"Ech gesi mech als Knouterkëscht"
E Samschdeg war d'Ombudsman eis Invitée an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Si wier traureg wa si misst ophalen, seet d'Ombudsman Claudia Monti, déi just nach ee Joer vun hirem Mandat viru sech huet. Si war Invitée hei op der Antenn am Background. 8 Joer géinge méi séier ëmgoe wéi si gemengt hätt a si wier frou gewiescht, géing gutt mat hirer Equipe zesumme schaffen. Den Ombudsman wier en Job, wou een all Dag bäiléiert. Et wier awer och gutt, datt de Poste reegelméisseg wiesselt, well et géing een en Automatismus kréien, deen net onbedéngt ëmmer hëllefräich wier. Op enger Partie Punkte géing si sech nach wënschen, datt virum Enn vun hirem Mandat sech eppes deet, sou d'Claudia Monti. Dat wier um Niveau vum Ausbau vun de Kompetenze vum Ombudsman, dem Jugendschutzgesetz, den Tutellen an engem Jugendprisong. Wat si och no 7 Joer op hirem Posten nach ëmmer géing schockéieren, a wou si och keng Léisung hätt, wier d'Wunnengsnout. Jidderee géing op der Streck bleiwe beim Logement, sot d'Claudia Monti, déi gewarnt huet, datt een net sollt Flüchtlinge géint aner Residenten ausspillen.
D'Leit hunn haut méi Angscht
D'Situatioun zu Lëtzebuerg wier net "sou roseg" wéi se war, sou d'Ombudsman. Virun 20 Joer wier vläicht net alles besser gewiescht, awer méi bëlleg. Gläichzäiteg wieren d'Onsécherheeten um Aarbechtsmaart geklommen. Aarbechtsplazen, déi als sécher gegollt hunn, wieren et net méi, et géing a Secteuren ofgebaut ginn, wou dat virdrun net de Fall war. Doduerch géingen och méi Leit a schwiereg Situatioune kommen.
D'Claudia Monti proposéiert, datt d'Geriichter d'Méiglechkeet kréien, fir Affäre bei den Ombudsman ze schécken. Dat ënnert anerem well et op de Geriichter laang Delaie ginn. Déi Iddi wier och vun der Magistratur gutt opgeholl ginn a sou wäit si matkritt hätt, wier och schonn doriwwer geschwat ginn.
Ee grousst Thema, wéinst deem d'Leit sech beim Ombudsman mellen, sinn d'Steieren. Vill Demandë géingen et zum Beispill ginn, well d'Leit hir Steiererklärung net mat Zäiten oder net ganz eraginn, oder den Delai verpasst hu fir ze kontestéieren. Wann d'Steierverwaltung géing mierken, dass se net genuch kritt hätt, kéint se dat zu all Ament reevaluéieren, ma fir d'Leit géingen et awer Delaie ginn. Si géing dat net richteg fannen, an hiren Aen misst de Legislateur de Kader klären.
D'Zuel vun Dossiere beim Ombudsman wier aktuell héich, sou dass een d'Leit zum Deel misst 3 Woche bis e Mount waarde loossen. Et misst een do Prioritéite setzen, sou d'Claudia Monti, an huet als Beispill genannt, datt eng Persoun déi schonn eng Zäit hir Pensioun net krut séier muss gehollef kréien. Si géing awer och nach Personal bäikréien.
Si wier net déi gréisste Fan vun der Digitalisatioun, sot d'Ombudsman. Digitalisatioun sollt effizient agesat ginn an do si fir de Leit hiert Liewe méi einfach ze maachen. Dee mënschlechen Aspekt misst awer bleiwen, et missten och nach ëmmer Guichete ginn.
D'Psychiatrie brauch dréngend méi Personal
D'Claudia Monti ass och nach ee mol op hire Rapport iwwert d'Kanner- a Jugendpsychiatrien agaangen, deen dës Woch virgestallt gouf. Si géing den therapeutesche Sënn net verstoen, datt Kanner als Mesure fir se ze berouegen an eng Decke gewéckelt ginn, op de Bauch geluecht ginn a vun 3 Persoune fixéiert ginn. Dat géing awer an der Kannerpsychiatrie gemaach ginn, wou Kanner vun 0 bis 12 Joer sinn. Et hätt ee keng Erklärung dozou kritt. Dofir géing hir Equipe elo bei engem neutralen Expert nofroen, fir eng Evaluatioun zu där Praxis. Si géing sech froen, ob dat d'Kanner net géing traumatiséieren an ob si déi Moossnam net als Strof verstinn, esou d'Claudia Monti. E Problem wier och de Manktem u Personal an de Kanner- a Jugendpsychiatrien, d'Politik misst do reagéieren a Personal zur Verfügung stellen. Et kéint net sinn, datt wéinst Personalmanktem Kanner a Jonker zum Beispill net kéinten op d'mannst eng Stonn den Dag raus an d'frësch Loft goen. D'Psychiatrie géing hir besonnesch um Häerz leien, well déi déi do ënnerbruecht sinn dacks géinge vergiess ginn.
"Bonne note" fir d'Unisec
Zanter dem ganz kritesche Rapport vum Claudia Monti an dem Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit virun zwee Joer iwwert déi sougenannt Unité de sécurité, d'Unisec zu Dräibuer, hätt sech d'Situatioun do definitiv verbessert. Den zouene Strofvollzuch fir Mannerjäreger hätt Personal bäikritt, Personal dat och méi op Deseskalatioun géif setzen. D'Infrastruktur wier gréisstendeels gefléckt ginn an och Konzept iwwerschafft. Si hätten dem Direkter deemools eng schlecht Nott ginn, deen hätt elo awer eng "bonne note" verdéngt. Och wann nach net alles roseg wier, sou d'Claudia Monti.
Mat der Ouverture vum Prisong fir Untersuchungshäftlingen um Uerschterhaff hätt sech d'Situatioun fir d'Prisonéier zu Schraasseg och verbessert. Ganz einfach, well ee méi Plaz hätt. Verbesserungspotential gesäit d'Claudia Monti nach ëmmer um Niveau bei de Fraen. Zum Beispill um Niveau vun den Atelieren respektiv fir Sport kënnen ze maachen.
Kompetenzerweiderung léisst op sech waarden
Zanter 20 Joer gëtt vun de Concernéierte gefrot, datt den Ombudsman Kompetenze soll bäikréien. D'Mediateure wéilt virun allem och kënnen a privatrechtlech Haiser kucke goen, wéi zum Beispill Altersheemer, "Ateliers protégés" oder Strukturen fir Leit mat engem Handicap. D'Politik wier och prinzipiell domadder averstan. Just an der Praxis hätt sech nach ëmmer näischt gedon.
Konkret un d'Justizministesch huet d'Claudia Monti awer war et d'Fuerderung beim Jugendschutzgesetz an de Jugendprisong endlech Neel mat Käpp ze maachen. Vläicht nach virum Enn vun hirem Mandat am Abrëll d'nächst Joer.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.