Schlof-Gemengen am Norde verhënneren
An der Emissioun Background am Gespréich goung et e Samschdeg ëm de Bezierk Norden, virop ëm d'Theme Gesondheet a Verkéier.
Am Walbezierk Norde kënnen e Sonndeg néng Kräizer gemaach ginn. Fir iwwert dëse Bezierk ze schwätzen, waren e Samschdeg sechs Kandidaten an der Emissioun Background am Gespréich. D'Martine Hansen (CSV), d'Mireille Folschette (déi Lénk), de Marc Hansen (DP), de Claude Haagen (LSAP), de Claude Turmes (déi Gréng) an de Roy Holzem (déi Konservativ an eenzegen Kandidat, deen net am Norden, mee am Süden op enger Lëscht ass).
Wei kann ee wuessen an trotzdeem den Duerf-Charakter erhalen?
De ländleche Charakter bäibehalen, mee gläichzäiteg d'Dierfer ubannen an Infrastruktur garantéieren. Dat sinn d'Enjeuen am Éislek, doranner ware sech d'Invitéen eens. Den Norden dierft net vun der Entwécklung ausgeschloss ginn, ëmmer méi Leit géingen an den Norden wunne goen an d'Gemenge misste sou opgestallt ginn, dass se déi Servicer kënnen ubidden, déi gebraucht ginn, sou d'Martine Hansen vun der CSV. Do wier den Norden bei der leschte Gemengefinanzreform bei d'Lisette gelooss ginn. Déi Gemengen am Norde wieren manner dicht besidelt an doduerch grousse Verléierer bei där Finanzreform.
Fir d'Veraarmung vum ländleche Raum ze verhënneren, solle Leader-Projeten entwéckelt ginn. De Gemenge misst een awer och finanziell entgéintkommen, fir gréisser Projeten auszeschaffen, esou de Claude Haagen vun der LSAP.
Aarbechtsplaze schafen ass eng Méiglechkeet, fir souwuel den Trafic an d'Stad ze entlaaschten, wéi och fir Commercen an d'Géigend ze zéien, esou den DP-Minister Marc Hansen. Déi Lénk proposéieren an deem Sënn eng Aarbechtszäitverkierzung. Méi flexibel Auerzäite kéinte fir manner Trafic suergen, sou d'Mireille Folschette vun déi Lénk.
D'Landwirtschaft ass am Norden e wichtege Sujet. Ma dëse Secteur kéint vill besser an den Alldag agebaut ginn. Zum Beispill andeems Schoulkantinne mat an d'Boot geholl ginn, proposéieren Déi Gréng. Doduerch soll de Bauere wéinst der grousser Quantitéit e bessere Präis fir hir Liewensmëttel zougeséchert ginn an d'Schüler kéinte vu lokale Produite profitéieren.
Mobilitéit: Eng véierspuereg N7?
Wat d'Mobilitéit ugeet, muss et en Zesummespill tëscht den ënnerschiddlechen Transportmëttel ginn. Den Auto dierft net verdäiwelt ginn. Et kéint een awer och net erwaarden, am Norde Busser ze hunn, déi wéi an der Stad am 3-Minutten-Takt fueren, sou de Marc Hansen (DP).
Wat den Ausbau vun der N7 ugeet, do huet de Claude Turmes präziséiert, dass de Grénge Mobilitéitsminister Bausch dat schonn op de Wee bruecht huet. Zum Deel gouf sech an der Ronn awer och fir den Ausbau op 4 an net just op 3 Spueren ausgeschwat, notamment vum Martine Hansen vun der CSV. Et géing hëllefen, fir de Verkéier méi flësseg ze maachen a besonnesch, wann ee wéisst, dass ëmmer méi Leit géingen an den Norde wunne kommen, wier dat essentiel. Dës Regierung hätt déi Leit, déi op den Auto ugewise sinn, an dat wier am Norden d’Majoritéit, definitiv benodeelegt. Éischtens duerch den ëffentlechen Transport, dee se net sou kéinte benotze wéi et virgesinn ass, well en net zouverlässeg wier. An zweetens duerch d'Kilometerpauschal, déi 2013 gekierzt gouf. Do wier ni eng Upassung komm, och net wéi d'Spritpräisser explodéiert sinn, kritiséiert d'Martine Hansen. Dofir plädéiert d'CSV och, fir d'Zuchstreck an de Norden zweegleiseg ze maachen.
