4 Fraen a 4 ënnerschiddlech Prioritéiten an der Chamber
E Samschdeg waren déi véier nei Deputéiert Barbara Agostino, Claire Delcourt, Françoise Kemp a Joëlle Welfring an der Emissioun Background am Gespréich.
En vue vum Internationale Fraendag den nächste Freideg den 8. Mäerz waren e Samschdeg 4 méi oder manner "nei" Deputéiert an der Emissioun Background am Gespréich. D'Invitéeë waren d'Barbara Agostino (DP), d'Claire Delcourt (LSAP), d'Françoise Kemp (CSV) an d'Joëlle Welfring (Déi Gréng).
D'Aarbecht an der Chamber: Eng 20-Stonnen-Tâche?
Dass d'Aarbecht an der Chamber eng 20-Stonnen-Tâche ass, ass net méi zäitgeméiss. Et misst ee vill verschidde Sujeten ofdecken a mat der Zivilgesellschaft a Kontakt bleiwen. Dat géing vill Zäit kaschten. Dëser Ausso vun der fréierer grénger Ministesch Joëlle Welfring hunn déi aner Politikerinnen zougestëmmt. Et wier effektiv wichteg, sech och um Terrain anzeschaffen a sech an d'Dossieren eranzeknéien.
"Mir kënne jo net Experte si vun allem", esou och déi ganz nei LSAP-Deputéiert Claire Delcourt. Zu den Duebel-Mandater sot si, dass si frou wier, nieft der Chamber net nach eng aner Verflichtung ze hunn.
Et wier vill Aarbecht, fënnt och d'CSV-Deputéiert Françoise Kemp. Ma si gesäit hiert Duebel-Mandat, als Deputéiert a Gemengeconseillère zu Diddeleng, och als Chance. Duerch hire Posten op der Diddelenger Gemeng kéint si gutt de Lien tëscht der kommunaler an der nationaler Politik maachen.
D'Barbara Agostino vun der DP betount, dass et eng Ongerechtegkeet gëtt tëscht dem privaten an dem ëffentleche Secteur, wann een an d'Chamber gewielt gëtt. Wien am Privatsecteur schafft kritt nämlech keng Dispens, wéi dat bei de Staatsbeamten de Fall ass. Si missten also déi 20 Stonnen, déi si net an der Chamber sinn, och tatsächlech schaffen, esou d'Barbara Agostino. Wann een eppes mécht, misst een d'Zäit kréien, fir et gutt ze maachen, esou nach d'DP-Deputéiert.
Polemik ëm d'Heescheverbuet ass bedauerlech
Wat d'Heescheverbuet ugeet, esou bedaueren all d'Deputéiert, dass esou laang iwwert dëse Sujet debattéiert gouf. Vill Politiker, déi scho méi laang dobäi sinn, hätten et eigentlech solle besser wëssen, esou d'Claire Delcourt (LSAP), déi et och schlëmm fënnt, dass eng Regierung, déi d'Aarmutsbekämpfung als Prioritéit genannt huet, ënnert där mësslongener Form an op schwammegem juristeschem Buedem d'Heescheverbuet duerchgeboxt huet. Fir d'Barbara Agostino (DP) dierft een awer net vergiessen, dass verschidden Terminologien oder Iddie fréier nach duerchgaange sinn. D'Simone Beissel hätt sech awer fir hir respektlos Aussoen entschëllegt. Dat soll an Zukunft net méi virkommen an dat wieren op alle Fall net d'Wäerter vun enger DP.
D'Oppositiouns-Deputéiert Welfring (déi Gréng) huet betount, dass een als Politiker och eng Verantwortung hätt a puncto Terminologie. Grad an den haitegen Zäiten, wou op de soziale Medien duerno e Schnéiball-Effekt entsteet.
Et ass een ëmmer Minister: Dag an Nuecht
Zur Causa Meisch sot déi fréier Ministesch, dass ee sech als Minister am Grëff muss hunn. Och wann een als Mënsch natierlech eemol eng Gemittsreegung kéint hunn, sou hätt een a senger offizieller Funktioun als Minister e kille Kapp ze halen. Minister wier een eben Dag an Nuecht. Dofir wier déi ganz Situatioun bedenklech.
Prioritéite vun de 5 Deputéiert
→ Digitaliséierung
D'Mathematikerin Françoise Kemp (CSV) huet sech fir eng méi Date-baséiert Politik a méi Digitaliséierung ausgeschwat. Mat méi Donnéeë kéint ee besser soen, wou de Problem läit a wéi e misst ugaange ginn. An et kéint een duerno och besser d'Politik evaluéieren. Haten d'Gesetzer wierklech een Impakt? Wa jo, wat war den Impakt, erkläert d'CSV-Deputéiert. Och mat KI, der kënschtlecher Intelligenz, kéimen nei Erausfuerderungen, mee och Chancen op d'Allgemengheet duer.
De Manktem un Donnéeë wier och e groussen Defizit an der Medezin. Grad fir d'Fraen géing dat zu Inegalitéite féieren. Ganz vill vun de Medikamenter géinge fir Männer entwéckelt ginn. Dacks géing ee guer net wëssen, wéi se sech op Fraen auswierken, gëtt d'Joëlle Welfring (déi Gréng) ze bedenken.
