"Gewerkschafte ginn ëmmer gebraucht, a Krisenzäiten nach méi"
No de Sozialwalen ass d’Muecht vun de Gewerkschaften um Samschdeg eist Thema am Background.
Iwwer déi éischt Méint vun der neier Regierung kéint een nach net all ze vill soen, well a ville Beräicher nach näischt Konkretes ëmgesat gouf. Do si sech déi 3 gréisst Gewerkschaften eens. D‘Presidentin vum OGBL Nora Back, de President vum LCGB Patrick Dury an de President vun der CGFP Romain Wolff waren e Samschdeg Invitéen an der Emissioun Background.
“Onéierlechkeet sonnergläichen”, datt virun de Walen d’Pensioune keen Thema waren
Beim Thema Logement weist de Patrick Dury sech awer enttäuscht iwwert dat, wat bis ewell decidéiert gouf. Hei géif just eppes fir Investisseure gemaach ginn, mä et wier keng nohalteg Verbesserung fir d‘Situatioun um Wunnengsmaart, respektiv am abordabele Logement, en Vue. Dem Romain Wolff no, wier et onéierlech virun de Walen net iwwert d‘Pensiounen ze schwätzen an duerno z‘annoncéieren, et wéilt een de Pensiounssystem komplett op de Leescht ze huelen.
Fuerderen d’Gewerkschaften ze vill?
Kriticken, dass Gewerkschaften zum Beispill ze stuer wieren oder un Acquise géife festhalen egal wat d'Argumenter dogéint sinn, kéimen an der Haaptsaach vun deenen, déi d‘Syndikater wéilte schwächen, fënnt d'Nora Back a léist deemno sou Aussoen net gëllen. Si wiert sech och géint d‘Behaaptung, dass et der Ekonomie schlecht geet wéinst dem Index. De Patrick Dury verweist do op d‘Ausland, wou reegelméisseg gestreikt gëtt fir d’Paien an d’Luucht ze setzen an d'Aarbechtskonditiounen ze verbesseren. Dass dat hei net de Fall wier, wier ënnert anerem op den Index zeréckzeféieren. An eben de Lëtzebuerger Sozialmodell.
Ganz schwiereg Diskussiounen iwwer de Rentesystem annoncéieren sech
Och beim Thema Pensioune waren sech déi 3 Gewerkschaftler eens. Mir akzeptéieren keng Verschlechterung vun eisem Pensiounssystem, esou d‘Nora Back. Laangzäitprognose fir den aktuelle Rentesystem gesäit den OGBL dann och ganz skeptesch. Déi hätten sech an der Vergaangenheet ëmmer als falsch erausgestallt. Et wier ee wuel dialogbereet, mä wiert sech awer géint eng Privatiséierung vum Pensiounssystem, erkläert de Romain Wolff. De Patrick Dury stellt fest, dass dës Diskussiounen net nei wieren. Genee wéi d‘Nora Back, hält hien näischt dovun de System méi op déi privat Renteversécherungen auszeriichten. Virop hätt ee sech op Gewerkschaftssäit awer gewënscht, dass iwwerhaapt emol mat hinne geschwat gi wier.
Fräi Lëschten – Konkurrenz fir d’Gewerkschaften?
Den Haaptkonkurrent vun de Gewerkschaften sinn déi Leit, déi net Member an enger Gewerkschaft sinn, esou de Patrick Dury, zum Thema vun de fräie Lëschten, déi bei de Sozialwalen a ville Betriber gutt Resultater haten. Grad an de grousse Betriber wieren d‘Gewerkschafte awer gutt vertrueden a méi staark wéi déi neutral, betount och d‘Nora Back. D’Handwierker-Federatioun hätt elo mat engem freche Communiqué nees versicht ze weisen, datt een d’Gewerkschafte guer net brauch. Wat awer natierlech net de Fall wier.
Sozialnäid tëscht Staat a Privatsecteur bréngt näischt
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.