E Samschdeg war d'Trennung vu Kierch a Staat Thema an der Emissioun Background am Gespréich.

D'aktéiert Trennung tëscht de Kierchen an dem Staat 2015 war eng ganz staark Zäsur, déi d'kathoulesch Kierch nach ëmmer markéiert a wou ee finanziell op d'eege Féiss getrollt ass. Dëst sot de Weibeschof Léo Wagener e Samschdeg de Mëtteg an eiser Emissioun Background.

Background am Gespréich mam Weibëschof Léo Wagener

Wéi de Geeschtleche sot, géif een d'pastoral Chargen als Käraufgab vun der Kierch "tout juste" finanzéiert kréien.

Ëmmerhi geréiert de Kierchefong eng 150 Kierchen an eng 240 Leit schaffe full-time fir den Äerzbistum. Zanter 2015 goufen eng 20 Kierchegebaier desakraliséiert - mee eng realistesch Bestandsopnam misst dem Léo Wagener no gemaach ginn.

De juristeschen Prozess tëscht dem Äerzbistum an der Associatioun vun de Kierchefabricken, dem SYFEL, leeft iwwerdeem nach ëmmer.

D'Laascht vun de Paien dréckt natierlech op d'Keese vum Bistum. D'nächst Joer gëtt duerfir mat Hëllef vun engem externe Consultat eng nei Recette-Strategie ausgeschafft, iwwerdeem den Immobilien-Maart jo brooch läit.

Am fréieren Wort-Gebäi zu Gaasperech stellt de Bistum iwwerdeem dem ONA Strukture fir eng 200 Flüchtlingen zur Dispositioun - hei soll och de Foyer Ulyssee en neit Doheem fannen.

"Eng Stad ouni Aarmut ass eng Illusioun" och dat sot de Weibëschof Léo Wagner an der Emissioun Background iwwert d'Heescheverbuet. E Verbuet, wat d'Kierch an där Form net acceptéiere kéint, huet de Geeschtleche kloer betount. Et kéint net sinn, datt en Aarmen aus dem Stadbild einfach ewech gedréckt gëtt, sou de Léo Wagener um RTL-Mikro.

Léo Wagener iwwert Heescheverbuet

Op déi nei Regierung ugeschwat, a méi spezifesch d'CSV, huet de Léo Wagner gesot, et wier net seng Aufgab d'Partei ze bekéieren, d'Kierch krit mat der neier Regierung net forcement méi Afloss.

Léo Wagener iwwert nei Regierung

De Weibëschof hofft awer, datt d'CSV hir Wuerzelen net verléiert an huet betount, datt hien de Premier Luc Frieden am Januar fir Gespréicher wäert gesinn.

Sekte wieren iwwerdeem e Phänomeen am Land, dat een net dierft verkennen an deen och géif zouhuelen, sou de Léo Wagener. Et wiere sougenannt "agewandert Sekten", déi och um Maart vun de Relioune géife matmëschen. Si wieren eng Offer, déi Leit unhuelen, déi sech net méi vun den traditionellen Kierchen vertruede gesinn.

Léo Wagener iwwert Visioun fir d'Lëtzebuerger Kierch

D'nächst Joer besicht iwwerdeem de Poopst Franziskus kuerz d'Belsch - en Detour op Lëtzebuerg ass no der Poopstvisitt vun 1985 dës Kéier net geplangt. Et wier dem Léo Wagener no och d'Regierung, déi hei misst d'Initiative fir sou eng Visitt huelen.

Am Joer ginn et an der Moyenne hei am Land eng ronn 200 Austrëtter aus der Kierch. D'Tendenz geet zeréck a parallel ginn et och ëmmer méi Erwuessener, déi sech deefe loossen.

Léo Wagener iwwer Glawenskris
Léo Wagener iwwert Reliounsunterrecht
Léo Wagener iwwert d'Aarbecht vun der Diakonie
Léo Wagener iwwert de Kardinol Hollerech an d'Chance Poopst ze ginn

Resumé Background am Gespréich mam Léo Wagener
De Weibëschof war den Invité vum Roy Grotz.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.