E Samschdeg war d'Elisabeth Margue eis Invitée an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Eng modern an effikass Justiz steet fir d'Ressortministesch Elisabeth Margue ganz uewen op der Lee.  Fir déi aktuell Probleemer beim Fonctionnement vun der Justiz géif et e puer Grënn, esou d'CSV-Ministesch e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background.

Ënner anerem well d'Zuel vun den Affären eropgaangen ass, feelt et bal iwwerall u Personal. Iwwert déi nächst 6 Joer sollen dofir 200 Magistrateposte geschaf ginn. Um Plan pluriannuel vun der Virgängerin Sam Tanson Margue géif festgehale ginn. Da soll eng Zort Pool geschaf ginn, mat deem de Conseil national de la Justice déi Leit do asetze kann, wou se gebraucht ginn. An Zukunft sollen net just Affekoten, mä och méi Juristen Accès an d'Magistratur kréien.

E weideren Hiewel wier et, fir d'Prozeduren ze vereinfachen a weider Delaien ze schafen, fir zivil an administrativ Prozeduren. D'Zil wier et, dass Affäre sech net éiweg laang kënne gezu ginn. Och fir d'Experte gëtt et zënter kuerzem Delaien, wou elo gekuckt géing ginn, ob dat och an der Praxis klappt oder ob do muss nogebessert ginn. Parallel soll de Justizapparat weider digitaliséiert ginn.

De Prinzip vun der Comparution immediate wëll d'Ministesch ëmsetzen awer net onbedéngt esou nennen. Et géif sech un eisen Nopeschlänner inspiréiert ginn. Et géif awer net dorëms goen, Leit bannent Stonne viru Geriicht ze bréngen. Der Elisabeth Margue no sollen déi Affäre bannent e puer Wochen traitéiert ginn an och souwisou just, wann déi concernéiert Persoun d'accord ass. Dat Ganzt soll dann der Ministesch no net méi "comparution immédiate", mä éischter "procédure accélérée" genannt ginn.

Da kéint verstäerkt op alternativ Jugementer gesat ginn, déi aussergeriichtlech gereegelt kënne ginn, via Arbitrage, oder Mediatioun.

D'Cité judiciaire ass ze kleng. Dofir gëtt an der Ëmgéigend weider no Raimlechkeete gesicht. Ënner anerem ginn d'Nationalbibliothéik an e Gebai vun der Steierverwaltung fir d'Justiz reamenagéiert. Eng laangfristeg Léisung wier dat net. De Choix vum Standuert matten an der Stad stellt d'Ministesch zwar net a Fro, ma et misst iwwer déi nächst Joren eraus geduecht ginn.

A Punkto Jugendschutz- a Jugendstrofrecht huet d'Ministesch wëlles, nach dëst Joer dofir ze suergen, dass Lëtzebuerg konform ass mat internationalen Texter. Et géifen och éischt Pläng fir e Jugendprisong zu Dräibuer, wou déi Concernéiert adequat sollen encadréiert ginn.

Déi lescht Méint wier vill doriwwer diskutéiert ginn, ob déi einfach Heescherei verbueden ass oder net. Hiert d'Zil ass et, elo do Kloerheet ze schafen, sou d'Elisabeth Margue.

Déi einfach Mendicitéit soll aus dem Code pénal eraus an dat soll de Legislateur maachen. Parallel soll eng méi generell Reform gemaach ginn, wou verschidden Dispositiounen ofgeännert ginn, respektiv gestrach ginn.

Background am Gespréich mat der Elisabeth Margues

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.