Eng 284.000 walberechtegt Bierger hunn et an der Hand. Wie leet d'politesch Geschécker déi nächst 5 Joer a wie soll mat wiem an eng Koalitioun kommen?

De Virowend vum Walsonndeg waren d’Spëtzekandidate vun de 7 Parteien, déi aktuell an der Chamber vertruede sinn Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich - an do goufen nach emol d'kloer Differenzen an den Haaptsujete vun der Walcampagne visibel.

De Luc Frieden vun der CSV huet zum Beispill kritiséiert, datt déi aktuell Regierung net genuch am Wunnengsbau, der Wirtschaft an der Sécherheet gemaach hätt.

Wa seng Partei e Sonndeg en anstännege Score mécht, da revendiquéiert d'CSV och, datt mat hir geschwat gëtt, fir an eng nei Regierung ze kommen.

Donieft wier dem Luc Frieden no d’Kompetitivitéit vun de Betriber generell zréck gaangen. D’Regierung hätt net alles falsch gemaach, mee et misst méi gemaach ginn, fir nei Betriber op Lëtzebuerg ze bréngen.

D’national gréng Spëtzekandidatin Sam Tanson wollt d’Kritik awer net gëlle loossen, datt ee sech an der Regierung net eens gewiescht wier wien op Lëtzebuerg kéim a wien net. Allgemeng war et vun der aktueller Justiz- a Kulturministesch der Meenung, datt d’Klima- an d'Nohaltegkeetspolitik ouni déi Gréng an enger nächster Regierung e Réckschrëtt erliewe géif.

Anere Sujet war d’Aarmut, e Problem, deen dem Sven Clement vun de Piraten no an de leschte Joren extrem an d’Luucht gaangen ass, wat och domat ze dinn hätt, wien an de leschten Joren d’Regierung gestallt hätt. De Marc Baum vun déi Lénk huet bedauert, datt déi aktuell Regierung net iwwert eng Aarbechtszäitverkierzung diskutéiert hätt.

D’Sam Tanson vun déi Gréng dorop reagéiert a betount, datt ee sektoriell Diskussioune misst féieren.

De Fernand Kartheiser vun der ADR huet gemengt, datt eng Aarbechtszäitverkierzung och heesche géif, datt ee méi Leit bräicht an een esou keng Wirtschaftspolitik kéint féieren - e Reproche, deen och fir d'gréng Spëtzekandidatin Sam Tanson gemënzt war.

Weider sot den ADR-Co-Spëtzekandidat am Süden, datt seng Partei e moderate Konservatismus géif vertrieden, deen duerchaus nach e grousst Wielerpotential hätt. Duerfir wéilt een als Partei och net ausgeschloss, mee fair behandelt ginn.

D'LSAP-Sëtzekandidatin Paulette Lenert regrettéiert et iwwerdeem net, datt si am Oste mat an d'Wale geet an hofft e Sonndeg op e Resultat, dat dem Asaz vun hirer Partei fir sozial Gerechtegkeet entsprécht. D'Iddi vun der 38 Stonne-Woch, wou ee misst progressiv drop hischaffen, huet d'rout Ministesch verdeedegt an nach emol fir d'Ofschafe vun den duebele Mandater an dem Zesummeleeë vun de Walbezierker plädéiert.

Fir de liberale Staatsminister stinn dem Land grouss Erausfuerderungen an d'Haus, déi hien un der Spëtzt vun enger Regierung och wéilt meeschteren - de Xavier Bettel mécht awer keng Koalitiounsaussoen a seet, datt hien dem Walsonndeg "zen" entgéint kuckt.

De Marc Baum huet iwwerdeem déi Lénk als "Hond am politesche Keelespill" bezeechent - eng Partei, déi misst an der Chamber present sinn, fir sech fir de soziale Fortschrëtt an ze setzen an eng staark dissident Stëmm géif duerstellen. Egal wéi hätt een, wann ee seng Partei géif wielen "alles ze gewannen". Bis 2030 proposéieren Déi Lénk jo eng 32-Stonnewoch bei vollem Lounausgläich grad wéi en Eropsetze vum Spëtzesteier-Taux vun 42 op 50%.

Déi komplett Spezial-Emissioun "Background um Virowend vum Walsonndeg" kënnt dir all Zäit an Toun a Bild op RTL.lu suivéieren an natierlech am Podcast.

Background am Gespréich: Spëtzekandidate vun de Chamber-Parteien
Background Spezial "Walen" am Resumé
De Virowend vum Walsonndeg waren d’Spëtzekandidate vun de 7 Parteien, déi aktuell an der Chamber vertruede sinn Invitéen am Background am Gespréich Spezial.

Et hu matdiskutéiert:

Paulette Lenert (LSAP)

Sam Tanson (Déi Gréng)

Xavier Bettel (DP)

Luc Frieden (CSV)

Fernand Kartheiser (ADR)

Marc Baum (Déi Lénk)

Sven Clement (Piraten)

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.