Eng Regierung, zwou Parteien: Wou si mir drun, politesch, wirtschaftlech? Invitéë sinn d'Presidenten Michel Wolter (CSV) an Alex Bodry (LSAP).

Mir schwätzen iwwer déi grouss Dossieren an dëse Wochen a Méint wéi d'Reform vun de Pensiounen, vun der Schoul, vun der Fonction publique. Donieft iwwert d'Budgetspolitik an den Aarbechtsmaart.

Face-à-face Michel Wolter - Alex Bodry: Wou sinn d'Gemeinsamkeete vun den 2 Parteien a wou ginn et Interpretatiounsdivergenzen?

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.

Background: Face à Face
Alex Bodry an Michel Wolter iwwer Pensiouns-, a Schoulreform, an d'Aarbecht an der Koalitioun.