De President vum Ieweschte Geriichtshaff a vum Verfassungsgeriicht Thierry Hoscheit war den Invité an der Emissioun Background am Gespréich.

Hie géing net soen, dass et zu Lëtzebuerg eng institutionell Kris wéinst dem Stater Heescheverbuet géing ginn, och wann inappropriéiert Saache gesot goufen. Dat sot de President vum Ieweschte Geriichtshaff a vum Verfassungsgeriicht Thierry Hoscheit op der Antenn als Invité am Background.

Et wär zu dësem Zäitpunkt nach net un him ze bewäerten, ob et en Heescheverbuet soll ginn oder net. Wuel éischter an der Cassatioun um Ieweschte Geriichtshaff kéint hien dann iergendwann mat enger entspriechender Affär befaasst ginn, huet den Thierry Hoscheit ze bedenke ginn. D'Leit sollte sech iwwer den Heescheverbuet hir Meenung maachen.

Eng Appreciatioun, ob déi Léisung, déi d'Regierung elo duerch eng Reform vum Code pénal envisagéiert, juristesch méiglech wär, wollt de renomméierte Riichter och net maachen.

Do misst een ofwaarden, wéi dat Gesetz konkret ausgesäit, an ob dat mat der Jurisprudenz vum Europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff iwwertenee stëmmt.

De Premierminister Luc Frieden hat am Kontext vun der Rechtssécherheet vun deem Verbuet sot, et géing nach keng Decisioun vun engem héchste Geriicht ginn. Dat bräicht et och guer net, widdersprécht de President vum Ieweschte Geriichtshaff an dem Verfassungsgeriicht. D'Decisioune vun all de Geriichter wäre signifikant.

Den Thierry Hoscheit huet weider ervirgehuewen, dass d'Procureure générale Martine Solovieff gesot huet, de Parquet géing seng Verantwortung iwwerhuelen, fir d'Situatioun kloerzestellen. Hie kéint sech dowéinst virstellen, datt zum Beispill de Fall vum grénge Politiker Christian Kmiotek géing opgegraff ginn, dee sech selwer wéinst Heeschen denoncéiert hat, mee hie kéint awer net Positioun fir de Parquet bezéien. Fir ze kontrolléieren, ob d'Gemengereglement konform mam Gesetz ass, wär a sengen Aen net d'Verfassungsgeriicht, mee éischter d'Cassatiounsgeriicht zoustänneg. Wann esou eng Affär, nodeems se déi aner geriichtlech Instanzen duerchlaf hätt, bei der Cour de cassation géing ukommen, da géing et ongeféier e Joer daueren, bis dass déi hir Decisioun geholl hätt.

Wéinst dem Heescheverbuet ware Regierung a Justiz tëschenzäitlech unenee geroden. Den Thierry Hoscheit wollt awer net vun enger institutioneller Kris schwätzen, dat ze maache wär iwwerdriwwen.

Senger Meenung no wären awer Aussoen iwwer d'Justiz gemaach ginn, déi net appropriéiert sinn.

Zum Beispill eng vum Stater DP-Gemengeconseiller Claude Radoux, dee Membere vum Parquet politesch Beweeggrënn reprochéiert huet. Fir esou eng Ausso géif et keng objektiv Elementer ginn, déi een dorop kéinte schléisse loossen. Eng juristesch Meenung wär eben net dat selwecht wéi eng politesch Meenung, esou huet den Thierry Hoscheit betount.

Vertrauen an d'Justiz

Et kann ee sech als 3. Pouvoir am Staat net einfach drop behaapten, dass d'Leit der Justiz vertrauen, betount de Riichter:

„Et muss ee selwer beweisen, dass een dat Vertraue verdéngt huet. Et muss ee seng Aarbecht gutt maachen, et muss ee gutt motivéiert Urteeler schreiwen, an ech betoune motivéiert, well et geet net duer, fir ze soen „Du hues Recht oder Du hues Onrecht". Et muss een dem Justiciabel dobaussen erklären, firwat dass e Recht oder Onrecht huet. Haaptsächlech awer deem, deen Onrecht huet, muss een erkläre firwat."

