Mënscherechter: Wat kann zu Lëtzebuerg nach gemaach ginn?
E Samschdeg waren de Gilbert Pregno, d'Joëlle Christen an de Jean-Louis Zeien eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
"Ech war schockéiert iwwert dat, wat d'Hamas gemaach huet", dat sot de Gilbert Pregno, President vun der Mënscherechtskommissioun, an eiser Emissioun Background iwwert d'Thema Mënscherechter. Mee genau esou schockéiert wier hien iwwert d'Konsequenzen an d'Reaktioun vun Israel gewiescht. D'Situatioun wier bedreelech a kéint sech wéi e Laffeier och op aner Länner iwwerdroen. Dat dierft net zougelooss ginn, huet hie betount.
Viru 75 Joer gouf déi universell Deklaratioun vun de Mënscherechter ënnerschriwwen. Ma d'Mënschheet hätt net vill geléiert an där Zäit. Doranner huet d'Joëlle Christen, Presidentin vun ATD Quart Monde, dem President vun der Mënscherechtskommissioun Recht ginn.
An all Krich muss de Schutz vun der Zivilpopulatioun ëmmer beuecht ginn, huet de Jean-Louis Zeien vun der Initiative "Devoir de vigilance" nach gesot. An Europa stellt sech d'Ambivalenz vu verschidde Firmaen, déi Produiten u Krichslänner verkafen, déi och kéinte fir negativ Auswierkunge fir d'Populatioun benotzt ginn. Entreprisë wéi d'SES si vun esou enger Fro betraff. Dowéinst wier et wichteg, eng Obligatioun anzeféieren, dass Entreprise musse garantéieren, dass hir Produiten net fir Kricher benotzt ginn.
De politesche Message vun all de Länner sollt ganz kloer sinn, esou d'Joëlle Christen. Egal ëm wéi ee Konflikt et geet: D'Mënscherechter mussen agehale ginn, och an Extremsituatiounen. Wat de Konflikt am Noen Osten ugeet, wier et schwéier ze urteelen, well d'Spannungen op d'Vergaangenheet zeréck ginn. Et misst versicht ginn, op béide Säiten d'Leed ze thematiséieren. Den Haass schüren, wier net d'Léisung. De Krich an der Gazasträif wier an deem Sënn kontraproduktiv fir de Fridden, doranner ware sech d'Invitéen eens. Et kéint awer och net eng Léisung imposéiert ginn, wéi dat zum Deel scho versicht ginn ass.
Wéi steet et ëm d'Mënscherechter zu Lëtzebuerg?
De Gilbert Pregno vun der Mënscherechtskommissioun huet bedauert, dass d'Reform vum Jugendschutz a Jugendstrofrecht esou laang op sech waarde léisst. Déi aktuell Regierung wéilt déi ugestousse Reform zwar weiderféieren, wat de Gilbert Pregno begréisst. Mee notamment d'Magistratur hätt déi Reform gebremst, well si net mat alle Punkten averstanen ass.
Wat d'Gläichstellung tëscht de Geschlechter ugeet, wier och nach Loft no uewen, esou de Gilbert Pregno. Déi nei Regierung géing zwar soen, dass si sech dofir asetze wëll, mee d'Realitéit gesäit just 5 vu 15 Minister vir. Et wieren d'Konditiounen, déi d'Parteien oder d'Betriber fir d'Frae bidden, déi zu esou Realitéite féieren.
Wat de Koalitiounsaccord ugeet, huet d'Joëlle Christen begréisst, dass eng Vereinfachung vun de Prozedure soll kommen. Et wier net zoumuttbar, dass Leit ëmmer nees vu vir mussen ufänken, hir Donnéeën anzereechen. Si wéilt positiv bleiwen a mengt, dass de Problem vun der Aarmut erkannt gouf an eescht geholl gëtt. Besonnesch wichteg fir géint d'Aarmut unzekämpfe wier, nieft der Simplification Administrative, och dass Fachpersonal um Terrain schafft an déi néideg Moyene kritt, fir de betraffene Leit ze hëllefen. De Gilbert Pregno an de Jean-Louis Zeien sinn net ganz optimistesch, wat dat ugeet, soten awer, dass si sech gären enges Bessere beléiere loossen.
De Gilbert Pregno vun der Mënscherechtskommissioun huet nach kritiséiert, dass de Koalitiounsaccord de Wuesstem zu Lëtzebuerg als Léisung fir all Problem géing duerstellen. Wann de Wuesstem awer op Käschte vun de Leit an der Ëmwelt géing goen, da géing déi Rechnung net opgoen.
De Jean-Louis Zeien vun der Initiative „Devoir de vigilance“ huet ausserdeem dorop higewisen, dass nach ëmmer kee Liwwerkettegesetz en place ass.
Flüchtlingspolitik: Positioun vun der Mënschlechkeet ass wichteg
"Ech wënsche mir eng Positioun vun der Mënschlechkeet an net vun der Häert", esou sot et de President vun der Mënscherechtskommissioun. De Punkt am Koalitiounsaccord, deen eng Stäerkung vun der Frontex fuerdert, also d'Sécherung vun den europäesche Grenzen, géing dem Gilbert Pregno Suerge maachen.
Doriwwer eraus huet de President vun der Mënscherechtskommissioun op déi schwéier Situatioun vu Refugiéen, notamment vun de Kanner hei am Land, higewisen. Iessen an en Daach iwwert dem Kapp wier net dat eenzegt, wat déi Kanner brauchen. Virun allem d'Perspektiv fir d'Zukunft wier wichteg an déi feelt awer.
Elementar Prinzippie géingen ënnergruewe ginn, esou seet d’Organisatioun ATD Quart Monde. D'Presidentin Joëlle Christen huet präziséiert, dass e grave Problem den Accès zum Logement wier. An deem Sënn gi vill Leit vun hirem Recht op e Logement diskriminéiert. Fir Leit, déi wéineg verdéngen oder och nach Refugiéë wier et net méiglech, um Logementsmarché Fouss ze faassen.
Schwéierfälleg Prozeduren, mee och de Fait, dass Kanner oder Erwuessener an eiser Konsum-Gesellschaft net mathale kënnen, géing dozou féieren, dass Leit sech an en Eck gedréckt fillen. E Projet vun ATD Quart Monde, deen den Accès zur Kultur soll garantéieren, suergt dofir, dass sech dës Persounen erëm gesi fillen. Et wier wichteg, de Leit eng Stëmm ze ginn, soss géing ganz vill Onzefriddenheet entstoen. Besonnesch fir Kanner géing dat dozou féieren, dass si hir Situatioun och als Erwuessener net kënne verbesseren.
Villes hätt sech scho gedoen hei am Land, doranner ware sech d'Invitéen eens. Ma wat d'Mënscherechter ugeet, misst een awer och iwwert den Tellerrand erauskucken a beuechten, wat fir Konsequenzen d'Aktiounen hei a méi aarme Länner kéinten hunn. An deem Sënn wier déi nei Regierung elo gefuerdert.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.