D'Mobilitéit am Oste war e Samschdeg ee vun de Sujeten am Background am Gespréich am Virfeld vun de Chamberwalen den 8. Oktober.

Et géif u gudde Verbindungen tëscht den Uertschafte feelen a Contournemente wieren néideg, huet de Léon Gloden vun der CSV betount an der DP-Ministesch fir d'Groussregioun Corinne Cahen virgeworf, net genuch an der Zesummenaarbecht mat den däitschen Nopere gemaach ze hunn.

Fir de Ben Streff vun der LSAP funktionéiert den ëffentlechen Transport leider nach ëmmer net gutt genuch. Et wiere vill Verbesserungen néideg, fir datt d'Leit éischter mam Bus fueren, wéi mam Auto. Dat hunn och d'Carole Hartmann vun der DP an den Daniel Frères vun de Piraten zouginn. De Wonsch wier do, datt d’Busser nees op d’Stater Gare, respektiv an de Stadzentrum fueren, an net nëmmen op de Kierchbierg. De Pirat Frères fuerdert och méi P&Riden, och schonn op der däitscher Sät.

De Background am Resumé
D'Mobilitéit am Oste war e Samschdeg ee vun de Sujeten am Background am Gespréich am Virfeld vun de Chamberwalen den 8. Oktober.

D’Chantal Gary vun déi Gréng huet ënnerstrach, datt d’Reform vum RGTR-Reseau villes verbessert hätt. An et géif nach weider reagéiert an adaptéiert ginn.
Wat d'Gesondheetsversuergung am Oste vum Land betrëfft, géif et kloer un enger Maison medicale feelen, bedauert de Robi Beissel vun der ADR. D'Chantal Gary vun déi Gréng plädéiert iwwerdeems fir eng Bestandsopnam, fir ze wëssen, wou wat genee feelt a gebraucht gëtt. D’Primärversuergung misst virop geséchert sinn.

Den CSV-Deputé-Maire Léon Gloden fuerdert weider eng Dezentraliséierung a weider Gesondheetsservicer fir den Osten. D’selwecht d’Piraten an den Daniel Frères. Fir an d’Stad bräicht een am Noutfall dacks ze laang, och mat de Waardezäiten.

Den LSAP-Kandidat Ben Streff huet déi sozialistesch Gesondheetspolitik verdeedegt. D’Waardezäite fir en IRM hätten a géifen sech nach weider verbesseren.

D’DP an d’Carole Hartmann si fir méi eng liberal Politik, déi den Doktere méi Fräiheete gëtt.

Background am Gespréich: Politesch Vertrieder aus dem Osten

Et hunn diskutéiert:

Ben Streff (LSAP)

Carole Hartmann (DP)

Chantal Gary (déi Gréng)

Léon Gloden (CSV)

Robi Beissel (ADR)

Daniel Frères (Piraten)

De Background am Gespréich mat Kandidaten aus dem Osten héiert Dir e Samschdeg wéi gewinnt live hei um Radio tëscht 12 an 1.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.