee Feind.
Zwar huet China och enk Liene mat Russland. Mä d‘EU a d‘USA sollten dem Jean Asselborn no kucken, d‘Chineesen net u Russland ze verléieren. Ze begréisse wär senger Meenung no aktuell och, dass China sech zum Krich eigentlech neutral positionéiere géif. Waffeliwwerungen u Russland gouf et jo bis elo keng.
De Jean Asselborn ass och Minister fir Migratioun. Hie bedauert ganz staark, dass an Europa d‘Mënschlechkeet am Ëmgank mat Refugiéeë verluer gaange wär. Ënnertenee wären d‘Länner och net méi solidaresch.
De provisoreschen Accord vun den EU-Länner uganks Juni hei zu Lëtzebuerg iwwer d‘Asylreform, beschreift de Jean Asselborn als Kompromëss. Domat hätt een op mannst Polen an Ungarn iwwerstëmmt, déi am aktuelle Chaos gär weider gemaach hätten.
De Migratiounsminister huet confirméiert, dass d‘EU nees mat däitlech méi Leit ze dinn huet, déi an der Unioun Protektioun sichen. Dat géif sech och zu Lëtzebuerg weisen, wou iwwer 90 Prozent vun de ronn 8.000 Schlofplazen fir Refugiéeë besat sinn. Domat wär een zu Lëtzebuerg, wéi och an den Nopeschlänner „vir bäi an hanne widder“, wéi de Jean Asselborn sot. Eng 1.200 zousätzlech Better wären aktuell an der Maach. Ma an Zukunft misst de Grand-Duché sech drop preparéieren, dass all Joers tëscht 2.000 an 3.000 Persounen an d‘Land wéilte kommen. Och ouni extraordinär Krisen ewéi den Ukrainkrich.
Kriticken zu de Liewenskonditiounen an deenen Strukture fir Refugiéeën, versteet den zoustännege Minister. Hien huet awer erkläert, dass den Office National de l’Accueil an déi zoustänneg ONGe scho villes verbessert hätten.
Gesondheetlech géif et dem 74-Joer alen Politiker gutt goen. Seng Knéiproblemer hätt hien am Grëff. Enn Juli elo wëll de Jean Asselborn säin traditionelle Vëlostour a Südfrankräich maachen.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.