22. Mäerz: Charles Brück

Invité dëse Samschden ass de Charles Brück vum Groupe de Support Psychologique.
Iwwer 80 Fräiwëlleger gi regelméisseg fir de Groupe de Support Psychologique an den Asaz. Si si 7 op 7 Deeg a 24 op 24 Stonnen am Standby. Wann ee schwéiert Accident oder een Ongléck geschitt, hannerléisst dat bei all deene Bedeelegte Spueren. De Groupe de Support Psychologique steet an sou Momenter deene Betraffenen zur Säit. Dëst d'Joer feiert de GSP 15 Joer Existenz. An der Emissioun Background am Gespréich schwätze mer dëse Samschdeg mam Responsabele vum Groupe de Support Psychologique dem Charles Brück iwwert déi verschidden Asätz, wéi d'Mataarbechter op hir schwéier Aufgab preparéiert ginn a selwer mat dem Erlieften ëmginn.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.
De komplette Background nachemol lauschteren