De Konflikt am Noen Osten war Theema am Background am Gespréich dëse Samschdeg.

Wann een dovun ausgeet, dass dat ursprénglecht Zil Revanche vun der Attack de 7. Oktober war, da muss ee soen, dass Israel iwwer d‘Zil erausgeschoss huet, esou den Affekot a Mënscherechtsexpert Frank Wies. Hie war nieft dem Henri Grün vum Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient an dem Gusty Graas als President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun haut Invité an der Emissioun Background. Aktuell géifen d‘Aktioune vun Israel an der Gaza-Regioun a Richtung vun engem Genozid goen, esou de President vum Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient, den Henri Grün.

Déi grouss Fro derhannert wier awer déi ob et eng Intentioun fir e Vëlkermord gëtt oder net, präziséiert de Frank Wies. Deemno misst ee mam Term Genozid ganz virsiichteg ëmgoen. Den internationale Geriichtshaff huet awer festgestallt, dass et an der Gaza-Regioun Elementer vu Genozid ginn. Dorënner, dass méi wéi 90 Prozent vun der Populatioun ënnert enger Hongersnout leiden – wéi d‘Weltgesondheetsorganisatioun matdeelt.

Och fir de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Gusty Graas stellt sech d‘Fro vun der Proportionalitéit. D‘Konsequenze fir déi palestinensesch Populatioun wieren antëscht esou schlëmm, dass Israel riskéiert sech politesch z‘isoléieren. Haut kéint een Israel net méi ouni Aschränkungen de Réck stäipen.

De Konflikt wier an eng nei Phas getrueden, esou de Gusty Graas. Dass d‘USA sech elo eréischt méi kritesch äussere vis-à-vis vun Israel, wier ze verstoen, vu déi historesch Lienen tëscht béide Länner. De Gusty Graas geet awer och dovun aus, dass am Gespréich tëscht Biden an Netanjahu och iwwer Waffeliwwerunge Rieds war. Anescht wier d‘Ouverture vum Netanjahu fir méi humanitär Hëllef an der Gaza-Sträif net z‘erklären.

D‘Ruge vum US-President Joe Biden dës Woch fir den israelesche President Benjamin Netanjahu kënnt, dem Henri Grün no, ze spéit. Et hätt Doudesaffer vun enger amerikanescher Hëllefsorganisatioun gebraucht, fir dass den Toun vun den USA vis-à-vis vun hiren Alliéiert sech verschäerft, bedauert och de Frank Wies.

Den Henri Grün huet betount, dass nieft Israel och d‘Palestinenser e Recht op Selbstverdeedegung hunn. Dat Recht hätt jiddereen, esou de Frank Wies. Ma eng Zivilbevëlkerung kéint ni Zil vun enger Selbstverdeedegung sinn. De President vum CPJPO huet awer zouginn, dass d‘Hamas-Memberen sech an der Gazasträif a virun allem elo am Süden an der Stad Rafah express ënnert d‘Zivilisten mëschen. Allerdéngs wär dat dem Henri Grün och d‘Konsequenz dovun, dass d‘Gazasträif e Käfeg wär.

D‘Invitéen waren sech eens, dass et net kloer ass, wou den Ufank vun dësem Konflikt ass. Gläichzäiteg misst d‘Geschicht vum Konflikt mat consideréiert ginn, wann een iwwert déi aktuell Evenementer schwätzt.

De Gusty Graas ass net zefridde mat der EU, well se an der Aussepolitik ze dacks net mat enger Stëmm schwätzt. Dofir misst de Prinzip vun der Unanimitéit am Beräich Aussepolitik ofgeschaaft ginn. D‘EU misst méi staark ginn a besser gehéiert ginn, an da kéint si och en Input bréngen z.B. wat humanitär Hëllef ugeet.

Allgemeng huet sech déi Lëtzebuerger Positioun net geännert, notamment ass de Grand-Duché fir eng Zwee-Staate-Léisung, erkläert de Gusty Graas. Lëtzebuerg misst och de Staat Palestina unerkennen, fënnt iwwerdeems den Henri Grün. Elo zu dësem Ament wär dat dem DP-Politiker no onméiglech. Ma och eng Zwee-Staate-Léisung wier aktuell awer just eng Utopie, mengt de Frank Wies.

D‘Regierung an d‘Chamber fuerderen offiziell eng direkt Wafferou, huet de Gusty Graas nach betount.

Positiv wier, dass Lëtzebuerg am UN-Mënscherechtsrot fir eng Resolutioun gestëmmt huet, déi fuerdert, dass keng Waffe méi un d‘Konfliktpartner geschéckt ginn, huet den Henri Grün betount.

Ouni Sanktioune géint Israel, géif sech näischt änneren, erkläert den Henri Grün. Israel géif systematesch internationaalt Recht briechen, ouni dass et dofir Konsequenze gëtt.

Déi vill Kollateralschied an der Gaza-Regioun wieren net ze rechtfäerdegen, esou de Gusty Graas.

Och wann deen aneren sech net un d‘Krichsrecht hält, misst een dat awer selwer maachen, erkläert de Frank Wies. Am Zweiwel dierft ee keng Attacke maachen, wann de Risiko besteet, dass ze vill Zivilisten dobäi kéinten ëm d‘Liewe kommen.

Kritik vum Henri Grün koum och dorun, dass Israel kënschtlech Intelligenz notzt fir de Choix fir Ziler vun Attacken.

Fir aus dëser Sakgaass vum Konflikt erauszekommen, misst eng Perspektiv fir d‘Palestinenser opgemaach ginn, fënnt den Henri Grün. Geiselen a Prisonéier missten ausgetosch ginn.

Den Dialog misst ëmmer bestoe bleiwen, fënnt de Gusty Graas. Déi gréisst Erausfuerderung wier ze definéieren op wéi enger Basis een diskutéiert. Eng vun de gréissten Diskussiounen dierft ronderëm déi israelesch Siedlungspolitik entstoen. Déi huet d‘Chamber scho condamnéiert.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.