Lëtzebuerg ass e "Schlaraffeland"
"Lëtzebuerg ass an enger Course ëm d’Attraktivitéit vun senger Finanzplaz", sou ee Fazit vum Norbert Becker am Background am Gespréich.
Als Banquier, Assureur, Steierberoder, Gerant vu Gesellschaften, mee awer och vun de Biene vum groussherzoglechen Haff huet den Norbert Becker eng laang Biografie an hat entspriechend vill zu de Sujete Finanzplaz an Ekonomie ze soen. An hien hat e puer politesch Messagen.
Eegenen Aussoen no ass hien duerch an duerch liberal. Politesch huet hie Mol d'DP beroden, mee hie wier – op Rotschlo vum fréieren DP-Premier Gaston Thorn an de 70er Joren – ni politesch aktiv ginn. Trotzdeem sot den Norbert Becker, et wier a sengen Aen eng gutt Saach, datt d’CSV an d’DP mam Luc Frieden als Premier nees um Rudder sinn. A sengen Ae géing elo nees eng Politik gemaach ginn, fir d’Wirtschaft z’ënnerstëtzen.
De Nobert Becker, dee laang Joren an den USA fir d’fréier Auditfirma Arthur Andersen geschafft huet, sot seng Zäit am Ausland hätt et him erlaabt, mat enger gewëssener Distanz op Lëtzebuerg ze kucken. "Mir sinn e Schlaraffeland" (e Märcheland wou alles do ass, ouni mussen ze schaffen, nvdr), esou de 70 Joer ale Mann, deen nach an enger ganzer Rei Verwaltungsréit aktiv ass. Hien huet drop higewisen, datt Lëtzebuerg pro Awunner gekuckt dat räichste Land op der Welt wier. Hien huet bedauert, datt ee sech hei am Land géing "gäisselen" an alles kritiséieren – also selwer bestrofen. Den Norbert Becker huet gewarnt, et misst ee "gutt oppassen" op "Hexemeeschter", déi eng Décroissance oder kee Wuesstem priedege géingen an de Grand-Duché senger Meenung no nees zu engem "Grompere-Staat" wéilte maachen.
D’Realitéit, dat wier datt Lëtzebuerg als Standuert vill Konkurrenz vum Ausland hätt. Bei de Fongen zum Beispill, déi besonnesch wéinst Irland ënner Drock wieren. Et misst een oppassen, dass een déi Course net verléiert. Irland hätt, anescht wéi Lëtzebuerg, keng Taxe d’Abonnement, a keen Index. Eleng déi läscht Indextranchen hätten e Plus vun 8 Prozent an de Personalkäschte bedeit, wat sech direkt op d’Rentabilitéit vun de Fongen auswierke géing.
Wat d’Unzéie vun Talenter ugeet, wier een och a grousser Konkurrenz mam Ausland. D’Grouss-Regioun wier ofgegraast an antëscht misst een uechtert d’Welt rekrutéiere goen. D’Leit géingen natierlech kucken, wéi vill Netto hinne vum Brutto bleiwe géing: wann dat am Ausland méi wier, kéim kee méi heihinner. Hien huet d’LSAP a besonnesch de fréieren Minister Dan Kersch kritiséiert, dee géint verschidde steierlech Virdeeler war, fir Leit déi op Lëtzebuerg schaffe kommen. E Problem fir Leit unzezéien wier dann och de Logement.
D’Steiere fir d'Betriber missten dem Norbert Becker no progressiv op 15 % erofgesat ginn. E Paradäis wier Lëtzebuerg och a Punkto Verméigensverwaltung net. Datt vill Aktivitéit op der Finanzplaz ass oder vill Depositairen op Lëtzebuerg kommen, dat wier op e grousse Savoir-faire zeréckzeféieren: Banken a Affekotenetüden kéinte Kontrakter a quasi alle Juridiktioune vun der Welt maachen. De Steierberoder huet verséchert, datt Suen, déi zu Lëtzebuerg bei Banken oder a Liewensversécherungen deposéiert ginn, ëmmer schonn do besteiert goufe vu wou se kommen. Hie sot awer och: "natierlech wann Dir an engem Land eng Besteierung hutt vu 50, 60, 70 %, forcement da sichen d’Leit da Kanäl".
Wat d’Reglementatioun ugeet, wier et dem Norbert Becker richteg gewiescht se no der Finanz- a Wirtschaftskris vun 2008-2009 ze stäerken. Senger Meenung no géing se antëscht awer ze wäit goen an ënnert anerem de Kredit an domadder d’Ekonomie bremsen. Hien huet iwwerdeems dofir plädéiert, datt d’Reegele fir d’Banken ëmmer nees ugepasst ginn.
Hei kënnt Dir de Resumé vum Background kucken:
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.