No senger leschter Schaffwoch als Minister war de Jean Asselborn e Samschdeg eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Déi rezent schaarf Kriticken u sengen Decisiounen an der Migratiounspolitik dinn dem Jean Asselborn déck. Dat huet een an der Emissioun Background däitlech gemierkt. Alles hätt hie ginn, fir de Problem an de Grëff ze kréien, mä et wär him net honnertprozenteg gelongen, huet de fréieren Ausseminister zouginn. An de gutt 19 Joer, an deenen hien de responsabele Minister war, hätt hie sech am Zweiwel ëmmer fir de Refugié entscheet. An dat géif him och net Leed doen. Zum Beispill bei de ville Persounen, déi aus dem Afghanistan wollte flüchten, wéi d'Taliban do d'Muecht iwwerholl haten.

Schwéier Decisioun, well Solidaritéit bréckelt

D'Decisioun, gesond männlech Flüchtlingen, déi an engem anere Land an der sougenannter Dublin-Prozedur sinn, hei zu Lëtzebuerg op eng Waardelëscht fir e Bett ze setzen, wär néideg gewiescht, och wa se him schwéier gefall wär. Hien hätt do versot, gëtt hien zou. D'Strukturen hätte riskéiert ze kollabéieren, a Fraen a Kanner hätten eventuell keng Plaz méi kritt, betount de Jean Asselborn. Eng 20 Persoune wären aktuell op der Waardelëscht. Déi Lëscht hätt och scho Wierkung gewisen.

De Problem wär virop, datt Italien keng Dublin-Leit méi zeréckhuele géing. D'europäesch Solidaritéit géif bréckelen, bedauert de Jean Asselborn. De Prinzip vu Migratioun géif nëmme funktionéieren, wa Länner am Süden obligatoresch gehollef kréie vu Länner am Norden. Wann dat net de Fall ass, wär et de Länner, wou déi meescht Refugiéeën ukommen, egal a si hale sech net méi un d'Reegelen. D'Europäesch Länner géife just gutt zesummeschaffen, wann et drëms geet, kee méi an Europa eranzeloossen, bedauert de Jean Asselborn. Stéchwuert "Forteresse Europe". Mä ouni Solidaritéit wär och de Schengen-Accord a Gefor.

An de Gemenge muss en Effort gemaach gi fir Flüchtlingsstrukturen

Wat d'Plaze fir Refugiéeën zu Lëtzebuerg ugeet, misst ee vu Gléck schwätzen, datt et dat T-Gebai gëtt, wou an der Zäit Iwwersetzungen dra gemaach goufen. 1.000 Leit wären do ënnerkomm - majoritär Ukrainer. Och um Kierchbierg gëtt et jo och en Zelt, wou aktuell 400 Leit ënner Daach sinn. De Jean Asselborn huet betount, datt d'Hal 7 vun der Luxexpo gebraucht gëtt. Dat wär en Acquis bis Enn Januar. Och an de Gemenge misst en Effort gemaach ginn, fir Plaze fir Flüchtlingen ze schafen. Dofir misst de Staat si ënnerstëtzen.

Immigratioun an Accueil opdeelen, géif hien net méi maachen

Den däregen Dossier Migratioun gëtt an der neier CSV-DP-Regierung nees op zwee Ressorten opgedeelt. De Jean Asselborn huet erkläert, hien hätt dat net méi gemaach. Vun 2013 bis 2018 war dat jo scho sou hei am Land. Immigratiounspolitik an de konkreten Accueil funktionéiere besser ënner enger Responsabilitéit, mengt de Jean Asselborn. Soss géif deen een d’Leit era loossen an deen anere misst kucken, datt se en Ënnerdaach hunn.

D'Blo-Rout-Gréng-Koalitioun hätt sech déi Kéier am Walkampf net esou dru ginn, fir zu 3 weiderzemaachen ewéi fënnef Joer virdrun, gëtt de Jean Asselborn mat e bëssen Distanz ze bedenken. A virun de Walen hätt et schonn enk Kontakter tëscht CSV an DP ginn, och vum Contenu hier, huet hie sech erënnert. Elo kann d'LSAP och Oppositioun, mengt de Jean Asselborn. D'CSV-DP-Regierung sollt 100 Deeg Zäit kréien, fir sech ze beweisen, duerno hofft hien op dynamesch Gespréicher tëscht Regierung an Oppositioun.

Bonne Chance fir de Luc Frieden

Dem Luc Frieden, mat deem hien 2004 an 2009 an zwou Regierungen zesummegeschafft huet, wënscht hie "Bonne Chance". Et wär jo "keen domme Mann" an hien hätt professionell mat ëm zesumme geschafft. Datt aus dem Koalitiounsaccord esou e Geheimnis gemaach gouf, versteet hien net.

De Jean Asselborn huet no 19 Joer als Minister kee Polizist, dee gläichzäiteg jo de Chauffer ass, méi u senger Säit, deen hien op Rendez-vouse féiert. Well d'Wieder ze schlecht war, fir mam Vëlo ze kommen, ass de Jean Asselborn mat sengem fonkelneien Elektroauto op de Kierchbierg gefuer komm.

Am zweeten Deel vum Background goung et natierlech och ëm d'Kricher an der Ukrain an am Noen Osten. Et hätt een ee kapitale Feeler gemaach – an Europa, mä och an Amerika - an de Konflikt sickere gelooss huet. Et hätt ee sech missen op eng Zwou-Staate-Léisung konzentréieren, sou de Jean Asselborn. Et hätt ee gespuert, datt eng Kéier eng Explosioun géif kommen.

Vëlo a raumen

Lo fänkt fir de Jean Asselborn eng nei Zäit un. Am Februar d’nächst Joer wëll hien decidéieren, ob e vläicht wéilt mat an d’Europawale goen. Wann, da géif een als LSAP, nees zwee Sëtz upeilen.

De Vëlo ass säin Elixir. Viru senger Operatioun um Knéi hätt hien 10.000-12.000 Kilometer d’Joer gemaach. Dëst Joer waren et der 8.000. Am Summer ass hien nees – mat 74 Joer - de Mont ventoux eropgefuer an dat wéilt hien nach e puer Joer maachen. Aus dem Fliger eraus hätt hien ëmmer Sauerstoff gebraucht. An um Vëlo géif een es kréien. Dat géif de Bee gutt doen, mä och dem Kapp.

Doheem misst hien elo mol raumen. An hie wär och schonn op verschidden Unien invitéiert, fir do ze schwätzen.

Background am Gespréich vum 18. November

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.