Invité dëse Samschdeg ass de gréngen Député-Maire Camille Gira.

Onëmgängleche Sujet ass d'Situatioun vun de Staatsfinanzen an d'Fro, wéi een do soll entgéintsteieren. Wou soll gespuert ginn, wéi solle nei Recetten erakommen?

Aner Stéchwierder sinn den Aarbechtsmaart, d'Schoulreform, den ëffentlechen Déngscht, d'Landesplanung an natierlech d'Ëmwelt.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.