E Samschdeg waren d'OGBL-Presidentin Nora Back an den LCGB-President Patrick Dury eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

"D'Zäite sinn net einfach fir déi schaffend Leit", dat sot d'OGBL-Presidentin a Presidentin vun der Salariatskammer an eiser Emissioun Background, e gudde Mount virun de Sozialwalen. Den 12. Mäerz ginn d'Personaldelegatiounen an de Betriber an déi 60 Mandatairë vun der Chambre des salariés gewielt. Et wier elo eng konservativ-liberal Regierung un der Muecht, sou d'Nora Back. Déi Wäerter géing een och am Koalitiounsaccord erëmfannen, zum Beispill bei der Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit a beim Verlängere vum Congé parental mat gläichem Lounausgläich. Dat eent wier e Schwäche vum Kollektivvertragswiesen, dat anert "Work-Life-Balance fir déi Räich".

"Dat ass näischt aneres wéi d'Zerstéierung vun eisem Rentesystem"

Schaarf Kritik gouf et vun de Gewerkschaften un d'Adress vun der CSV-Sozialministesch Martine Deprez. Den LCGB-President Patrick Dury huet hir reprochéiert, de Rentesystem wëllen ze zerstéieren an arrogant an amateurhaft virzegoen. "Wann ee sech op en intellektuell esou héije Protest wëll setzen, jo da kann een dat maachen. Dat kënnt awer séier als arrogant eriwwer, well haut kéint ee jo bal mengen, dass mer d'Chance elo haten, 2024 endlech eng Mathésproff ze kréien, well mir kënnen alleguer net rechnen." D’Nora Back huet gewarnt, d'Pensiounen dierften net weider verschlechtert ginn. D'Pensioun wier keng Sozialhëllef.

D'Gewerkschaften hunn op d'Reserven higewisen an d'Laangzäitprevisiounen a Fro gestallt. Wann et haart op haart kéim, misst een awer iwwert d'Cotisatioune schwätzen, sot d'Nora Back. Dat wéilten d'Patronen net, sot de Patrick Dury. D'Gewerkschaften hunn awer och aner Pisten opgezeechent, wéi de Plafond cotisable eropsetzen oder nach Contributiounen aféiere fir Betriber déi mat wéinege Leit vill Benefice generéieren.

D'Kuerzaarbecht am Bau wier déi lescht Noutbrems

Den OGBL an den LCGB droen d'Kuerzaarbecht am Bau mat, déi d'Regierung elo zum Deel als Krisemesure méiglech mécht. Den OGBL hätt sech awer individuell Plans de maintien dans l'emploi gewënscht, den LCGB e sektoriellen. Et misst een d'Leit awer elo an der Aarbecht halen. Op d'Kritik vum Ex-LSAP-Wirtschaftsminister ugeschwat, sot de Patrick Dury, hien hätt sech gewënscht, de Franz Fayot wier selwer méi aktiv gewiescht wéi en nach an der Regierung war. Och d'Nora Back sot, am Logement hätte Regierungen noenee versot anzegräifen.

Background vum 27. Januar 2024

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.