Wäibau: e Secteur am Ëmbroch
E Samschdeg huet sech an der Emissioun Background am Gespréich um Radio alles ëm d'Thema Wäin gedréint.
Reduzéierten Alkoholkonsum
Jonker géingen haut tendenziell vill manner drénken an de Wäin éischter als Genossmëttel gesinn, wéi fir den iwwerdriwwene Konsum. Dat sot de Jeff Konsbrück, Vizepresident vun de Privatwënzer, an eiser Emissioun Background am Gespréich. Do goung et ëm de Wäibau zu Lëtzebuerg. Den alkoholfräie Wäin a Schaumwäi wären éischter eng Demande vum Konsument, sot den Direkter vun den Domaines Vinmoselles André Mehlen. D'Leit géinge méi gesondheetsbewosst liewen. De frëschgebakenen Direkter vum Wäibauinstitut Serge Fischer huet ze bedenke ginn, dass d'Traditioun vum Wäibau a -konsum an der westlecher Welt e puer dausend Joer al, an net ewech ze denken, ass. Déi dräi Invitéeë si frou, dass aus der Iddi vun der EU-Kommissioun fir d'Warnbiller op de Wäifläschen obligatoresch ze maachen, net weider eppes ginn ass. Gläichzäiteg hu si zu engem moderate Konsum opgeruff.
Administrativ Vereinfachung
De Jeff Konsbrück huet da Kontrollen duerch d'ITM wärend der Lies als "Schikan" beschriwwen, déi déi nei Regierung misst ënner Kontroll kréien. D'staatlech Reglementatiounen aus verschiddene Ministèrë fir d'Saisonsaarbechter unzemellen, géinge sech zum Deel widderspriechen, huet den Direkter vum IVV Serge Fischer confirméiert. Et géing senger Meenung no och net drëms goen sozial Acquisen a Fro ze stellen, ma d'Wënzer misste sech kënnen op hir Aarbecht am Wéngert an am Keller konzentréieren an net op déi um Büro. An déi sougenannt Hierschtleit géifen dréngend gebraucht gi wärend deene puer Woche Lies. CSV an DP hunn dës administrativ Vereinfachung fir Saisonsaarbechter am Wäibau och an hire Regierungsprogramm geschriwwen. D'Invitéeën hunn dat begréisst, well an noer Zukunft vill Wënzer altersbedéngt ophalen, an de Risiko besteet, dass Jonker d'Wéngerten net weider kultivéieren, wann d'administrativ Hürde weider klamme géifen.
Önotourismus fërderen
Datt déi nei Regierung et wëll méi einfach maachen an der Gréngzon ze bauen, huet de Privatwënzer Jeff Konsbrück begréisst. Da kéinten d'Wënzer och sougenannte "Schmaachstuffe" bei sech hunn. Aus dem Secteur wär Demande no enger klorer Reglementatioun fir Wäistuffen do. Virop fir sech vun de Restauranten ofzegrenzen. Dat wär am Interêt vun deenen zwee Beruffsstänn.
Dem André Mehlen vun de Vinsmoselle no wier de Problem am Önotourismus (Wäintourismus) awer éischter, fir d'Leit op d'Musel ze kréien. Op deem Niveau géing hie vu politescher Säit nach net genuch Efforten gesinn, obwuel grousst Potenzial do wär.
Wäibau an Zäite vu Klimawandel
De Klimawandel concernéiert de Lëtzebuerger Wäibau a villen Hisiichten. Engersäits sinn d'Betriber selwer Affer vun de Wiederextreemer. Si musse sech all Saison un d'Wiederkonditiounen adaptéieren.
Op der anerer Säit ass d'Viticulture, och der neier Regierung no, e wichtegen Acteur an der Lutte géint de Klimawandel. D'Betriber ginn also och an d'Responsabilitéit geholl, fir méi nohalteg mat de Biedem an der Ëmwelt ëmzegoen awer och op hiren Energieverbrauch opzepassen.
Den Direkter vum Wäibauinstitut Serge Fischer ass op verschidde Mesuren agaangen, wéi probéiert gëtt, sech un de Klimawandel an extrem Wiederphenomener wéi staarke Reen a laang Dréchente unzepassen. Et géing mat Ënnerlagen a Wuerzelen experimentéiert ginn, déi resistent géint Dréchent sinn. Da géingen och Cépagë wéi Merlot ugebaut ginn, déi ee soss éischter weider am Süde gesäit. An: sougenannt Piwi-Zorten. Dat si Kräizungen tëscht europäesche Riewen a wëllen aus dem Kaukasus oder den USA. Déi wäre resistent géint vill Krankheeten. Eng Partie Privatwënzer hunn der schonn, oder si ginn op de Wee nei Zorten unzeplanzen. De Jeff Konsbrück huet awer ze bedenke ginn, dass déi Drauwe virop a Cuvéeë verschafft ginn.
Wann déi néideg Gelder do wieren, géing ee beim IVV och préiwen, ob et méiglech ass, Solaranlagen iwwert de Wéngerten z'installéieren, esou den Direkter Serge Fischer.
Haart ëmkämpfte Marché
D'Geschäft mam Wäi wär en haart ëmkämpfte Marché, huet den Direkter vun den Domaines Vinsmoselle betount. Hien huet d'Kooperativ vun 170 Wënzer uganks dës Jores als Direkter iwwerholl an ass amgaangen, d'Gammen ze reduzéieren. Den Ament exportéiert d'Genossenschaft ronn 30 Prozent vun hirer Produktioun an d'Ausland.
Heiheem géif et virun allem drëms goen, déi trei Clientèle bei sech ze halen an d'auslännesch Matbierger, déi sougenannt Expats, fir de Lëtzebuerger Wäin ze begeeschteren. Do géif et schonn Initiativen an Evenementer, wéi zum Beispill d'Wäifoire um Glacis an der Stad, déi hir Friichte géifen droen. Mä et wär nach Loft no uewe bei der Vermaartung. Do waren déi dräi Invitéeë sech eens.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.