Südkandidate gesi vill Divergenzen an der Steierpolitik
E Samschdeg an der Mëttesstonn ware sechs Südkandidaten zu Gaascht an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Am Chamberwalkampf ginn et a Punkto Steierpolitik vill Divergenzen tëscht DP, LSAP, déi Gréng an der CSV, mee och ënnert de Regierungsparteie selwer. Am Background mat Südkandidaten e Samschdeg hei op RTL konnt een ënnert anerem eraushéieren, datt d’DP net d’Akkord ass mat de Koalitiounspartner LSAP an déi Gréng, fir déi grouss Verméigen ze besteieren.
Domadder ass d’DP an deem Punkt op der Säit vun der CSV. De Gilles Roth vun der CSV huet gewarnt: eng Verméigenssteier wier ongerecht, well déi eng Verméigen hir Steieren éierlech bezuelen, iwwerdeems aner Leit mat vill Suen iwwer Strukturen Ausweeër géinge fannen. Averstane mat der LSAP an déi Gréng ware par konter d’Carole Thoma vun déi Lénk an den Ali Ruckert vun der KPL, déi och am Studio waren.
Béid hunn och eng generell Upassung vum Barème un d’Inflatioun gefuerdert. Well dat besonnesch grousse Revenuen zegutt kënnt, misst een an hiren Ae wéi gesot och d’Verméige méi besteieren, sou wéi och de Spëtzesteiersaz nees an d’Luucht setzen. D’CSV wëll jo d’Steiere fir jiddereen erofsetzen. Vu 500.000 Euro Brutto d’Joer un soll et awer eng nei Tranche mat engem neie Spëtzesteiersaz vun 43 Prozent ginn.
D’Regierungsparteie ware sech dann awer Eens, fir Propos vun der CSV ze kritiséieren. De Max Hahn vun der DP sot, dat géing just 15 Milliounen Euro d’Joer erabréngen. D’Taina Bofferding huet d’Propos vun der CSV mat der vun der fréierer a ganz kuerzzäiteger brittescher Premierministesch Liz Truss verglach, déi ekonomesch gescheitert war. De Gilles Roth war domadder net d’accord.
D’LSAP, genee ewéi déi Gréng, wëlle méi geziilt d’Leit entlaaschten. Déi Gréng wëllen eng Upassung, déi d’Leit bis dräi Mol de Mindestloun entlaascht, sou de Meris Sehovic. D’Taina Bofferding huet vun 12.000 Euro Brutto de Mount geschwat, mee net iwwert eng generell Upassung vum Barème, mee iwwert eng generell Steierreform, bei där och wéi scho viru fënnef Joer ugekënnegt, et net méi dräi Steierklasse gëtt, mee just nach eng. D’DP wëll déi Reform och, mee an Etappen. Och de Barème soll an Etappen un d’Inflatioun ugepasst ginn, sou de Max Hahn, deen awer keng Entlaaschtung fir jidderee wëll verspriechen. Hien huet op 5 Milliarden Euro Hëllef fir d’Leit an d’Betriber wärend der Pandemie an der Inflatiounskris higewisen.
Wat d’Plus-Valuë bei Immobilien ugeet, sinn dann CSV an LSAP op engem Punkt op der selwechter Linn: fir vum reduzéierten Taux vun 20,5 Prozent ze profitéieren, soll een an Zukunft net ewéi haut zwee Joer an der Wunneng selwer gewunnt hu, mee fënnef Joer. D’LSAP wëll da souguer bei der eegener Wunneng d’Plus-Value steierfräi maachen. Fir déi Gréng wier dat net d’Prioritéit am Logement, sou de Meris Sehovic. Hien huet nees fir d’Besteierung vun eidele Wunnengen an Terraine plädéiert, mee och och op Wäertgewënn higewisen, deen Terrainen hunn, wann se an de Perimeter kommen. Do misst een a sengen Aen eppes maachen.
Ënnert dem Stréch kann een also zeréckbehalen, datt d’DP an d’CSV keng Steierhaussë wëllen. D’DP wëll dofir d’Leit och just esouvill entlaaschten, ewéi Sputt do ass, iwwerdeems d’CSV awer wëll d’Steiere bis Brutto-Gehälter vu 500.000 Euro d’Joer erofsetzen. D’LSAP an déi Gréng wëlle méi geziilt d’Leit bis zu engem gewëssen Niveau entlaaschten an d’Verméige besteieren, wat weder d’CSV, nach d’DP wëllen. Déi Lénk an d’KPL wëllen d’automatesch Upassung vum Barème a méi Steieren op grouss Verdénger a Verméigen.
Am Background mat de Südkandidaten ass et och ëm wirtschaftlech Entwécklung a Mobilitéit gaangen. All d’Parteie ware sech Eens, datt méi misst an den ëffentlechen Transport investéiert ginn. Den Auto dierf net verdäiwelt ginn, mee aner Transportmëttele misste méi attraktiv ginn. Wat d’wirtschaftlech Entwécklung ugeet, ware sech déi grouss Parteien Eens, datt ee selektiv misst sinn a besonnesch op Innovatioun a Betriber am Beräich vun der Nohaltegkeet soll setzen. Déi Lénk an d’KPL bezeechnen d’Angscht, datt mat méi soziale Rechter fir d’Salariéë Betriber d’Land géinge verloossen, als "Gespenst".
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.