→ Simplification administrative
D'Digitalisatioun ass och e wichtege Volet, fir déi administrativ Prozeduren ze vereinfachen. Dat ass fir d'Joëlle Welfring eng Prioritéit. Am Ëmweltberäich hätt si scho verschidde Mesuren op de Wee bruecht, fir an de Verwaltunge méi einfach a séier kënnen ze schaffen. An der Gréngzon bräicht een elo och fir vill Aktivitéiten zum Beispill keng Autorisatioun méi. Mee et misst een zilorientéiert schaffen an net vereinfachen, fir ze vereinfachen. Et misst een ëmmer ofweie wat een zouléisst a wat fir een Impakt dat duerno op d'Natur huet.
→ Hëllef fir Betriber
Fir d'Barbara Agostino (DP) ass et wichteg, dass d'Chamber jidderee representéiert. "Näischt géint d'Staatsbeamten, näischt géint d'Juristen", mee dës Beruffssparte géingen awer net dat ganzt Vollek representéieren. Als Independante, aktuell Foraine a fréier Proprietärin vun 22 Crèchen wéisst si wéi schwéier et dacks fir d'Patrone wier. Aktuell wier et e groussen Defi, fir qualifizéiert Leit ze fannen. Och den Absenteismus beim Personal géing an d'Luucht goen. Also vill Leit, déi sech reegelméisseg fir een Dag ofmellen an doheem bleiwen. Dofir stéing si och hannert der Fuerderung vun der Fedil, der Chambre des métiers an der Handwierkerfederatioun, fir e Karenz-Dag anzeféieren. A Frankräich wieren dat souguer 2 Deeg an et misst een ëmmer drun denken, dass et een Ënnerscheed wier ob an engem grousse Betrib ee Salarié feelt oder an engem Betrib, wou just 6 Leit schaffen.
→ Bekämpfung vu Kanner-Aarmut
Fir d'Claire Delcourt (LSAP) ass d'Aarmutsbekämpfung virop bei de Kanner eng Prioritéit. Si wier erféiert gewiescht, dass hei am Land 1 vu 4 Kanner dem Aarmutsrisiko ausgesat wier. D'Fro wier op et genuch Mesurë gëtt, fir deene Kanner ze hëllefen. Et géing e Revis gi fir Monoparentauxen, gratis Kannerbetreiung, gratis Schoulbicher an och de Mindestloun wier an d'Luucht gesat ginn, mee iergendwéi géingen déi Mesurë jo wuel net do ukommen, wou se missten, kritiséiert d'LSAP-Deputéiert. E grousse Problem wier och, dass d'Leit Hëllef ze gutt hätten, mee dës net géingen ufroen. Et misst erausfonnt gi firwat an da bräicht et eng interministeriell Zesummenaarbecht, fir de Problem ze léisen. Et kéint ee sech e Beispill un Neiséiland huelen, sou d'Deputéiert.
→ Biergerbedeelegung
Punkto Biergerbedeelegung ware sech all d'Deputéiert eens, dass et weider Efforte brauch, fir d'Bierger mat anzebannen. De Biergercomité oder de Klimabiergerrot wiere gutt Initiative gewiescht, mee et misst een dës institutionaliséieren. Zum Beispill andeems ee se un d'Chamber hänkt a Form vun engem permanente Comité, sou d'Joëlle Welfring. Dat wier allerdéngs fir dës Regierung keng Prioritéit.
Weltfraendag: Sech weider fir Fraerechter asetzen
Et wier ëmmer nach wichteg, fir d'Rechter vun de Fraen op d'Stroossen ze goen. Do ware sech all d'Deputéiert eens. Si géingen och all nächste Freideg den 8. Mäerz bei der Marche féministe matgoen, ausser d'Barbara Agostino (DP), déi net do wier, mee soss awer matgaange wär. Frae wieren nämlech nach ëmmer ënnerrepresentéiert an der Politik, an de Verwaltungsréit an op héije Positiounen. An et géingen och nach ëmmer grouss Inegalitéite ginn, notamment bei de Pensioune vu Fraen a Männer.
D'Barbara Agostino (DP) plädéiert dofir, dass och Frae sech selwer géigesäiteg besser ënnerstëtze missten. Hir Partei wier zwar géint eng Frae-Quot, mee si perséinlech géing awer och eng Necessitéit gesinn. D'Claire Delcourt (LSAP) ënnersträicht, dass een duerch eng Quote iwwerhaapt emol géing doriwwer nodenken, ob et eventuell och eng Fra géing ginn, déi de Poste kéint besetzen.
"Fraerechter si Mënscherechter an dat ass keen Acquis", sou d'Joëlle Welfring. Et misst ee sech ëmmer nees dofir asetzen an och an engem méi breede Kontext fir ganz verschidden Deeler vun eiser Gesellschaft. Also och fir non-binär Leit an och géint de Rassismus.
Et bräicht ee méi Initiativen, wou Meedercher sech mat Fraen a Féierungspositiounen identifizéiere kënnen, sou wéi "Women and Girls in Science", fënnt d'Françoise Kemp (CSV). Et misst een onbedéngt de Stereotyppen an de Schoulbicher entgéintwierken. D'CSV-Deputéiert fënnt och, dass et sou laang eng Quote bräicht, bis mer op deem Punkt sinn, dass mer keng méi brauchen.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.