E Samschdeg war d'Gesondheetsministesch Martine Deprez eis Invitée an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

"Ech fille mech gutt opgehuewen an hu vill Iddie fir déi nächst Joren", dat sot d’Gesondheets- a Sécurité-sociale-Ministesch Martine Deprez e Samschdeg de Mëtteg als Invitée am Background. Op déi rezent Turbulenze bei der Caisse Médico-Complémentaire Mutualiste - kuerz CMCM - ugeschwat, huet d'CSV-Politikerin sech bedeckt gehalen. Et wier kee politesche Problem, mee ee vun der Gouvernance. Een Audit wier aktuell net geplangt. De Fall vu verschidden Dokteren, déi hire Clienten zousätzlech Fraise verrechent hunn, kéim elo virun d'Commission de surveillance. Si kéint der Decisioun vun deem onofhängege Gremium net virgräifen. Nächste Méindeg soll awer eng Entrevue tëscht der Ministesch an den Doktere sinn.

Background am Gespréich mat der Martine Deprez

Ee grousse Sujet vun deenen nächste Jore wieren d'Finanze vun der Gesondheetskeess. Et misst een d'Fraise vun der CNS ënnert d'Lupp huelen. An Zukunft solle just nach Leeschtunge bezuelt ginn, déi kranke Leit zegutt kommen. Aner Fraisen, beispillsweis administrativer, sollten aus dem Budget vun der CNS erausgeholl an iwwert aner Weeër vum Staat bezuelt ginn. Wat de Parcours vun engem Patient ugeet, wier et wichteg, datt de Generalist deen éischten Uspriechpartner ass. Och wann de Patient un ee Spezialist weiderverwise gëtt, sollt de Generalist iwwert de weidere Verlaf informéiert ginn. Gläichzäiteg géing een awer och feststellen, datt ëmmer méi Leit kee festen Hausdokter hunn. Ee Moyen, fir deem entgéintzewierken, kéint sinn, datt d'Gemengen neie Bierger eng Lëscht mat Generalisten zur Verfügung stellt.

Vill Diskussioune gouf et an deene leschte Wochen iwwert eng méiglech Pensiounsreform, déi d'Martine Deprez selwer an d'Spill bruecht hat. Ganz ouni Emotiounen dierften déi Gespréicher wuel net oflafen. Fir ee méiglechst breede Konsens ze areechen, géing an engem éischte Schrëtt eng breet Consultatioun gemaach ginn. Et kéint een u ganz ville klenge Schrauwen dréinen. Ob éischter op der Säit vun den Depensen oder där vun de Recetten ugesat soll ginn, do wollt sech d'Ministesch net an d'Kaarte kucke loossen. Si huet awer kloer gemaach, datt déi Leit, déi aktuell eng Pensioun kréien, näischt wechgeholl solle kréien. Och all déi bis elo geleeschte Schaffjore géingen net ugepaakt ginn. Fir dat ze evitéieren, misst een awer lo ufänken, de System ze iwwerschaffen.

De Mënsch soll am Mëttelpunkt vum Gesondheetssystem stoen. Do géing och d'Preventioun eng wichteg Roll spillen. D'Martine Deprez huet sech optimistesch gewisen, datt sech ëmmer méi Leit doriwwer bewosst wieren, wéi wichteg ee gesonde Liewensstil ass. Mat Bléck op déi mental Gesondheet, wieren an der Lescht Efforte gemaach ginn, zum Beispill duerch een neit Schoulfach. Wat d’Schoul betrëfft, wier et de klore Constat, datt ëmmer méi Kanner Opfällegkeete géinge weisen. Dowéinst wéilt een an Zukunft manner op systematesch Kontrolle setzen, mee éischter d'Gespréich mat de Kanner sichen. Gläichzäiteg missten awer och d'Eltere verstäerkt mat an d'Boot huelen.

Eng Gefor fir d’Gesondheet vu virun allem Kanner wieren iwwerdeems déi sougenannten Nikotinsäckelcher. Dës kéinten nämlech zu Ofhängegkeete féieren. Dowéinst soll hiren Nikotingehalt op e Minimum reduzéiert ginn.

RTL

© Morgan Doux / RTL

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.