De Schinnebau géing awer net an den nächste fënnef oder sechs Joer geschéien, kontert dogéint de Claude Haagen vun der LSAP. Dat sollt een de Leit dofir och net esou verspriechen. Och bei de ville Contournementer, déi den Ament geplangt a gebaut ginn, misst een oppassen, dass doduerch net Schlof-Gemengen entstinn. D'Aktivitéiten an de Commerce kéinten doduerch nach méi aus den Dierfer verschwannen. Allgemeng misst déi ganz Infrastruktur matenee geplangt ginn, fir d'Uertschaften nohalteg ze stäerken.
Den Urbanismus zesumme mat der Mobilitéit denken, do schléisst sech de Claude Turmes (déi Gréng) der LSAP un. Dat wier an de leschten 10 Joer awer däitlech méi gemaach ginn, wéi ënnert enger CSV-Regierung. Dat wollt d'Martine Hansen net esou stoe loossen, d'Nordstrooss wier ënnert dem Claude Wiseler als Minister geplangt ginn.
Déi Konservativ stéiert et, dass ze laang geplangt an analyséiert gëtt. Dat géing zum Deel méi deier kaschten, wéi de Projet selwer, huet de Kandidat aus dem Süde Roy Holzem behaapt. Deen iwwregens dofir plädéier huet, e Monorail ze bauen. Domadder kéint ee bannent 3-4 Minutten vu Wolz an d'Stad fueren.
Nieft dem Zuch an dem Auto, froen déi Lénk dass de System vum "Ruffbus" ausgebaut gëtt. D'Politiker aus dem Norde ware sech eens, dass de Ruffbus néideg ass, fir den ëffentlechen Transport am ländleche Raum ze garantéieren.
D'Gesondheetsversuergung am Norde muss besser ginn
D'Wëlzer an d'Ettelbrécker Spidol mussen nees gestäerkt ginn, fënnt d'CSV. Ma virun allem Servicer fir Kanner musse weider ausgebaut ginn. D'Populatioun am Norden ass an de leschte Jore staark geklommen, dowéinst mussen d'Klinicken anescht geduecht ginn. Ma och pediatresch Zentere wieren néideg, fir d'Liewensqualitéit ze assuréieren. Soss missten Eltere mat hire kranke Kanner zum Deel ganz wäit fueren. An et bräicht endlech een zweete Samu fir den Norden, fuerdert d'Martine Hansen.
Et misst ee fort vun dem eesäitegen Denken, dass alles muss op enger Plaz gemaach ginn, fënnt och de Marc Hansen. D'DP gesäit d'Verbesserungspotential ënnert anerem bei ambulante Servicer. De Marc Hansen huet sech ganz däitlech dofir ausgeschwat, dass net all medezinesch Servicer un e Spidol musse gekoppelt sinn. D'Klinicke stäerken, wier sécherlech wichteg. Mee Servicer, déi net onbedéngt mussen an engem Spidol gemaach ginn, sollten dezentraliséiert opgestallt ginn. Donieft misste souwuel d'Spidol zu Wolz wéi och Ettelbréck gestäerkt ginn, doranner ware sech d'DP an d'CSV eens.
Souwuel d'Santé, wéi och d'Securité Sociale géinge schonn dorunner schaffen, fir zum Beispill d'Bestralung och am Norde kënnen unzebidden, huet den LSAP-Minister Claude Haagen präziséiert. Dacks gëtt nämlech kritiséiert, dass Kriibspatiente fir hir Bestralung all Dag mussen op Esch an de CHEM fueren. Am Dezember géing och en IRM an d'Wëlzer Spidol kommen. De Projet Schlasskéier ass och scho gestëmmt an an de Startlächer, sou de Claude Haagen.
Et wier scho ganz vill déi lescht Jore geschitt. Am Norden géingen et mëttlerweil dräi IRMe ginn. Et kéim eng zweet Maison Médicale op Wolz. An d'Gemengen hätte vill gehollef, fir nei Gemeinschaftspraxisse fir d'Dokteren op d'Been ze stellen, präziséiert de Claude Turmes. Wat awer nach géing feelen, wier d'Jugend-Psychiatrie. Grad no Covid wier et wichteg, fir do eng Struktur ze schafen, sou de Politiker vun déi Gréng.
D'Politiker ware sech all eens, dass nach méi Moyenen an den Norde mussen investéiert ginn, fir d'Santésversuergung ze verbesseren.
Doriwwer hunn diskutéiert:
- d'Martine Hansen (CSV)
- de Marc Hansen (DP)
- de Claude Haagen (LSAP)
- de Claude Turmes (déi Gréng)
- d'Mireille Folschette (déi Lénk)
- de Roy Holzem (déi Konservativ)
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.