Verschidde Positioune bei 1. Bilan vu Regierungsaarbecht, ma och gemeinsam Vuen
E Samschdeg waren den CSV-Fraktiounspresdident an d'LSAP-Vize-Fraktiounscheffin eis Invitéeën an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Et goufen Dossieren direkt an Ugrëff geholl, ma dat ass awer an der Ëffentlechkeet ënnergaangen. Dat sot de Marc Spautz an eiser Emissioun Background am Gespréich. Mam CSV-Fraktiounspresident war och d'LSAP-Vize-Fraktiounscheffin Paulette Lenert mat am Studio dobäi. Steierlech Upassungen, déi vum Ufank vum Joer u gëllen, esou wéi och d'Mesuren am Logement, wieren immens wichteg Sujeten, esou de Marc Spautz, déi awer net genuch beuecht gi sinn.
D'Paulette Lenert wollt kee Bilan zéien. "Dir kennt mech", sot si an et wier nach ze fréi, fir sech auszedrécken. Ma wat si awer bedauert, ass den Toun, dee vun der neier Regierung ageschloe gouf. Am Dossier Heescheverbuet hätt si eng gewëssen Iwwerhieflechkeet festgestallt, virun allem hätt si den Toun géintiwwer der Justiz verwonnert. Dat hätt si hei am Land net fir méiglech gehalen, sot si.
Dës Kriticken huet de Marc Spautz zeréckgewisen. E staarken a sécheren Optrëtt géing dacks mat Iwwerhieflechkeet mëssinterpretéiert ginn. D'CSV huet zwee Flilleken, huet den CSV-Fraktiounspresident präziséiert. An et wier och net esou, dass de wirtschaftleche Volet géing dominéieren, ma d'Land hätt awer aktuell Problemer, zum Beispill am Logement, déi och wirtschaftlech musse geléist ginn.
Dossier Heescheverbuet polariséiert weider
Den entspriechenden Text am Code pénal gëtt nogebessert, mee déi einfach Mendicitéit gëtt net op nationalem Niveau verbueden, huet de Marc Spautz a puncto Heescheverbuet präziséiert. Esou hätt hien d'Justizministesch Elisabeth Margue verstanen.
D'Paulette Lenert begréisst, dass elo Fakte geschaf ginn an d'Gesetz nogebessert gëtt. Et géing ëm de Fong goen. D'Geriichter solle respektéiert ginn an dat och vun der Regierung, esou d'Paulette Lenert. Si huet vun enger Kris geschwat, well Politiker Aussoe gemaach hunn, déi dem Paulette Lenert no héchst problematesch sinn. Et wier an engem Rechtsstaat bedenklech, wann de Premierminister sech esou ausdréckt, wéi wann d'Policegeriicht näischt Eeschtes wier. D'Rechtsspriechunge sinn do an déi solle respektéiert ginn. Aktuell géing déi ganz Debatt éischter genotzt ginn, fir d'Gesellschaft ze splécken, esou d'LSAP-Vize-Fraktiounscheffin.
Logement muss eng Prioritéit sinn
Wat de Logementspak vun der neier Regierung ugeet, esou begréisst d'Paulette Lenert, dass eppes geschitt. Mat der LSAP wier d'Preferenz fir de Plan de maintien dans l'emploi gewiescht, amplaz an d'Kuerzaarbecht ze goen.
Et ass net d'Léisung, just d'Investissementer ze puschen, dat hätt sech an de leschte Joren gewisen. Den Amortissement accéléré wier mat enger LSAP sécherlech net komm.
"Et muss een elo handelen", esou de Marc Spautz. Wat de Chômage partiel ugeet, soll och anstänneg kontrolléiert ginn, fir dass net Entreprisen dovunner profitéieren, déi dat net brauchen.
Fir de Logementsproblem an de Grëff ze kréie misst awer an Etappe geschafft ginn. De Pak, deen elo virgestallt gouf, wier eréischt en Ufank. Elo war d'Iddi fir d'éischt mol kuerzfristeg Mesuren ze huelen, déi séier kënnen ëmgesat ginn. Dobäi soll et elo awer net bleiwen. Op d'Fro ob mir eis et leeschte kënnen, sot de Marc Spautz, mir kéinten net näischt maachen.
"Mir mussen eis et haut leeschten", huet d'Paulette Lenert betount. Dat wier en Invest an d'Zukunft, dowéinst muss déi ganz Problematik gekuckt ginn an net just um Niveau vun den Investissementer.
Réckbléckend wier sech d'Paulette Lenert erstaunt, dass op eng Kéier awer Sputt do ass am Budget, obwuel dat an der viregter Regierung nach anescht geklongen huet. Eleng de Wirtschaftswuesstem wäert d'Aarmut net bekämpfen, esou nach d'LSAP-Deputéiert.
E weidere Sujet am Background waren d'Pensiounen. D'Diskussioun soll ouni Tabue gefouert ginn a virun allem och mat jonken Acteuren, well et haaptsächlech ëm d'Zukunft vun der jonker Generatioun geet. Et ass net geplangt, engem eppes ewech ze huelen, huet de Marc Spautz däitlech betount.
Am Ufank vun der Diskussioun wier dat net esou erauskomm, huet d'Paulette Lenert fonnt. Eng Erhéijung vun der Mindestrent géing feelen. Déi, déi sech keng Zousazpensioun zum Beispill leeschte kënnen, dierfen net vergiess ginn.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.