En aneren Aspekt wär dee vun den Delaien. Déi wären effektiv heiansdo laang. Dat hätt divers prozedural Grënn. Et géif awer och e ganz akute Manktem u Personal an der Magistratur ginn, esou den Thierry Hoscheit.

Personal- a Plazmanktem

D'Populatioun wiisst an automatesch och d'Geriichtsaffären.
Da misst et och méi Leit op de Geriichter ginn, déi d'Dossieren traitéieren.

Mä och d'Magistratur huet zanter Joren de Problem, net genuch a virun allem déi richteg Leit ze fannen.

Dem Thierry Hoscheit no kann dat ënnert anerem dru leien, dass de Beruff vum Magistrat fir jonk Juristen net attraktiv genuch ass. Am Privatsecteur géif et senges Wëssens no besser Paie ginn. Op mannst wären d'Opstigsméiglechkeete méi konkret. Dofir wären a groussen Affekotebüroe Woche mat 60, 70 Stonne keng Ausnam. An der Magistratur wären d'Horairë vill méi gereegelt.

Allerdéngs misst e Jurist vill Kompetenze matbréngen, fir Riichter kënnen ze ginn.

Et géif ee scho ferm driwwer nodenken, wéi een de Beruff fir gëeegent Quereinsteiger méi attraktiv ka maachen, ouni dass déi ganz ënnen an der Karriär nees missten ufänken.

Ouni nei Iddien a Weeër wär et net realistesch dat Zil vun 200 neie Rekrutementer bannent fënnef Joer ëmzesetzen. Dofir hofft den Thierry Hoscheit och, dass déi nei Justizministesch Elisabeth Margue déi néideg Recoursen dofir asetzt.

Elo schonn ass an der Cité judiciaire an der Stad keng Plaz fir déi 200 Riichterinnen a Riichter, déi do schaffen.

Do wär virun 20 Joer op e puer Plaze wuel verpasst ginn z'antizipéieren, gëtt den Thierry Hoscheit ze bedenken.

De President vum Ieweschte Geriichtshaff a vum Verfassungsgeriicht mécht sech aus praktesche Grënn staark fir en neie komplex baussent dem Stadkär. Och wann hie wéisst, dass de Käschtepunkt enorm wär.

ALIA

Den Thierry Hoscheit huet nach eng aner Kap op. Hien ass President vun der Medienopsiicht ALIA.

Dat wären zwou Funktiounen, souwuel President vum Ieweschte Geriicht a Verfassungsgeriicht, wéi President vun der ALIA, déi a kompletter Onofhängegkeet an Impartialitéit exerzéiert ginn. Fir den Thierry Hoscheit besteet absolutt keen Interessekonflikt.

Déi rezent Nouvellë mat seriöe Reprochë géint den Educatiounsminister Claude Meisch, misst ee senger Meenung no a vill méi engem vaste Kontext gesinn.

Do misst ee Presenz vun de soziale Medie mat a Betruecht zéien:

„Klassesch Medien, sief et Radio, Televisioun oder geschriwwe Press, déi hunn e responsabelen Editorial, dee gëtt eng Ligne éditoriale vir, wou d'Journaliste sech drun halen. Op de soziale Reseaue ka jiddereen, deen Internet huet, verëffentlechen, wat ëm grad an de Kapp kënnt. Deene Leit muss ee soen, si sollen oppassen, well och si sinn u verschidde Reegele gebonnen."

Et wär awer elo leider eng Zäit, a Reprochë soubal se op de soziale Reseaue gemaach ginn, un enger Persoun peche bleiwen. Egal ob se wouer oder falsch sinn. Virop wa se sech géint eng Persoun riichten, déi an der Ëffentlechkeet steet.

Dofir hätt d'ALIA gär och méi Kompetenzen am Beräich Internet, speziell wat d'sozial Reseauen ugeet. Dofir brauch een awer déi néideg Ressourcen, huet de President Thierry Hoscheit ze bedenke ginn.

Background am Gespréich: Thierry Hoscheit

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.