E Samschdeg war de Max Hahn eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Lëtzebuerg ass op Main d’œuvre aus dem Ausland ugewisen, mee et misst ee kucken, dass ee Flüchtlinge besser integréiert. De Familljeminister Max Hahn plädéiert dofir, dass een net eréischt mat der Integratioun ufänke soll, wann de Statutt vum Flüchtling kloer ass, mee scho virdrun. Et misst een do schonn d’Leit fir d’Aarbechtswelt fit maachen, zum Beispill och iwwert Sproochecoursen.

All Joer géingen eng 6.500 Leit an d’Pensioun goen, iwwerdeems der eng 6.000 aus dem Schoulsystem zu Lëtzebuerg kéimen. Also net genuch, fir déi 20.000 Aarbechtsplaze pro Joer ze besetzen. Fir déi aner 13.500 Plazen ze fëllen, fir d’Integratioun vu Migranten essentiel. Schliisslech wier de Baseng vun de Frontalieren iergendwann ausgefëscht. 
 
Net Migratioun géint Hëllef fir Lëtzebuerger ausspillen 
 
Den DP-Politiker huet betount, et dierft ee Migratioun a Sozialpolitik fir d’Residenten net géinteneen ausspillen. Dass Lëtzebuerg solidaresch mat Leit ass, deenen et net esou gutt geet, géif net heeschen, dass ee fir d’Residenten näischt maache géif. 
 
Méi Congé parental
 
De Max Hahn huet betount, dass een d’Zäit an der Sozialpolitik net géif zeréckdréien. Am Géigesaz hätte Blo—Schwaarz elo schonn eng ganz Rëtsch nei Mesuren entaméiert. 
Beim Congé Parental kéim elo eng weider Optioun dobäi: Soudass een eng Pai vun den aktuell 6 Méint op 9 Méint kéint opdeelen, an domat méi laang doheem beim Kand bleiwe kéint.
Ausserdeem soll et an Zukunft méiglech sinn, dass Elteren zousätzlech zu den aktuelle Mesuren nach kënne 4 Stonne pro Woch onbezuelt Congé huelen, fir méi bei hirem Kand ze sinn, bis dass et 13 Joer al ass. Dat wier de sougenannten “temps partiel familial”. 
 
Méi Kannergeld

Beim Kannergeld géif de Montant dann och no uewen adaptéiert ginn, hei wier et e plus vu 26 Euro fir e Kand vu 6 Joer, respektiv 56 Euro fir eent vun 12 Joer. Am Kampf géint Aarmut betount de Max Hahn, dass an Zukunft Revis-Empfänger automatesch déi Aiden zousätzlech ausbezuelt kréien, wou se d’Konditioune souwisou erfëllen. Dat géif och an den Administratioune vill Zäit a Pabeier spueren. 
Ausserdeem huet de Max Hahn op déi steierlechen Entlaaschtunge vum nächste Joer un higewisen.

Méi Hëllefe fir Senioren

Bei de Seniore wier et Zil, dass jidderee sech eng Plaz an enger Wunnstruktur leeschte kéint, wann en dat wéilt. Do géif de Staat an Zukunft mat enger Allocatioun complementaire wëllen ënnert d’Äerm gräifen. Do géif de Ministère bis e Mëttelpräis hëllefen. De Max Hahn huet do eng Zomm vun ongeféier 3.500 Euro an de Raum gestalt, bis déi Seniore kéinte gehollef kréien. Da kéim nach Hëllef fir déi sougenannte Biens de première nécessité. Ausserdeem géif et en Täschegeld vun ongeféier 600 Euro. Domat géifen d’Käschten an d’Luucht goen, dat léich am “eestellege Milliouneberäich”. 
 
Wie bezilt d’Pensiounen? 
 
De Max Hahn  schwätzt sech hei fir eng breet ëffentlech Debatt aus, ouni ze séier eng Decisioun ze huelen. Et misst ee kucken, elo Mesuren ze huelen, déi manner staark wieren, wéi wann ee sech géif méi Zäit loossen. Deementspriechend wier och lo nach net kloer, wou et higeet, ob manner Rent oder méi laang schaffe goen.

Op d’Fro, ob dru geduecht gouf, un de Régime transitoire fir Staatsbeamten ze goen, déi virun 1999 agestallt goufen, do sot de Max Hahn, dee Besoin wier “sécherlech méi kleng”.

Background am Gespréich mam Max Hahn

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.