E Samschdeg hu mer am Background am Gespréich mam Frank Schroeder, Guy Dockendorf, Marc Schoentgen an Emma Garson diskutéiert.

Background iwwer d'Thema Zweete Weltkrich

Wéi geléngt Erënnerungskultur? Där Fro hu sech e Samschdeg 4 Invitén an eiser Emissioun Background gestallt. Dat waren de Frank Schroeder, Direkter vum Escher Resistenz-a Menscherechts-Musée, de Guy Dockendorf, Vize-President vum "Comité pour la Mémoire de la 2ième Guerre Mondiale", de Marc Schoentgen, President vum Comité Auschwitz, an d'Emma Garson, Premières-Schülerin aus dem Mierscher Lycée Ermesinde. Déi jonk Fra huet no enger Visitt vum Konzentratiounslager vun Ausschwitz decidéiert, sech méi fir d'Erënnerung un den zweete Weltkrich anzesetzen. Selwer op der Plaz kënnen ze sinn a mat Zäitzeien ze schwätzen, mécht eppes mat engem, esou d'Emma Garson. Dowéinst wollt d'Schülerin och anere Jonken dës Méiglechkeet ginn.

Dass esou eng Fuerderung vun deene Jonke selwer kënnt, wier luewenswäert, esou de Marc Schoentgen, President vum Comité Auschwitz. Doduerch kënnt d'Erënnerungskultur vill besser bei de jonke Generatiounen un. Esou Projete missten onbedéngt weidergefouert ginn, well et lues a lues keng Zäitzeien méi ginn, déi den Zweete Weltkrich materlieft hunn.

"Doduerch, dass mir mat jonke Leit op esou Plaze ginn, maache mir och eppes fir eis." Dat sot de Guy Dockendorf, Vize-President vum "Comité pour la Mémoire de la 2ième Guerre Mondiale". An de Schoulklasse géing hien och mierken, dass vill Schüler sech selwer engagéieren, fir d'Erënnerungskultur héich ze halen. Zu Fünfbrunnen am Éislek, wou Judden ënnert der Nazi-Diktatur internéiert goufen, soll eng grouss Bildungsoffer geschafe ginn. Virun engem Joer ass dee Projet ugelaf. Et soll dobäi net nëmmen dorëms goen, z'erënneren, mee och sech weiderzebilden, huet de Marc Schoentgen erkläert.

E Maximum vu Leit d'Méiglechkeet ginn, un Informatiounen ze kommen. Dat ass och d'Zil vum Escher Resistenz- a Menscherechts-Musée, esou den Direkter Frank Schroeder. Ma et misst een d'Offer awer esou ausbauen, dass och méi jonk Visiteure sech ugeschwat fillen. Donieft wier et wichteg, déi vill Facettë vun engem Krich ze weisen. De Projet "50 Faces" wëll an Zesummenaarbecht mat enger Rei Institutioune genee dës Bandbreet weisen. Net jiddereen hei am Land war wärend dem Zweete Weltkrich Affer, et goufen och Leit, déi kollaboréiert hunn, präziséiert de Frank Schroeder.

Gouf d’Kollaboratioun hei am Land tabuiséiert?

Op d'Nofro, ob dee Volet net laang tabuiséiert gouf, äntwert den Guy Dockendorf, vum "Comité pour la Mémoire de la 2ième Guerre Mondiale", dass hien och ganz aner Zäiten erlieft huet. Eréischt no de 60er-Joeren wier d'Fro vun der Kollaboratioun vergiess ginn, huet hie präziséiert.

Mat de Generatiounswiessel kënnt och eng gewëssen Distanz, esou de Marc Schoentgen. Et wier normal, dass d'Erënnerung an de Familljen op eng ganz perséinlech Aart a Weis vermëttelt gëtt. Dowéinst spillt d'Recherche eng zentral Roll, betount de Frank Schroeder, Direkter vum Escher Resistenz- a Menscherechts-Musée. "Et sinn e puer Beispiller do, mee dat ass net wierklech opgeschafft." De Krich huet jorelaang d'Liewe vun de Leit bestëmmt, forcément hat en dann och ganz vill verschidden Aspekter. Dowéinst gëtt et och immens vill ze recherchéieren. Jonk Historiker géingen d'Vergaangenheet mat engem neie Point de Vue kucken, deen onbedéngt néideg ass a vill manner emotionaliséiert.

Deem stëmmt den Guy Dockendorf zou. Als Vetrieder vun der Resistenz wier et awer dat Bescht, wann zesummegeschafft gëtt. Well nëmme Statistiken der Vergaangenheet och net gerecht ginn, huet hien ugemierkt. De mënschlechen Aspekt dierf net verluer goen. Dowéinst präziséiert de Frank Schroeder, dass bei der Ausstellung "50 Faces" nieft den ënnerschiddleche Rôlen, déi et am Krich gouf, och Zäitzeien zu Wuert kommen.

Jonker droen d’Erënnerung weider

Haut wier et ëm sou wichteg, eng Zort Ambassadeuren ënnert de jonke Leit ze hunn, déi nach Zäitzeie kenneléiere konnten an hiert Wëssen, mee virun allem hir emotional Erfarung weiderginn. Dat wier keng grouss Laascht, esou d'Emma Garson. Der Schülerin ass et wichteg, d'Erliefnisser weider ze droen. Och symbolesch Akten, wéi Blumme néier leeën, kënnen een immens prägen. Well ee selwer eppes hannerléisst. Ma dat awer nëmmen, wann een zu där Plaz och schonn déi néideg Informatioune krut, fir d'Symbolik ze verstoen.

80 Joer nom Zweete Weltkrich bleift et ëmmer nach wichteg, déi Erënnerungsaarbecht ze leescht, präziséiert de Marc Schoentgen. Ma et sollt awer méi de Lien mat der haiteger Zäit gezu ginn, fir doduerch d'Leit, déi hei wunnen, mat der Lëtzebuerger Geschicht a Verbindung ze bréngen. Hei am Land wunne ganz vill Leit, déi eng ganz aner Geschicht hunn an deenen hir Familljen d’40er Joren net hei zu Lëtzebuerg erlieft hunn.

Et ginn awer vill Lienen, zum Beispill hunn eeler Portugisesch Matbierger eng Diktatur a Portugal materlieft a Refugiéskanner hunn eng Fluchterfarung hannert sech. Och dat kann een an der Erënnerungskultur vill méi opgräifen, fir déi Lëtzebuerger Geschicht fir jiddereen zougänglech ze maachen, esou de Guy Dockendorf. "Do musse mir en Effort maachen".

Eis Invitéeë waren:

De Frank Schroeder, Direkter vum Escher Resistenz-a Menscherechts-Musée
De Guy Dockendorf, Vize-President vum "Comité pour la Mémoire de la 2ième Guerre Mondiale"
De Marc Schoentgen, President vum Comité Auschwitz
D'Emma Garson, Premières-Schülerin aus dem Mierscher Lycée Ermesinde

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.